De Comité vun der Actioun Lëtzebuergesch (AL) ass enttäuscht, datt mat der joerzéngten aler Traditioun gebrach gëtt, d‘Ukënnegungen um Fluchhafe Findel och op Lëtzebuergesch ze maachen.
Dëst soll bedéngt sinn duerch d‘Installatioun vun engem neien automatiséierten Ukënnegungssystem, an deem d‘Sproochen Englesch a Franséisch scho vum Wierk aus virinstalléiert sinn. Duerch technesch a finanziell Contrainte soll et net méiglech gewiescht sinn, déi néideg Texter an der nationaler Sprooch vum Land, Lëtzebuergesch, opzehuelen.
D‘AL bedauert déi Situatioun zudéifst, an erwaart sech, datt d‘Regierung un enger Léisung schafft, déi et erméigleche géif, déi technesch a finanziell Probleemer, déi zu dëser Situatioun gefouert hunn, aus der Welt ze schafen.
Enger rezenter Ëmfro vun enger Gratis-Zeitung no sinn 92,84% vun de Leit derfir, datt d’Usoen um Flughafen op jidderfall och op Lëtzebuergesch solle gemaach ginn, dovunner sinn 32,35% der Meenung, d’Usoe sollen an deenen dräi Sprooche vun eisem Land (Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch) an natierlech och op Englesch (Weltsprooch) iwwer de Mikro goen. D’AL setzt sech schonn zënter 50 Joer fir d’Méisproochegkeet an eisem Land an. Mir sollen onbedéngt vun där grousser Chance, déi mir hunn, souzesoen „dräisproocheg“ opzewuessen, profitéieren an dat och no baussen – grad och um Flughafe – weise resp. héiere loossen. Dat si mir dem Land a senge Leit schëlleg. Wann déi meescht aner Länner dat fäerdeg bréngen, da misst e räicht Land wéi Lëtzebuerg dat jo och hikréien.
An deem Kontext kéint een sech och froen, wéi et iwwerhaapt mat der ganzer Kommunikatioun um Flughafen (an och soss op ëffentleche Plazen) ass, also och wat z.B. d’Schëlter ugeet. Um Flughafe vu Palma de Mallorca liest een z.B. alles a véier Sproochen: Portes (Mallorquinesch), Gates (Englesch), Flugsteige (Däitsch) a Puertas (Spuenesch). Kéinten d’Schëlter bei äis net och an der Weltsprooch Englesch an an eisen dräi administrative Sprooche sinn?
D‘AL hofft, datt déi betraffen Instanze sech d‘Saach nach eng Kéier duerch de Kapp goe loossen, an ass natierlech och bereet, bei enger Iwwersetzung vun den Texter matzeschaffen.
Fir de Comité vun der AL,
Claude BACHE Patrick KAELL President Sekretär
Izeg, de 7. September 2021
Letzebuerger Sproch op dem Findel ass dach eng Identifikatioun vun eisem Land
oder ass et daat net mei