Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Ëmwelt

Jeannot Weber: „Jedem Tierchen sein Pläsierchen“ – oder: Wien brauch eng Spillwiss fir Muppen? 

Jeannot Weber: „Jedem Tierchen sein Pläsierchen“ – oder: Wien brauch eng Spillwiss fir Muppen?
Jeannot Weber

A ville Gemengen si Spillwise fir Muppen ugeluecht ginn. Et ass jo eigentlech eng schéin Iddi och un eis véierbeeneg Frënn ze denken – schliisslech bezuelen hir Besëtzer och eng Honds-Steier.  Mee stellt sech d’Fro: Ass esou eng Muppe-Spillwiss wierklech eng gutt Iddi? A wie brauch esou eppes?

Natierlech ass esou eng Wiss op den éischte Bléck bequeem: Well do eng Clôture ronderëm ass, kann  de Mupp net fortlafen, also kann e Mupp fräi ouni Léngt an enger Spillwiss fir Muppen lafen. Heiansdo sinn och aner Muppen do – da kann een zesumme spillen. Den Hondsbesëtzer ka sech mat anere Mënschen ënnerhalen, a wann de Mupp midd ass, geet et erëm heem op d’Kautsch. Alles perfekt, géif ee mengen.

Fachleit warnen awer: Vill Hondsbesëtzer sinn houfreg, wann se hir Muppen gesinn, déi – op den éischte Bléck – flott zesumme spillen. Mee dacks gëtt déi fein Grenz tëschent Spill a Juegdverhalen net erkannt. Net ëmmer ass kloer, ob den Hond dëst als positiv erlieft – besonnesch problematesch gëtt et, wann méi Muppe sech un esou engem „Spill“ bedeelegen. Heefeg léieren Hënn op esou engem Terrain, sech zerstreiden an ze dominéieren, wat zu Sozialiséierungs Problemer féiert.

D’Realitéit ass: Déi meescht Leit ginn op esou Spillwise well se hiren Hond net richteg am Grëff hunn (anescht kennen se hien net fräi lafen loossen) – oder einfach keng Loscht hunn, mat dem Mupp richteg spadséieren ze goen.

Bei Problemer mat dem Mupp, wier et vill méi sënnvoll, bei en Hondstrainer  oder an eng Hondsschoulen ze goen. Et ass och absolut okay, wann een net all Dag stonnelaang mat sengem Hond ënnerwee ass – net all Hond brauch all Dag e grousse Spadséiergang. Wichteg ass just, sech am Viraus gutt z’informéieren: Passt den natierleche Beweegungsdrang vum Hond zu mengem eegene Liewensstil?

Och zu Käerch huet d’Gemeng lo matten an der Natur – eng Spillwiss fir Muppen amenagéiert.

Jeannot Weber

Ech trëppelen e puer Mol d’Woch mam Ouray, mengem aacht Joer ale Border Collie, laanscht dës nei Muppe-Wis. Bis elo wollt den Ouray nach net an dëst vermeintlecht Muppeparadäis eran.

VACANZ-2008BRANDNERTAL

Op mengen Spadséiergäng begéinen ech ëmmer Leit, déi – wéi ech – zesumme mat hirem Hond Beweegung an der Natur sichen. No Ofsprooch dierfen d’Muppen sech dann och mol ouni Léngt beweegen a léiere mateneen ëmzegoen. Fir e Mupp si sozial Kontakter mat Aartgenossen sécher wichteg – mee mir däerfen net vergiessen: D’Muppen, wéi och hier Virfueren, de Wollef, sinn Ruddel Déieren.

Si gesinn als éischt hir mënschlech Famill als hire Ruddel. Aner Muppen ginn am beschte Fall toleréiert – a wann een sech gutt versteet, kann ee zesummespillen. Mee et ass och komplett normal, wann en Hond engem aneren net sympathesch ass. Dofir ass et wichteg ze akzeptéieren, datt net all Mupp Loscht huet, mat anere Muppen ze spillen.

Prinzipiell soll een ni mat engem Hond un der Léngt op en anere frieme Mupp zougoen – dat féiert an de seltenste Fäll zu engem gudde Verhalen. Net all Mupp reagéiert d’selwecht – schonn guer net bei all de Rassen a Kräizungen, déi et hautdesdaags ginn. Et ginn och Hënn, déi Problemer hunn oder maachen – mee esou Verhalen ass bal ëmmer d’Konsequenz vu Mënschefeeler. Wa mir eis Muppen richteg behandelen, wäerten si eis dat mat Loyalitéit a Frëndschaft zréckbezuelen.

Datt mer eis vermeintlecht Léift zu den Déieren duerch eng Spillwiss fir Muppen wëllen dokumentéieren, gesinn ech als en typescht Zeeche vun enger dekadenter Gesellschaft. No dem Motto „Jedem Tierchen sein Pläsierchen“ ginn Besoinen erfëllt, déi et a Wierklechkeet net gëtt. An enger Welt, déi sech bal alles leeschte kann, feelt dacks d’Bescheidenheet – wei Erkennen an akzeptéieren vum Natierlechen.

D’Plaz, wou zu Käerch eng Spillwiss fir Muppen ugeluecht gouf, war virdrun eng sougenannt „Broch“ – e Raum, dee ville Leit wéineg wäertvoll erschéngt huet. A Wierklechkeet war et en einfachen, awer wichtegen Liewensraum fir vill well Aarte vu Planzen an Déieren.

Jeannot Weber

Hei hu Päiperleken, wëll Beien a vill Vulle gelieft. Ech selwer hu jee no Joreszäit och mol verschidde rar Aarte gesinn – och vill wëll Kraider, déi soss duerch dacks iwwerdriwwen Méiaarbechten  aus eisen Uertschaften verschwonnen sinn. Elo ass och dës Plaz de Méimaschinnen zum Affer gefall, an eng „Muppewis“ ass entstanen – eppes wat awer kee Mupp wierklech brauch.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *