Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

D’Regierungskris vun 2013 war mat der SREL-Affär gesteiert, geplangt, provozéiert a manipuléiert 

D’Regierungskris vun 2013 war mat der SREL-Affär gesteiert, geplangt, provozéiert a manipuléiert
GOUVERNEMENT.LU

Dësen Artikel schreiwen ech aus mengen Erënnerungen an Dokumenter aus der Zäit wéi ech Chefredakter war op Radio Lëtzebuerg. An den Dossieren Bommeleeër a SREL war RTL Leader, gouf den Toun un an hat di meeschten Auswierkungen an d’Politik. A fir et gläich kloer ze maachen: mir haten alles richteg gemaach, seriö recherchéiert, excellent Informatiounsquellen. Nawell hate mir op engem Punkt net genuch Wäert geluecht. Dat hat domadder ze dinn, well déi zoustänneg parlamentaresch SREL-Kommissioun total geheim ass, an déi puer Deputéierten déi doranner Member sinn, sech och tatsächlech un de secret halen an net wéi sos alles erausbabbelen. Klenge Réckbléck.

Et heescht ëmmer nees: de Juncker ass iwwer d’SREL-Affär gefall. Dat ass richteg, allerdéngs net ganz. Säin Ënnergank huet sech schonn e Joer virdrun ugekënnegt wéi e Grapp voll Privatleit d’Internet-Plattform 5 fir 12 an d’Liewen geruff haten; hannert där Initiativ waren net grad onwichteg Personnagen aus der Wirtschaft, déi am Laf vun de Joren a Joerzéngten e reegelrechten Haass op den deemolegen Premier opgestaut haten. De mot d’ordre “de Juncker muss fort” koum also primär aus Ekonomie-Kreesser, d’Politik koum méi spéit an d’Spill.

“…wichtegt Element: den Zäitpunkt!…”

An dësem Tatort ass den Zäitpunkt absolutt wichteg! Den Zäitpunkt wéini wat geschitt war, wéini wat an d’Welt gesat gouf.

Enn 2012 goung dee politesche Spektakel lass. D’Ëffentlechkeet gouf gewuer, datt de Marco Mille e Gespréich mat sengem Chef, dem Staatsminister Jean-Claude Juncker mat enger Spezialauer enregistréiert hat. Du jamais vu! An et koumen a reegelméissegen Ofstänn pikant Detailer, ni ze vill beieneen, éischter ewéi mam Drëpsenzieler fir datt d’Vollek Zäit hat no Loft ze schnapen a sech iwwer déi grujeleg Zoustänn am Staatsministère ze schudderen. Well, dorëms goung et: d’Bild hannerloosse vun engem Regierungschef, deen näischt, awer och guer näischt méi am Grëff hat.

gouvernement.lu

Wuelverstanen! Ech wëll hei d’Saach net erofspillen. De SREL war duerchaus eng Affär. Ma si gouf komplett mëssbraucht an zwar vu Leit déi deemools an der Oppositioun waren an no der Affär sech op engem gepolsterte Regierungsstull konnte kuschelen.

Gewësse Politiker hunn nämlech entsat op déi verschidden Informatioune ronderëm de SREL reagéiert, verwonnert, iwwerrascht, ewéi aus alle Wolleke gefall, dobäi war dat Meescht hinnen längstens bekannt.

D’Saach ass an der Ëffentlechkeet am Joer 2012 opgeflunn a si gouf dramaturgesch esou opgebaut, datt d’Affär zum Regierungsbroch gefouert huet. Den Narrativ vun der Geschicht war allerdéngs op d’mannst de Memberen aus der SREL-Kommissioun längst bekannt, hat e Baart, net vun dräi Deeg ma vu ganzer 3 Joer!

Déi cocasse Situatioun vum enregistréierten Aueregespréich hat sech schonn am Joer 2009 ofgespillt. Dat huet ënnert anerem den DP-Europa-Deputéierte Charel Goerens confirméiert. Hie gouf den 1. Dezember 2012 vun der Police Judiciaire gehéiert. Hei dee wichtegste Passage.

gkonline

Hale mir fest:

  • De Premier Juncker huet d’Initiative ergraff fir de Charel Goerens an d’Bild ze setzen
  • Fir den deemolegen DP-Parteichef war kloer, datt de Juncker d’Affer gi war vun enger illegaler Aktioun
  • Juncker a Goerens goufen sech am Laf vun deem Gespréich eens, all déi aner Memberen vun der parlamentarescher SREL-Kommissioun esou séier ewéi méiglech och ze informéieren. De liberale Politiker huet dat nach deen nämmlechten Dag gemaach.

Den deemolege Parteichef vun deene Grénge war de François Bausch, an och hie gouf vun der Police gehéiert. Hie sot ënnert anerem dat heiten:

gkonline

Also virun de Chamberwahlen an no deene Wahlen koum et am Dezember 2009 zu enger weiderer Sëtzung vun där Kommissioun

gkonline

 

“..nach eemol: de Skandal war  bal 4 Joer al!…”

Wisou huet sech keen an näischt am Joer 2009 gerouert? Wisou war den Interessi 3 Joer drop op eemol esou grouss? Ëmsou méi wou Joren virdrun déi nämmlecht Politiker d’Saach éischter geloossen opgeholl haten. Den Marco Mille huet de Geheimdéngscht verlooss an domadder hat et sech. Wir gaben uns zufrieden, sot ëmmerhinn de François Bausch vis-à.-vis vun der Police. Also näischt fir gläich un d’grouss Klack ze hänken!

gkonline

Déi eenzel Kommissiounsmemberen haten deemno déi néideg Erklärunge krut an d’Affär war de commun accord klasséiert ginn. Si waren net grad begeeschtert, datt e Gespréich mam Premier opgezeechent gi war (…n’apprécient guère…) an den Deputéierten Xavier Bettel hätt sech un blâme fir de SREL-Chef kënne virstellen Awer och just dat an net méi!

gkonline

D’Dramaturgie gouf opgebaut, andeems ëmmer nei kleng Elementer virun de Mikro getässelt goufen, nei Raibergeschichte bekannt gemaach goufen: datt zum Beispill och e Gespréich tëscht dem Premier an dem Grand-Duc enregistréiert gi wär, a schliisslech d’Kréinung mat der Publikatioun vum Originaltoun vum Aueregespréich. Ëmmer méi Bierger hunn de Kapp gerëselt, waren iwwerzeegt, datt de JCJ d’Pedalle verluer hätt!

“…staune wéi d’Kanner am Kasperl-Theater!…”

Déi meeschte Fakten waren also de Kommissiounsmemberen zanter 42 Méint bekannt. An dat huet och RTL esou gemellt:

Anert Beispill vun engem RTL-Radio-Reportage:

Mir haten also duerchaus op déi Zäitfënster higewisen, awer wuel net dynamesch genuch fir dat och politesch Kreesser- virop aus der CSV- drop gespronge wieren.

Herno ass een ëmmer méi gescheit ewéi virdrun. An d’Deputéierten kënnen sech  erausrieden, datt alles an där parlamentarescher Kommissioun streng geheim ass, datt si sech strikt dorunner gehalen hunn. Am anere Fall wären si éischter domadder an d’Ëffentlechkeet gaangen.

  • Gewosst war, datt de Chef vum Geheimdéngscht e Gespréich mam Staatsminister heemlech opgeholl hat
  • gewosst war, datt et an deem Gespréich ëm eng Telefonsecoute goung vun engem mysteriéisen Här M. Deen hätt ze soen de ganze Palais verwanzt an e Gespréich tëscht dem Grand-Duc an dem Regierungschef opgezeechent an duerno d’CD kryptéiert.

Hei dann d’Ausso op RTL vum François Bausch (déi Gréng) den 11. Dezember 2012 no enger Visite beim Geheimdéngscht selwer.

 

Piècen déi beleeën”….et war deemno keng Iwwerraschung, datt eng Persoun vum SREL ofgelauschtert gi war! Dat war eng al Schank! Et gouf elo Beweismaterial, et konnt een vun “Illegalitéite” schwätzen an eng Plainte areechen.

“…just komeschen Zoufall?…”

Am Hierscht 2011 goufen et déi éischt informell Reuniounen tëscht der DP an deene Gréngen. Pizza Connection goufen si genannt, limitéiert op e puer Persounen: François Bausch, Camille Gira, Félix Braz, Sam Tanson an Abbes Jacoby op der Säit vun deene Gréngen; Paul Helminger, Claude Meisch an Dan Theisen fir déi Blo, bei déi een nach kéint d’Patronen derbäi setzen aus den Alentouren vum 5 fir 12. Den Helminger war déi Zäit stater Buergermeeschter, de Bausch éischte Schäffen; allebéid goufen si gutt mateneen eens an duechten, et wier un der Zäit, de Pafestaat ofzeschafen.

E puer Méint drop sinn wéi duerch e Wonner éischt Informatiounen iwwer de SREL an iwwer en Aueregespréich un d’Ëffentlechkeet geroden, d’Schicksal huet säi Laf geholl!

Nach eemol: et geet net drëm, d’Affär erofzespillen, mä mat deem wat ech faktuell opgedëscht hunn, ass d’Fro dach berechtegt: à qui profite le crime? Dräi Joer no de Faiten platzt e Skandal, deen u sech just e blâme wäert gewiescht wär! Eigentlech brauch een jo do just 2 an 2 zesummen ze zielen, hat de Marc Cigrang an engem remarkabelen Lieserbréif virun 10 Méint hei op dëser Plaz geschriwwen https://bit.ly/3OhQAOy

quotidien.lu

Deen, dee wollt Buergermeeschter an der Haaptstad bleiwen, gouf iwwer Nuecht zum Regierungschef! Haut, 10 Joer duerno gëtt de Mann reegelméisseg u seng Vergaangenheet erënnert, zum Beispill duerch d’Verhaftung an d’Fuite vum fréiere SREL-Mann Frank Schneider fir deen hien bekanntlech kee Fanger kromm gemaach huet a fir deen sech auslännesch Medie méi interesséieren ewéi déi groussherzoglech Press.

Déi renomméiert BBC huet e längeren Reportage iwwer de Schneider gemaach mat engem Interview mat him  https://bit.ly/3DJVSgN an och de laangjärege Journalist Eringer huet zur Fieder gegraff https://bit.ly/3qn7IKP.  Vun esou Artikelen hält een wat ee wëll, ma Eringer a Schneider schéngen sech gutt ze kennen; seng Iwwerleeungen sinn deemno net grad vun der Heck gepléckt.

E fréiere Spioun huet natierlech en décke Calepin an eng gutt gefëllten Datebank, kann also duerchaus geféierlech sinn fir e Politiker. Firwat deem hëllefen, wann hien bis an de Labyrinthen ass? D’Fro ass just rhetoresch! De Schneider gouf fale gelooss ewéi eng waarm Gromper. Derbäi kënnt -ech kréien et ze héieren awer net confirméiert-, datt wuel e  puer Décker zu Lëtzebuerg och an OneCoin investéiert haten, Leit mat déckem Portmonni déi nach wollten opstocken, ma déi an dësem Geschäft hate musse Plomme loossen. Si wäerten et wuel verquësst hunn, awer weder vergiess nach verziiën!

D’Regierungskris war deemno gesteiert, geplangt, provozéiert an deementspriechend waren d’Neiwahlen manipuléiert. Et gouf net iwwer politesch Sujeten ofgestëmmt, ma iwwer eng Affär déi längstens zu den Akte geluecht gi war. Nach um Wahlowend selwer gouf déi politesch Hochzäit decidéiert, zu Dräi gouf de Bamkuch opgeschnidden an ënnertenee verdeelt. D’Rechnung war opgaangen!

De JCJ war zwar haut-la-main erëmgewielt ginn mat 56.000 Stëmmen, ma hat der dach 11.000 hänke gelooss. D’CSV goung vun 26 Mandater erof op 23, d’DP vun 9 erop op 13. Déi Liberal waren de klore Gewënner! D’Sozialiste bloufe bei schwaachen 13 Sëtz, déi Gréng erof op 6. Kloer! Et kann ee behaapten, datt d’CSV de Verléierer war, ma bei de Gambisten gouf et just ee Gewënner. Wéi bestallt koum eng selwer ernannten Intelligenzia mat der Feststellung: et gëtt kee Wielerwëllen, dat ass Phantasie!

Datt déi Chrëschtlechsozial ëmmer nach absolutt stäerkste Kraaft waren, huet kee Rullo méi gespillt. De Juncker huet musse fort. Datt deen sech munchmol komplett donieft beholl huet – esou wéi ech et besonnesch vu sozialistescher Säit verzielt kréien-, dat ka jo sinn an ech wëll et gleewen. Nawell war déi dote Manéier ganz schéin knaschteg. Eng Partie mat gezénkte Kaarten. Mä an der Politik ginn et net vill Spillreegelen.

10 Joer sinn et hier. Tempi passati. Dës Geschicht gëtt net entscheedend fir d’Wahlresultat vum 8. Oktober 2023. An awer hunn ech si mussen aus menger Siicht erzielen. D’Press ass sech bewosst, datt si sech mëssbrauche gelooss huet a wëll léiwer net drun erënnert ginn. Awer och well et ënner de Journaliste vill Gambiste ginn: mat Virléift gréng, sos rout a wann et net aneschters geet, e bësselche blo. D’Zäit ass (glécklecherweis) eriwwer wou d’Lëtzebuerger Wort wéi ee Mann hannert der CSV stoung (Aera Abbé Heiderscheid).

Haut allerdéngs weess de Wort-Journalist net wéi hien sech soll béien a krëmmen fir nëmmen net an de Verruff ze kommen, och nëmmen dat Geréngst mat de Pafen ze dunn ze hunn. Déi nämmlecht Gène fënnt een allerdéngs net am Tageblatt par rapport zu LSAP an OGBL. An RTL? Déi lescht Joer wiere wierklech eng gutt Geleeënheet gewiescht, sech ze demarkéieren…

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    Interessanten artikel.
    Dass gambia duerch e politesche putsch un d macht koum ass kaum e geheimnis mei.
    Ech denken allerdengs ,dass dat haur net mei vill wieler interesseiert.
    A wann dach…kann een nach emmer op russland,china oder souguer USA verweisen wou et nach mei rau hiergeet.
    Conclusioun..karawane zieht weiter und wir schauen zu.

  2. Lex Roth

    Ech fannen dem Guy säin Artikel ganz exakt a gutt recherchéiert. Hu mir nach Journaliste vun deem ‘gabarit’?
    Lex Roth

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *