Recent Posts

Post Categories

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...

Blog Post

Satir

De Fall Wilmes: gëtt aus eiser Monarchie definitiv eng Banannerepublik? 

De Fall Wilmes: gëtt aus eiser Monarchie definitiv eng Banannerepublik?
Image par Ryan McGuire de Pixabay

Esou guer deen, dee säi Verstand am Frigo leie gelooss huet, misst matkrut hunn, datt et am Fall Wilmes ëm méi geet ewéi ëm medezineschen Hexenzauber. Vun Ufank un gouf e juristeschen Axiom duerch d’Piffkaul geschleeft, mat un der Ketten hannendrunn de beschëllegten Dokter.. Den Axiom:  jidder Beschëllegten ass esou laang onschëlleg, bis datt de Géigendeel feststeet, ass neierdéngs fir ze laachen….wann et net fir ze kräische wier.  De concernéierten Dokter ass medezinesch a mënschlech zur Sau gemaach ginn. Seng Kolleegen aus fréieren Zäiten à la Hyde a Frankenstein stinn am Verglach wéi bluddeg Ufänger do!

Image par Loreva Mogzombie de Pixabay

Den Dokter Wilmes kritt “actes de nature mutilante” virgehäit…do stellt d’Vollek sech e Medezinner vir, dee Patienten

zerschnëppelt, vergarrelt, en Ielebou dohinner pecht, wou e Knéi higehéiert….je, Horrorvisiounen ouni Grenzen. Kuerz: de Ruff vum Mann ass an der Schësserbaach gelant, och wann hien komplett rehabilitéiert sollt aus der Saach erauskommen.

An de Virworf, dee gläich um Ufank erhuewe gouf, datt d’Press um Guillotinage vum Dokter méi ewéi just “mat”-schëlleg wier, eriwwregt sech, ass hifälleg. Och wann et mech perplex mécht, datt RTL de Sujet mat groussem Tamtam un d’Ëffentlechkeet bruecht hat an sech duerno séier an d’Katakomben zeréckgezunn huet, dat war dach éischter eng Niwwelkäerz vir vun Ongeheierlegkeeten ofzelenken. De Wilmes schéngt ënnert de Beruffskolleegen esou gutt Frënn ze hunn, datt hien op Feinde ka verzichten.

Wéi ass et sech sos z’erklären, datt de collège médical de 27. Oktober eng éischte Kéier vun zwee sougenannte Fäll an d’Bild gesat gouf an zanterhier -wärend 4 Méint!- sech esou vill beweegt ewéi d’Kanéngchen virun der Schlaang? Virun allem gouf de Beschëllegte selwer net gelauschtert. Vergiess? Also de Kapp ewéi e Sift? Normal ass et allemol net, datt de  betraffenen Dokter nach ëmmer net un 13 Dossieren erukoum, déi géint hie geriicht sinn.

Image par hysw001 de Pixabay

Normal ass et och net, datt de Collège médical an der Hallschecht vum Dezember am klenge Krees zesummekoum, fir den “Noutstand” ze  proklaméieren an esou kënnen de Wilmes suspendéieren ze loossen. Dat richt, dat sténkt a facht no Revanchismus, eng Cavalcade vun Dokteren géint een eenzegen Dokter, deen et gewot hat, een eegene Projet -d’FindelClinic- ze realiséieren. D’Dronen déi geschoss ginn, kommen aus Spidolkreesser, mol vun der Areler Strooss, mol aus dem kierchbierger Huesegrëndchen.

De Clou wär, wann sech sollt erausstellen, datt déi zwou Klinicken – Centre Hospitalier a Robert Schumann-, déi sech eigentlech net gréng sinn, sollten zesummeschaffen, fir de Wilmes an déi berufflech Wüst ze schécken. Zwee Spideeler – e liberaalt an eent aus der Planwirtschaft- Hand an Hand, bras-dessus, bras-dessous-, fir sech géint eng eventuell Konkurrenz ze wieren?! Et héiert een esou munches an et stellt een sech d’Fro, ob et net un der Zäit ass, bei engem ORL ze passéieren!

Mat am Epizentrum vun der Affär ass d’Gesondheetsministesch. D’Martine Deprez déi schonn an aneren Dossieren

gouvernement.lu

duerch Ongeschéckerlegkeeten opgefall ass, riskéiert sech hei d’Patten ze verbrennen. Si huet den Dokter stante pedes suspendéiert ouni mat him geschwat ze hunn an huet eng Expertise gefrot an där et ëm actes de nature mutilante goung. An engem zweeten Ulaf gëtt eng schaarf Kéier no hanne gemaach: d’Expertise soll elo klären, ob de Chirurg Operatioune gemaach huet, déi net hätte musse sinn, respektiv op eng net appropriéiert Manéier. Dat nennt een marche-arrière wéi aus dem Militärbuch!

Dat ass esou, wéi wann eng Persoun festgeholl gëtt mat der Beschëllegung, en terroristeschen Attentat geplangt ze hunn an den Dag drop heescht et dann, de Mann hätt sech  mat Sécherheetsbeamten an d’Hoer krut. An iwwerhaapt! Wann et elo “just” drëm geet, beim Dokter Wilmes deen een oder aneren Operatiounsfeeler a Goss an Eisen ze géissen, dann dierften sech d’Affekote freeën: d’Dokteren behuelen sech zwar munchmol ewéi Gëtter, si sinn awer keng an also maache si all Feeler. Wann d’Ugrëffsfläch esou breet gefächert ass, da kënnt och  e medezineschen Direkter vun enger Klinick net derlaanscht.

Et wäert Prozesser reenen ewéi cats and dogs! Am Fall Wilmes goung d’Rechnung bis elo op: d’Operatioun war en Erfolleg, de Patient…. äh, den Dokter ass dout! Ech si gespaant, wéi vill Läichen do nach eropgeschwemmt ginn. D’Ministesch selwer wäert wuel och net laanscht blo Flecke kommen. Ech schléissen net aus, datt vun hirer politescher Naivitéit profitéiert gouf; ëmmerhin gouf de Gesondheetssecteur wärend 40 Joer -bei der Ausnam vun enger Legislaturperiod- vu Sozialiste gefouert. Dat huet déif Spueren hannerlooss an d’Klinicken wëllen drun erënneren, wien Här a Meeschter ass. Et soll op kee Fall een eenzele Medezinner sinn!

 

Previous

De Fall Wilmes: gëtt aus eiser Monarchie definitiv eng Banannerepublik?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *