Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Featured

Operatioun Pauly: nom Succès an de Kinoen, elo de Film op DVD 

Operatioun Pauly: nom Succès an de Kinoen, elo de Film op DVD

De 4. Juni 1944 ass et véier politesche Prisonéier – zwee Lëtzebuerger, engem Belsch an engem Pol gelongen, a geklauten SS-Uniformen, an engem gefléckten SS-Auto a mat gefälschte Pabeieren aus engem Niewelager vum KZ Buchenwald fortzekommen. Bei hirer dramatescher Flucht queesch duerch Nazi-Däitschland waren déi véier jonk Männer permanent liewensgeféierleche Situatiounen ausgesat. Méi wéi eemol si si ganz knapp dem sécheren Dout entgaangen. Am Drëtte Räich gouf mat Hëllef vun enger Täterbeschreiwung intensiv no de véier Prisonéier gesicht an eng Belounung vu 50.000 Reichsmark op sie ausgesat.  De gefälschte Marschbefehl „SS-General Pauly mit drei Begleiter auf geheimer Mission nach Saarbrücken“, d’Kalbliddegkeet, mat där déi véier Prisonnéier opgetruede sinn an déi gutt Däitschkenntnisser vun den zwee Lëtzebuerger Nic Wolff a Pierre Schaul hunn hinne méi wéi eemol d’Liewe gerett. Nodeems hinnen de Bensinn ausgaangen ass a si dowéinst e Gewaltmarsch an eng geféierlech Faart mat der Bunn riskéiert hunn, goufen déi véier falsch SS-Männer vun der Gestapo an enger „Schenke“ …  entdeckt!

Dëse Film ass keng Fiktioun, mee batter Realitéit. Op Basis vu villen Dokumenter, Aussoe vun Zäitzeien, Bild- an Archivmaterial aus dem KZ Buchenwald an aus dem Niewelager Arolsen, soll dëse Film e genaut Bild erëmspigelen, wat deemools passéiert ass a wéi et de véier Prisonéier  an engem reegelrechten „Himmelfahrtskommando“  versicht hunn  de Nazien ze entwëschen.

“Operatioun Pauly “ mat enger Spilllängt vun 95 Minutten ass 8 Wochen laang an de lëtzebuerger Kinoen gelaaf, an och an Däitschland zu Morbach an zu Tréier  gouf et Projektiounen mat interessanten Publikum-Diskussiounen éier de Film dann am Januar 2025 zu Arolsen/Buchenwald am Kader vun enger grousser Gedenkzeremonie gewise gëtt.

D’läscht Woch ass “Operatioun Pauly”  och  als DVD erauskomm. Um DVD och vill Bonusmaterial, dorënner en 50 Minutten laangen Interview mam verstuerwenen Guy de Muyser, deem och eng Flucht queesch durch Nazidäitschland gegléckt war. Grad esou d’Zäitzeien Lucie Wolff , d’Schwëster vum Nic Wolff , engem vun den 4 geflüchteten Häftlingen aus dem KZ Buchenwald/Arolsen, erzielt am Bonusmaterial op der DVD  iwwer déi dramatesch Episod aus dem Krichsjoer 1944.

Den DVD “Operatioun Pauly”  ass elo an all Librairie “Ernster “ als idealen Chrëschtdagcadeau fir 19,50 € ze kréien. Oder bei der “Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen ASBL” kann een DVD  bestellen  iwwer mail  op contact@unioun.lu  fir 19,55 + 2,55 fir Postenvoi ( 22€)  op CCPLULL: IBAN LU81 1111 0032 4645 0000.     

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *