Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Featured

Gesond al ginn ass ganz schéin ustrengend 

Gesond al ginn ass ganz schéin ustrengend
Photo de Chevanon Photography: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/low-angle-view-of-woman-relaxing-on-beach-contre-le-ciel-bleu-317157/

Et heescht, et wier dach esou einfach, gesond ze liewen. Net fëmmen, keen Alkohol drénken, net ze vill schaffen, sech virun allem net op der Aarbecht opreegen, vill spadséiere goen an Owes sech fréi an d’Bett leeën. Perfekt fir gesond al ze ginn, mat dat ass eng Siicht vum Liewen, déi schwéier op Groussstied zouzeschneideren ass. Paräis zum Beispill gëllt als Spelunk, als Hell, an där fréi gestuerwe gëtt: de ganzen Dag mat dausende vu Leit duerch d’Metro-Tunnelle schwammen, tëschenduerch 6 Expresso erofkippen, iwwer dem Trëppelen e Sandwich am Mond massakréieren a reegelméisseg manner wéi 8 Stonne schlofen. Dat kann net gutt ausgoen! Dat hält kee Mënsch laang aus!

Photo de Brett Sayles: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/deux-femmes-en-cours-d-execution-1073094/

Gewëss! Et ass zum Deel eng Saach vum eegenen Temperament. Grad esou gewëss! De Paräisser gesäit munchmol aus ewéi dem Doud säi Reesender. D’Liewen an der Capitale de la France ass haart, besonnesch fir déi ënnescht Schichten! Mä ass et wierklech esou, datt d’Liewen zu Paräis manner gesond ass? D’Statistike schwätzen eng däitlech a virun allem eng aner Sprooch.

 

 

 

A ganz Frankräich ginn d’Leit am Schnëtt 82,4 Joer al, d’Fraen esouguer 85 Joer. Identesch Situatioun zu Lëtzebuerg mat enger Moyenne vun 82,4 Joer, woubäi de Mann just op 80 Joer kënnt. D’Liewenserwaardung zu Paräis? Dann haalt ech un! D’Männer kommen op 81,1 Joer an d’Fraen op 86,2 Joer, 14 Méint méi ewéi am gesamten Hexagon fir dat weiblecht Geschlecht. Wien hätt dat geduecht? Zu Paräis gëtt op jidder Fall net massiv gestuerwen ewéi duerch Pescht a Cholera.

Photo de Matthias Zomer: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/personne-tenant-une-balle-anti-stress-339620/

An déi, déi esou vill vu Gesondheet priedegen, den homo teutonicus? Schappeg Moyenne vun 80,7 Joer, esouguer ënner der Moyenne vun der Liewenserwaardung an der Euro-Zon. Iergend eng Interpretatioun. vun deenen Zuelen? Absolutt net. Ma d’Gesondheet op d’Formule reduzéieren:

Zitroun plus Olivenueleg = laangt Liewen

ass wuel dach  e bësselche minimalistesch. Da villäicht Vëlofueren? Ass zwar geféierlech, ma mécht Spaass. Och gutt fir d’Gesondheet? An Holland fueren se vill op de Fiitsen, ma d’Liewenserwaardung läit onspektakulär bei 82 Joer. Allgemeng vill beweegen? Also net nëmme lafen, ma trëppelen, am Gaart schaffen asw? Do hätt allemol de Paräisser d’Nues vir: eleng an der Metro’s-Welt mécht de Mënsch um Wee fir op d’Aarbecht Kilometeren. Gesond Iessen? Ass VEGAN d’Léisung oder louch éischter d’Boma richteg mat hirer vun-allem-e-bësselche-Priedegt?

D’Weltgesondheetsorganisatioun huet déi heiten Definitioun vu gesond -sinn: Gesundheit ist ein Zustand vollkommenen physischen, geistigen und sozialen Wohlbefindens und nicht bloß das Fehlen von Krankheit und GebrechenAn anere Wieder, et soll een sech esou richteg wuel fillen a senger Haut! Mä geet gesond -sinn duer, fir al ze ginn? Do dréie mir eis wuel am Krees a kommen net richteg weider.

Photo de Shiny Diamond: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/femme-avec-rouge-a-levres-rose-3762871/

Fakt ass, datt den Thema eis begeeschtert. Nëmmen net dës Welt ze fréi verloossen! Mir behuelen eis ewéi frësch-Verléifter, et geet eis ni duer, mir wëllen ëmmer nach e leschten Tour mat danzen. An esou ass et net verwonnerlech, datt an Däitschland de Bierger fir d’Gesondheet pro Joer 5939 Euro ausgëtt. E business vun am Ganzen 497,7 Milliarden. Eng Crème fir d’Madamm déi op den Altersfalen ewéi Tippex wierkt, e Spray fir den Här dee mat 70 Joer am Bett d’Nuecht duerch bis an de Kentucky ka reiden.

Fir jiddereen ass eppes derbäi fir gesond ze stierwen!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *