Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Aussepolitik

Palästinenserstaat: wou bleiwt zu Lëtzebuerg d’Elite? 

Palästinenserstaat: wou bleiwt zu Lëtzebuerg d’Elite?
Image par hosny salah de Pixabay

Dat muss een hinne loossen! D’Fransousen hunn eng grouss Kultur, wat ëffentlech Debatten ugeet, dacks verbonne mat enger gepefferter Portioun Polemik. Ob dat déi giel Gilete betrëfft, den abléklechen bloquons tout-Mouvement, d’ Reform vum franséische Rentesystem oder den Noen Osten. Iwwer alles gëtt diskutéiert a wuel virun allem gemault Déi lescht Woch hunn eng Rei Länner Palästina als Staat unerkannt, dorënner Frankräich a Lëtzebuerg. Même combat? Wäit gefeelt! Am Grand-Duché interesséiert a ville Gesellschaftsschichten de Sujet keng Bisamrat, an déi aner Säit vun den Hecken goung gläich eng Diskussioun un iwwer de Pro an de Contra vun esou enger Decisioun.

Image par photosforyou de Pixabay

20 Intellektueller zum Beispill hu sech – wann och in extremis- zesummegedoen, fir e Bréif un de Staatspresident Macron opzesetzen. Et handelt sech ëm Artisten, ëm Philosophen, Ekonomisten, Schrëftsteller. Si waren entsat iwwer d’Manéier, wéi dee Staat aus der Daf geholl sollt ginn, ouni déi geréngste Conditiounen ze stellen. Um Site vum le Figaro https://bit.ly/422E5OA ass dat Schreiwes un de President vun der Republik nozeliesen.

“Lundi 22 septembre à New York, vous vous apprêtez à reconnaître, au nom de la France, un État palestinien.”.
Avant d’ajouter: Nous, artistes, intellectuels, entrepreneurs, responsables associatifs et citoyens, appelons de toutes nos forces à la paix au Proche-Orient. Mais cette reconnaissance d’un État palestinien, vous l’aviez vous-même soumise à des conditions préalables claires pour qu’elle contribue à la paix : en particulier, la libération des 48 otages encore retenus à Gaza et le démantèlement du Hamas.”

Et de poursuivre: “Alors que la France s’est prudemment abstenue de toute reconnaissance d’un État palestinien depuis 1948, dans l’attente de réunir les conditions de paix et de sécurité mutuelle, comment justifier de le faire tandis que la guerre déclenchée par le pire massacre antisémite depuis la Shoah fait toujours rage ? Comment l’annoncer alors que le Hamas détient toujours des otages ? Pourquoi le faire au moment où flambe en France un antisémitisme prenant précisément prétexte de la situation au Proche-Orient ?”

Et de poursuivre: “Reconnaître un État palestinien maintenant, avant la libération des otages et le démantèlement du Hamas, n’aidera ni les civils palestiniens ni à la libération des otages.

Monsieur le président, reconnaître un État palestinien maintenant, avant la libération des otages et le démantèlement du Hamas, n’aidera ni les civils palestiniens ni à la libération des otages.”

“Nous savons que ce n’est pas votre intention, pourtant une reconnaissance demain avant la réalisation des conditions que vous aviez énoncées serait revendiquée comme une victoire symbolique pour le Hamas, qui ne ferait qu’aggraver l’étau meurtrier qu’il impose aux Palestiniens.

Monsieur le président, vous allez annoncer la reconnaissance par la France d’un État palestinien. Nous vous le demandons solennellement : affirmez dans ce cas avec la même fermeté que cette reconnaissance ne prendra effet qu’après la libération des otages et le démantèlement du Hamas.”

“C’est à ce prix, et à ce prix seulement, que ce geste peut contribuer à la paix. Ce serait sinon une capitulation morale face au terrorisme.”, ont-ils conclu.

Les personnalités ayant signé cette lettre ouverte sont:

Yonathan Arfi, président du Crif (Conseil représentatif des institutions juives de France)

Yvan Attal, acteur, réalisateur

Michel Boujenah, comédien

Pascal Bruckner, philosophe

Père Patrick Desbois, président de Yahad unum

Raphaël Enthoven, philosophe

Arthur Essebag, animateur et producteur

Charlotte Gainsbourg, actrice

Ariel Goldmann, président du FSJU (Fonds social juif unifié)

Simone Harari-Baulieu, productrice

Mona Jafarian, chroniqueuse

Elie Korchia, président du Consistoire central

Haïm Korsia, grand rabbin de France

Mathieu Laine, entrepreneur et écrivain

Bernard-Henri Lévy, philosophe

Jean Madar, chef d’entreprise

Alain Minc, économiste

Dominique Reynié, professeur, directeur de Fondapol

Joann Sfar, dessinateur

Philippe Torreton, comédien”

 

Esou guer wann een net mat dëse Leit op alle Punkten averstanen ass, esou sinn d’Iwwerleeungen dach pertinent. Ma de Sujet ass delikat:  Wien fir e Palästinenserstaat ass, gëtt séier an d’Reie gestallt vun deenen, déi als “Juddenhaasser” ofgestempelt sinn; wien sech awer op d’Säit vun Israel stellt, gëllt als Ënnerdrécker, als béise Mënsch, deen dem Goliath Israel hëlleft, de klengen David plattzetrëppelen.

Am Klengherzogtum ass ze soe keng Diskussioun iwwer de Sujet opkomm. Den Ausseminister Xavier Bettel sot zwar op RTL -Radio: elo géinge méi Länner dat maachen an et géing elo méi Garantië gi vu weideren arabesche Länner, -ouni de Katar ze nennen, huet hie kloer vum Katar geschwat – datt déi radikal islamesch Hamas keng Roll méi dierf hunn an desarméiert misst ginn. Dat héiert sech berouegend un, ma domadder ass alles aneschters ewéi séchergestallt, datt d’Hamas net aner Waffeliwwerante wäert fannen. Den Iran ass ëmmer bereet, zwou Hänn auszestrecken, déi eng fir ze ginn, déi aner fir ze rafen.

Lëtzebuerg huet sech sech hanner Frankräich gestallt, seng Responsabilitéit ass doduerch net onbedéngt méi kleng ginn. Déi sougenannte forces vives vun der Natioun hu sech bis ewell net gemuckst. E Sonndeg wär eng gutt Geleeënheet gewiescht wéi an der Haaptstad iwwer 4000 Leit demonstréiert hunn, engersäits fir Palästina a speziell de Gaza, anerersäits géint déi “onmënschlech Politik vun der rietsextremer israelescher Regierung”. D’Participatioun un där Demo war fir lëtzebuerger Verhältnesser grouss, och wann eng ganz Partie Demonstranten aus der Groussregioun komm woren. Et wär déi richteg Bün gewiescht, fir e puer gescheit Sätz vu sech ze ginn, et hätt sollen eng Demonstratioun vun der Solidaritéit op méi héijem Niveau ginn.

Leider war déi sougenannten Elite léiwer um Sonndeg-Kaffisdësch sëtze bliwwen; dobäi hätt si just mussen de Palästinenserschal vum Späicher huelen, dee si viru 55 Joer als Student unhat; ma kee Gewerkschaftsleader war do, kee Patronatvertrieder, kee Kulturpoopst, keen Uniprofesser, kee Sänger. Dofir war de Sujet. nun awer dach ze quokeleg. Mësch dech an näischt, da kënns du an näischt!

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    Wann dat do d franseisch elite soll sin mat selbsternannte philosofen a la levy denen hir politesch religieus obedience kloer ass…da brauchen mer eisen noper och net ze beneiden🙈

  2. Frank Bertemes

    Schonn den Nelson Mandela huet gesot, datt d’Befreiung vu Südafrika vun der Apartheid ouni d’Fraiheet vun de Palestinenser onvollstänneg wär…A wou sti mir haut nach? Feigheet an Hypocrisie sinn och an där däreger Problematik an eisem “Klengherzogtum” nom Dräi-Afe-Prinzipp beschtens bekannt, mä ëmmerhinn huet eis Regierung mol ee Virstouss gemaach a sech dem Franséische President ugeschloss, dee sech als kommenden Europäësche President wëll profiléieren. Wéi infekt sech Biden a Starmer vis-à-vis vun de Palestinenser beholl hunn, ass bekannt. ‘t gëtt Zäit fir eng realiséiert Zwee-State-Léisung fir deem Onrecht endlech een Enn ze maachen, och wann domat Villes nach net endgülteg geléist ass…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *