Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

Jeannot Weber: Et ass och meng Natur, loosst mir e bësschen dovunner! 

Jeannot Weber: Et ass och meng Natur, loosst mir e bësschen dovunner!
Jeannot Weber

Et ass villes iwwer Naturschutz geschriwwen a geschwat ginn. Naturschutz soll net nerven, Naturschutzgesetz soll ee vernënfteg asetzen. Eng Naturschutz -Politik duerf net eng Politik vun der Behënnerung sinn, heescht et vun de neie Verantwortlechen an der Regierung. Ma bréngt d’Natur nëmme Problemer? Huet de Mënsch näischt vun der Natur ?

Ech hunn zanter nu bal engem hallwe Joerhonnert mat den eegnen Hänn vill Beem, Hecken a Weideres geplanzt oder soss probéiert ëmmer der natierlecher Ëmwelt esouvill wéi méiglech ze hëllefen. D’Natur, de Bësch war an ass fir mech ëmmer eng Plaz wou ech gäre sinn, wou ech mech immens wuel fillen. Opgewuess am Äisch-Dall bei Habscht, hat ech och do déi grouss Chance, vill Bësch- a vill Natur-Landschaft kënnen z’erliewen. En Hues, e Feldhong mat  Klenger ze begéinen oder e Weerand mat Blummen a Kraider war fir mech ëmmer eng Selbstverständlechkeet. Naturschutz gesinn ech och als de Schutz vu menger eegener perséinlecher Liewensqualitéit.

Ëmsou méi trauereg, wann ech haut gesinn wei onsënneg an onnéideg mer mat eiser natierlecher Ëmwelt ëmginn. Ufank Dezember, schonns praktesch am Wanter, war ech schockéiert an där Gemeng Habscht wou ech als jonke Mënsch vill Natur nach konnt erliewen, dass do direkt nieft der Schoul zu Äischen all verdréchenten Grashallem a Kraider laanscht Weeër déi an d’Natur feieren ewech gemaach ass ginn. Dës radikal Natur-Verdrängung ass net nëmmen bei der Schoul zu Äischen passéiert. Nee, an der gesamter Gemeng, queesch duerch den Äischdall, am gréissten Natura 2000 Schutz- Gebitt vu Lëtzebuerg, huet missten esou eng onnéideg Natur- Zerstéierung gemaach ginn.

Jeannot Weber
Jeannot Weber
Jeannot Weber
Jeannot Weber

Dëst, obwuel ech schonns e puer mol déi Verantwortlech vun der Gemeng Habscht dorops opmierksam gemaach a motivéiert hunn, e bëssche méi Natur zouzeloossen.

Enn Dezember ass et souguer nach schlëmmer ginn. Kilometer wäit sinn du Bordure laanscht de Nationale Vëlo-Wee PC12 ewech gebaggert ginn (insgesamt wann een déi zwou Säiten hëlt, bal 8 Kilo Meter wäit). Domat ass e Liewensraum zerstéiert ginn, dee grad och fir vill Deieren, déi de Wanter bei eis verbréngen eng wichteg Basis ass. Een absolut onnéidegen Natur- Vandalismus, e Resultat vun Inkompetenz, Ignoranz an Aktivismus. Eng Réi vun dëser onnéideger Natur Zerstéierung ass och nach an engem Natur -Schutz- Gebitt passéiert. An zwar am Schwaarzenhaff /Jongebësch mat enger enorm wäertvoller Vegetatioun, mat villen a verschiddenen Orchideeën Aarten.

Jeannot Weber

Et ass schonns en absolutt Wonner, dat Orchideeën nach direkt bis un d’Bëtonsplacken vun dëser Vëlo-Pist PC 12 wuessen.

 

 

 

Nieft dem Gebaggers ginn och hei permanent vun Abrëll bis Dezember alles un Natur ëmmer erëm mat dem Mulcher zerstéiert, an dat an engem Naturschutz Gebitt!

Jeannot Weber
Jeannot Weber
Jeannot Weber
Jeannot Weber

 

 

 

 

 

Dëst ass eng Platz wou Dausende vu Leit am Joer passéieren, Leit zou Fouss mat Vëloen oder soss, och vill Leit mat Kanner. Wann net hei wou soss sollt een nach e bësschen Natur duerfen erliewen?

Jeannot Weber

Ass dëst net och de Leit hir Natur, eng Natur déi geschützt ass.? Eng Natur déi a kenger Hisiicht eng Behënnerung duerstellt, eng Natur déi keng Problemer mécht. Firwat brénge mer et mol op esou Plazen net fäerdeg e bësschen Natur de Leit ze loossen? Leit wëlle Natur, dofir komme se jo heihin. Leit hunn haut net méi vill Wëssen iwwer Natur, se hunn awer e gutt Gespier fir d’Natur, a vill Leit fillen sech och mat der Natur verbonnen.

Méi -Aarbechten un de Borduren vun dësem PC 12 wiere mol mol net absolut falsch . Am Géigendeel, souguer aus Naturschutz -Grënn ass dëst wënschenswäert. Falsch ass just wéi a wéini des Méi -Aarbechte gemaach ginn. Wichteg: net ze oft an de richtegen Zäitpunkt! Am beschten net virum hallwe Juni, a wann nach emol Méi-Aarbechten néideg sinn, eng Kéier Ufank Hierscht.

Dann awer ass dat Wichtegst: MÉIEN , NET MULCHEN ODER SCHREDDEREN. An dëst ass schwéier, well d’Gemengen an hir Méi-Servicer am léifsten mat dësen Mulcher oder Schredder -Maschinnen duerch d’Gewann jauwen, alles zerklengeren an einfach leien loossen.

Jean not Weber

Dës Mulch -Mäher sinn awer fir d’Natur eng Katastroph. Bekannt ass scho laang, datt mam Asaz vun esou Maschinnen extrem vill Déieren mol direkt dout gemaach ginn. De klenge Kiewerlek, e Päiperlek, a schonns guer net deem seng Raup, kënne wéi vill aner Deieren- dorënner Amphibien- net ëmmer séier (aus dëse meescht fir si leschte Stoppen a soss ausgeraumte Landschaften) virun deenen décken a séiere Maschinnen verschwannen. E Professer vun der Universitéit Hohenheim, den Dr Johannes Steidel, fäert souguer datt dëst total Mulchen vu gesamten Landschaften och zum bekannten Insekten Stierwen bäidréit. Bei dësem Mulchen ginn net nëmmen Planzen mat oder ouni Deieren direkt zerstéiert. Doduerch dat dëst Mulch -Material um Buedem bleift, gëtt de Buedem ofgedeckt, souguer gedüngt. Domat suergt dëst Mulch- Material fir eng drastesch Verännerung vun der Vegetatioun. Dëst Ofdeckung vum Buedem mat enger Uräicherung u Närstoffer féiert dozou, datt besonnesch Planzen déi méi eng dréchen Moer-Situatioun gären hunn, keng Chance hunn sech géint Brennnessel oder verschidden Dëschtelen duerchzesetzen. Héiert een awer Argumenter vun de kommunale Dauer-Mulcher, gëtt dëst Mulchen gemaach, well d’Leit net wëllen laanscht Weeër mat ze vill Brennnesselen oder Dëschtelen trëppelen???

Jeannot Weber

Direkt laanscht de Vëlo-Wee am Naturschutz-Gebitt bei Äischen si vill Teppecher vu Spueren vu Meeréisercher. Dës schéi Planzen weise knapps hier puer cm-héich Blieder a schonns gi se zerrappt. Brennnesselen wéi Dëschtelen sinn hei ob dësem more Buedem keng ze fannen.

 

Bei Aarbechten dobaussen an der Natur, gesäit een oft gelungen Saachen.

 

 

Jeannot Weber

Gemengen hunn all e Fieschter, a wéi an dësem Fall sinn se och Member bei engem Naturschutz-Syndikat. Et ginn zwar schéin Brochuren erstallt, soss awer ginn Gemengen souguer an engem sensibelen Naturschutz-Gebitt wurschtele gelooss. Gäertner oder Technesch Servicer vun de Gemengen hunn eigentlech ausser déck Maschinnen a Leit déi musse beschäftegt ginn, wéineg Kompetenzen fir esou Naturschutz -Aufgaben.

Sauvons Bambi ass eng Aktioun bei där direkt vill Gemengen, och d’Gemeng Habscht matgemaach hunn. Bei Sauvons Bambi geet et dorëms, jonk Réi-Kitzen aus Wisen ze retten, datt se net vun de Baueren beim Méien geschreddert ginn. Aus Siicht vum Déiereschutz richteg (an e gehäckselt Réi gehéiert net an d’Fudder vun enger Kou), och wa spéider dat ausgewuessent Réi dann als Natur-Zerstéierer geschoss gëtt. Aus Siicht vum Déiereschutz wéi Naturschutz wier et allemol méi wichteg, dat onnéidegt Gemetzels vun zeg Dausenden Déieren duerch Mulcher an eise Landschaften direkt ze ënnerbannen.

Dat wat elo do bei Äischen passéiert,ass och fir mech ganz kloer eng Natur-Zerstéierung, dowéinst hunn ech och eng Plainte Administrative bei der ANF agereecht. Méin Uleies ass net onbedéngt e Schëllegen ze sichen an ze bestrofen, mee datt an Zukunft dësen Onsënn endlech ophéiert.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *