Recent Posts

Post Categories

D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...

Blog Post

Gesondheet

Attentat aus der Medezinn op de Rechtsstaat? 

Attentat aus der Medezinn op de Rechtsstaat?
Image by mailme6 from Pixabay

Wann de Virworf da stëmmt, datt e Schankendokter e Schouster ass, dee seng Patienten a Gefor bréngt, dann ass dat natierlech e Skandal. Den Ament allerdéngs bleift mir just de Mond opstoen. Dee betraffenen Dokter  kritt e provisorescht Beruffsverbuet operluecht. Dat ass déi héchste Strof, déi et fir e Medezinner ka ginn, souzesoen seng berufflech Doudestrof. An op Grond vu wat?

6 Dokteren aus dem Centre hospitalier behaapten, hire Kolleeg aus dem Spidol Kierchbierg hätt Patienten um Knéi operéiert, wou dat guer net hätt musse sinn. Rieds geet vun 10 Patienten aus dem HRS, déi spéider am CHL nach eemol hätte mussen operéiert ginn. Dës hefteg Beschëllegungen goungen per Bréif un d’directrice générale Martine Goergen op der Areler Strooss an un de Generaldirekter Marc Berna um Kierchbierg. Am Huesegrënnchen woren se féx an hunn huerteg hire Kolleeg suspendéiert.

Die Wege des Herrn sind unergründlich… oder och net, op alle Fall ass de Bréif wéi duerch e Wonner e puer Meter méi

Image by Engin Akyurt from Pixabay

wäit bei RTL an der Redaktiounsstiffche gelant. D’Schicksal huet säi Laf geholl, an de Spriecher vum Spidol Marc Glesener schwätzt sech d’Zong fuselech, fir ze berouegen: et huet een d’Saach am Grëff an alles geet säi Wee. Am lëtzebuerger Wort gëtt hien zitéiert:“….Die Akte wurde sofort intern bearbeitet und ein Verfahren eingeleitet. Es handelt sich um ein kontradiktorisches Verfahren….” Ass dat wierklech esou?

Handelt et sech net éischter ëm eng Prozedur, déi um kompletten Anonymat fousst? Den Ament sinn d’Nimm vun de 6 Dokter bekannt – natierlech net fir d’Ëffentlechkeet-, ma de Beschëllegten krut den Numm vun de betraffene Patienten net gesot. Wann ech dat richteg erzielt krut, huet de Mann sech mussen op der Basis vun där enger oder anerer Photo justifiéieren, net awer op der Basis vum Patientendossier. Ech si kee Jurist, mä handelt et sech hei tatsächlech ëm eng kontradiktoresch Analyse?

Wéi heescht et ëmmer: de Beschëllegten ass esou laang onschëlleg bis datt de Géigendeel erwisen ass. Ma da gitt deem Mann och déi néideg Moyenen! Esou oder esou ass mat enger Schlammschluecht ze rechnen. De viséierten Dokter léisst déi Virwërf net op sech sëtzen. Ech ginn dovunner aus, datt hien de Krich vu sengem Liewe wäert féieren, schonn nëmmen eleng, well et hei ënnert anerem ëm dat berufflecht Iwwerliewe geet!

Säin Affekot François Prum léisst dorunner keen Zweifel a schreift an engem Communiqué: Mon mandant conteste avec la plus grande fermeté l’ensemble des griefs infondés portés à son encontre sur la base de dénonciations anonymes, dénuées de toute précision factuelle et ne permettant ni l’exercice effectif des droits de la défense, ni un examen contradictoire digne de ce nom.

An och d’Gesondheetsministesch selwer huet séier, ze séier reagéiert wéi si den Dokter deelweis suspendéiert huet; hien däerf net méi operéieren, dofir awer nach consultéieren. Och op dësem Punkt ass den Affekot méi ewéi däitlech: Cet arrêté ministériel constitue une nouvelle atteinte grave aux principes fondamentaux de l’État de droit, venant s’ajouter à une succession d’irrégularités procédurales d’une particulière gravité, imputables tant au Collège médical qu’à l’autorité ministérielle, pourtant investie du rôle de dernier garant constitutionnel. An anere Wieder: de Rechtsstaat gouf mat Féiss getrëppelt!

Image by Engin Akyurt from Pixabay

Huet deen Dokter Operatioune gemaach déi guer net hätte musse sinn? Huet hien iere Patiente vergarrelt? Dat bleift ofzewaarden. Ma et gesäit den Ament esou aus wéi wann hie bei d’Guillotine géif gefouert ginn an de Kapp wär schon erof.. Ech deelen d’Meenung vum AMMD-President (Associatioun vun den Dokter an Zänndokter), dem Chris Roller, dee seet: Et sinn Accusatiounen op Grond vun anonymmen Accusatiounen, wou da quasi ee Confrère vun eis hei ëffentlech higeriicht gëtt, ouni wierklech d’Méiglechkeet ze hunn, sech ze rechtfäerdegen, respektiv sech ze erklären. 

Par contre wieren ech mech dogéint, déi ganz Schold der Press ze ginn. Et war kee beruffleche Feeler, dee Sujet un d’Ëffentlechkeet ze bréngen, och wann da wärend e puer Deeg d’Echoen besonnesch grouss sinn am klenge Ländchen, wou jiddereen sech kennt. D’Feeler si virdru geschitt, ob gewollt oder ongewollt, och dat bleift ofzewaarden. De Steen gouf un d’Rulle bruecht! Ma vu wat fir engem Steemetzer? D’Fro vum cui bono (à qui profite le crime?), déi all Journalist sech ze stellen huet, wann hien esou Geschichten zougestach kritt!

 

Previous

Attentat aus der Medezinn op de Rechtsstaat?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *