Zanter zwee Joer steet dann och an der lëtzebuerger Verfassung deen ominéise Saz: Die Würde des Menschen ist unantastbar. Kléngt villverspriechend! La dignité humaine est inviolable. Hält dee Saz wat hie versprécht? Mir huelen hien un Hand vun engem konkrete Beispill aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur op de Préifstand. Et geet ëm d’Immobiliséieren vu Patienten, si roueg stellen. Déi eelste Method ass wuel d’Ustrécken vun enger Persoun un hirem Bett, respektiv en héicht Gitter ronderëm dat Bett montéieren, Déi méi modern Form besteet aus enger Sedatioun duerch Neuroleptika.
Et handelt sech dobäi ëm e Medikament aus der Grupp vun de Psychopharmaka, déi gréisstendeels agesat ginn an der Behandlung vu Wanvirstellungen oder Halluzinatiounen; ma well si zugläich d’Wierkung hunn, de Mënsch, roueg ze stellen, gi si reegelméisseg bei eeleren a wibbelege Patienten agesat. Verschiddener wierken ewéi chemesch Bommen. Alles aneschters ewéi Popcorn. An esou ass et normal, datt eng Rei Bierger strikt géint dës Medikamenter sinn.
Zu hinne gehéiert eng Madamm Seyler déi esou wäit geet, ze behaapten, datt d’Neuroleptika mat d’Ursaach wieren vum Doud vun hirer Mamm. Akut Niereversoen wéinst Dehydratatioun, staark Constipatioun, Iwwerdosis Haldol, Fir si steet fest: d’Mamm wor en onnatierlechen Doud gestuerwen! Krass! Fir hir Argumentatioun iergendwéi kënnen nozevollzéien, muss ee fir d’éischt hire Familljenalbum opschloen.

Mamm an Duechter hu 7 Joer laang am nämmlechte Stot gelieft, ma d’Françoise Seyler hat hier Mamm an engem Fleegeheem ugemellt, schonn nëmmen eleng fir de Fall , wou hier selwer eppes déit geschéien. Zousätzlech Belaaschtung: bei der deemools 85 Järeger war eng liicht Demenz.diagnostizéiert ginn. An esou gouf da schliisslech e Kontrakt mat engem Heem ënnerschriwwen.
Verschidde Fleegehaiser verlaangen, datt een eventuell Interna net no baussen dréit, scho guer net an d’Press. An dësem Fall awer huet de Familljeministère et der Françoise Seyler ënnersot, hier Mamm an den éischten 10 Deeg vun hirem Openthalt an den CIPA besichen ze goen; op déi Manéier kéint sech d’Fra besser aklimatiséieren, sech un hiert neit Doheem an aller Rou gewinnen. An d’Françoise Seyler hat och hier Fuerderungen: den CIPA huet sech mussen dozou verpflichten, mat der Mamm esou ëmzegoen ewéi d’Duechter sech dat virgestallt huet: op kee Fall sollt d’Mamm Tranquilizer oder Neuroleptika kréien. A sollten et Problemer ginn, missten d’Leit vum CIPA si doriwwer an d’Bild setzen.
D’Françoise Seyler hat nämlech e puer Joer virdrun hir Erfarunge gemaach mat deene Medikamenter. D’Mamm war um Knéi operéiert ginn a war schonn deemools mat enger zolitter Portioun Risperdal roueggestallt ginn; nom Openthalt am Spidol ware vill vun hire kognitive Fäegkeeten wéi verschwonnen: Strécken. a Strecken goung vun deem Ablack guer net méi. Grad dat sollt sech am Fleegeheem net widderhuelen!
An du goung alles ganz séier….
No 7 Deeg Openthalt am Fleegeheem goung den deemolege Liewenspartner vun der Françoise Seyler d’Fra an den CIPA besichen a krut do iwwerraschend erzielt, datt d’Mamm d’Personal gekraazt a geschloen hätt. E puer Deeg drop gouf him gesot, datt d’Mamm mat 10 Drëpse vun engem Tranquilizer hätt musse berouegt ginn, fir datt d’Personal sech besser hätt kënnen ëm si këmmeren. Vun der Directrice housch et: et hätt sech ëm eppes ganz Liichtes gehandelt, mat engem Stéck Zocker.
De Gesondheetszoustand vun der Mamm huet sech rapid verschlechtert, si koum an d’Klinick wou si no nëmmen 9 Deeg gestuerwen ass. Enn vun der Geschicht. Awer net fir d’Françoise Seyler. Dat war keen natierlechen Doud, ass hir Uklo! Wann ee kontraktuell festhält, datt de Patient keen Neuroleptika kritt, da muss sech och dorunner gehale ginn, sos ass dee Vertrag de Pabeier net wäert. Hei ass esouguer a muncher Hisiicht just de Géigendeel gemaach ginn !Dat ass de Punkt 1.
De Punkt 2 besteet am Zweiwel vun der Madamm Seyler, datt den Tranquilizer eng absolutt Noutwendegkeet gewiescht wär. Am Rapport vum CIPA, datéiert op den 12. Mee 2015 heescht et: Pflege mit 2-3 PP. Madame reagiert abwechselnd positiv, im nächsten Moment ablehnend und aggressiv und laut. In diesen Momenten hilft sie nicht mit, im Gegenteil, sie arbeitet gegen alle Massnahmen, die mit ihr durchgeführt werden sollen. Den 12. Mee hat d’Fra hir éischt Nuecht am Heem verbruecht, an et war deen éischte Moien wou si sech net zesumme mat der Duechter selwer konnt wäschen. Si gouf gewäsch, an dat vun hondsfrieme Leit. Et ass guer net auszeschléissen, datt d’Fra ënnerlech opgewullt war, schonn nëmmen eleng well gläich dräi Persounen sech ëm si gekëmmert hunn. Huet do d’Fleegepersonal – zesumme mam Dokter- ze séier op Drëpsen a Pëllen zeréckgegraff?

D’Duechter behaapt, nach den Dag virdrun hätt sech d’Mamm ganz eleng gewäsch, wëll heeschen: si gouf aus dem Bett op den Toilettestull bei de Lavabo gesat, a si huet de ganze Rescht -do wou si dru komm ass-selwer gemaach. Eng aner Explikatioun wär, datt d’Fra ugefaangen huet, dehydratéiert ze ginn, datt si net genuch Flëssegkeet zou sech geholl hat. Déi Deydratioun ass och an der lettre de sortie confirméiert, also nom Doud vun der Mamm: la patiente a bénéficié d’une réhydratioun par voie intraveineuse associée à une désinsuflation colique et à l’administration de multiples lavements.
De Punkt 3 fir d’Françoise Seyler ass déi ganz lettre de sortie. Fir si ass et d’Confirmatioun vum Doudesurteel fir hir Mamm. Esou schreift d’Doktesch: le traitement (…) comportait de l’Axura, du Sintrom 1mg et de l’Aldol depuis une dizaine de jours ainsi que du Tanakan 4mmg 1/2 cp par jour. D’Patientin krut also reegelméisseg Neuroleptika an d’Duechter krut kee Pipcheswuert dovunner gesot! Dobäi ass den Haldol keen Zockerkichelchen: L’Haldol® est un traitemengt puissant qui ne doit pas être stoppé brutalement sans avis médical sous peine de rechute. En cas d’apparition de fièvre et de raideur musculaire, il faut impérativement et rapidement se tourner vers un médecin afin d’éliminer un syndrome malin des neuroleptiques.
Ganz allgemeng kann een hei festhalen, datt d’Altersheem net grad knéckeg war am Ëmgang mat méi staarke Medikamenter. Um Programm stoung zum Beispill den AXURA, dat ass zwar keen Neuroleptika, ma hie figuréiert an Däitschland op der rouder Lëscht:

Ënner den Teppech gekiert?
Den Hausdokter vun der Verstuerwener huet sech och esou seng Gedanke gemaach. Wat war déi genee Ursaach, datt de Familljeministère der Duechter en Hausverbuet erdeelt hat? A wou konnt den CIPA där Fra all déi Medikamenter ginn, wou dach gewousst wier, datt doduerjer d’Patienten am allgemengen vergiessen ,z’iessen an ze drénken? Wéi ass et méiglech, datt een am Heem esou Grondbedierfnesser net an Uecht geholl huet? D’Duechter behaapt zum Beispill, datt si der Mamm 12 Liter-Fläschen Rivella am Zëmmer stoe gelooss hat. No 10 Deeg wieren nach iwwer 11 Liter iwwereg gewiescht. Diese Unterlassung hat zu einer erheblichen Dehydrierung, einer Verstopfung mit Nierenstau und Bewusstseinsverlust geführt, welche Zustände -mit Ausnahme der Schluckbeschwerden- mit einer angemessenen Rehydrierung hätten behoben werden können.

E bësselche weider seng Konklusioun: Natürlich kann eine 85-Jährige kurzfristig versterben, aber als Arzt stelle ich mir die Frage nach der Verkettung dieser unglücklichen Ereignisse, die zum Tod meiner Patientin geführt haben. Oder fir et aneschters ze formuléieren: war do net mat Tranquilizer iwwerdriwwe ginn?
An der Patientin hirem Dossier steet, datt si den 11. Mee Owes gesongen a mam Rullstull gedanzt huet. 10 Deeg drop dann gëtt fir Owes notéiert: Bewohner ist nicht mehr in der Lage mit Hilfe aufzustehen, reagiert nicht richtig auf Ansprache und wirkt sehr abwesend. (…) kann auch nur schwer das Glas heben um zu trinken.
En Dokter gouf net geruff an d’Duechter ass am Glawe gelooss ginn, mat der Mamm wier alles an der Rei! Nach 3 Stonne virun hirer Visite am Heem krut si an deem Sënn eng SMS.
D’Françoise Seyler huet nom Begriefnes decidéiert, bei en Affekot ze goen. Dee schreift dem Untersuchungsriichter ënnert anerem dat heiten:
Auf alle Fälle könnten die Tatsachen bezüglich der Todesumstände von Frau Irene Seyler auf die in Artikel 410.1 und 410.2 des Strafgesetzbuchs bzw. in Artikel 418 und 419 des Strafgesetzbuchs definierten Straftatbestände der unterlassenen Hilfeleistung und der fahrlässigen Tötung (…) schliessen lassen.
Also net premeditéiert, net geplangt, ma duerch Onwëssenheet, duerch non-chalence, Commoditéit. D’Odyssee vun der Françoise Seyler huet hire Laf geholl. Si huet allméiglech Initiativen ergraff: natierlech wollt si e Prozess, ma huet och parlamentaresch Froe stelle gelooss, Petitiounen iwwer d’Sedéierung lancéiert; si huet eng Perquisitioun am CIPA verlaangt asw., ma esou richteg weider koum den Dossier net, weder medezinesch nach juristesch.
Zwar gouf déi zoustänneg Doktesch aus enger stater Klinick vun der police judiciaire gehéiert, grad esou den Dokter aus dem CIPA, ma den 20. Juni 2019 koum den Arrêt vun der Cour d’Appel: d’Affaire war klasséiert. De Verdacht läit no: do wollt ee wuel een ongesonnte Prozess vermeiden, deen de ganze Secteur an Onrou bruecht hätt. Dobäi war villes kloer:
- D’Duechter war net informéiert ginn, datt d’Mamm Neuroleptika krut. De Patient – hei am Fall d’Kontaktpersoun Françoise Seyler- hätt onbedéngt mussen doriwwer informéiert ginn. Op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten Gast Gibéryen hat schonn d’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch geäntwert, datt dem Patient keng Behandlung kéint opgezwonge ginn!
- D’Doktesch aus der Klinick confirméiert vis-à-vs vun der PJ, datt d’Mamm an engem dehydratéierten Zoustand ageliwwert gi war: La prise de sang a présenté une insuffisance rénale aiguë associée à un syndrome inflammatoire. An anere Wieder: si krut am CIPA net genuch ze drénken! Bei eelere Leit kënnt dat gäre vir. Si vergiessen ze drénken, an dat hëlt ëmsou méi zou wann een ënner Tranquilizer steet. Ze wéineg Flëssegkeet verbnnenat staarke Medikamenter, eng geféierlech Kombinatioun! Zitat aus der Auditioun: Dans le cas d’une insuffisance rénale, l’administration de l’Haldol pourrait éventuellement influencer l’état de la patiente, vu qu’il y a un surdosage. D’Doktesch seet allerdéngs um Schluss: Pour moi l’altération brutale de l’état général de Mme Seyler lors de son admission était dû à une déshydration avec tous ses effets secondaires. Mme Seyler est finalement décédée d’une mort normale qui n’est à priori pas à attribuer à son état lors de son admission à la clinique.
- Den Dokter aus dem CIPA confirméiert, datt hien der Patientin Haldol ginn huet: … est un médicament qui est régulièrement prescrit par les médecins notamment pour des personnes dans des CIPA (…) il s’agit d’un médicament à courte durée d’action (…) Mme X (directrice du CIPA) m’avait dit qu’elle informerait la fille de Mme Seyler du traitement avec le médicament (…) Je n’ai pas connaissance de quelconques rapports d’expérience sinon rapports scientifiques lesquels se prononcent au sujet d’une contre-indication du neuroleptique Haldol chez des patients avec une démence (…).
D’Françoise Seyler ass traumatiséiert! Natierlech iwwer d’Manéier wéi hier Mamm gestuerwen ass, mä an der Haaptsaach, well si an hirem Drama an zeg Akten net weiderkënnt. Den 30. Mee 2022 huet si bei Geleeënheet vun hirer Petitioun der deemoleger Gesondheetsministesch Paulette Lenert – an engem fréiere Liewe Riichterin- eng Allusioun op dem Victor Hugo säi Personnage Jean Valjean gemaach mat der Fro: wéi ass et méiglech, dass – wann en arme Schluckert vun Honger gedwwen- , eppes klaut, hien direkt vrun den Untersuchungsriichter kënnt, a wann op där anerer Säit schwaach Mënschen mësshandelt ginn, dat keen am Land interesséiert?!
Dobäi hat si sech extreem dru ginn, huet eng Rei Deputéierte kontaktéiert, ma kee wollt esou richteg zur Fieder gräifen. Gutt Rotschléi krut si méi ewéi genuch, a si huet sech dru gehalen, zum Beispill op Urode vun engem Volleksvertrieder deen den Dossier gelies huet, de Barreau vun den Affekote kontaktéiert, mol schrëftlech, mol mëndlech; Oder de collège médical mat hirer Geschicht saiséiert, an zwar net einfach mat Blabla, mä mat engem Rapport deen si sech bei engem Expert op eegen Käschte gefrot hat. Feedback? Gläich null! Nix! Nada! Niente!
Fazit: Villes war kloer ewéi Boulettszopp. Do gouf méiglecherweis e geféierleche Präzedenzfall verhënnert, deen hätt kënnen eng Lavin vun anere Prozesser no sech zéien. Esou gouf also iwwer d’Guckucks-Nascht geflunn, woubäi jidderee weess, datt de Guckuck keng Näschter baut!
