Home office- déi e bësselchen aner Siicht

0
281
Image par Martine Auvray de Pixabay

De Schlappekino kritt eng nei Definitioun. Net méi d’Televisioun ass domdder gemengt, ma den écran vum Computer: de moderne Mënsch setzt sech virdrun a verriicht säi Beruff. Home office nennt sech dat oder och Télétravail. Zanter dem Krich géint de Virus ass dëse Phenomen quasi net méi aus der Gesellschaft ewech ze denken. Hie gëtt als grousse Fortschrëtt gefeiert. Dobäi ass d’Aarbecht doheem guer näischt Neits!

D’Madamm Shalmani erënnert am l’EXPRESS drunn, datt zwee Drëttel vun de Fransousen bis an den Ufank vum leschte Joerhonnert eran hir Aarbecht doheem gemaach hunn: Schouster, Händschefabrikant, Goldschmadd, Dokter, Affekot, Notaire…Si all gesouchen sech als “indépendant”, ma waren zugläich sech eleng iwwerlooss. Mat der Belle Epoque koum et zu engem Mentalitéitswiessel. Eraus bei en externe Patron schaffe goen, war keen Zeeche méi vun Aarmutt.

Image par WikiImages de Pixabay

Et war de Moment vun de Gewerkschaften, déi sech ëmmer méi fir Kollektivverträg an de Betriber agesat hunn, also fir besser Pai a besser Aarbechtskonditiounen fir d’Ugestellten. Et war also d’Entwécklung vum Paternalismus eriwwer bei de Syndikalismus. Dee Fortschrëtt huet och fir d’Fraen gegollen. Wann si bis dohinner dacks doheem als Néiesch geschafft haten, esou waren si meeschtens dacks an hirer Onofhängegkeet méi wéi limitéiert. De Mann hat schliisslech d’Exklusivitéit op d’Box.

Wéi d’Fraen awer bis eraus schaffe goungen – zum Beispill an eng Fabréck-, haten si et zwar um Ufank mäerderesch schwéier, konnten awer hir fraespezifesch Problemer an der Ëffentlechkeet thematiséieren. Vum Paternalismus eriwwer op de Feminismus! Esou gesinn huet déi Entwécklung vu ‘privater’ Aarbecht eriwwer op ‘ëffentlech’ Aarbecht e grousse Fortschrëtt fir d’Mënschheet bedeit!

An elo di mir nees d’Schlappen un, freeën eis, vun doheem aus schaffen ze kënnen an nennen dat eng modern Äntwert op modern Erausfuerderungen. Gemengt ass domadder an der Haaptsaach d’Verkéiersproblematik. Dobäi ass een sech dacks net genuch bewosst, datt een déi ‘ëffentlech’ Aarbecht mat Heem hëlt. My home is my castle? D’Salariat gëtt allemol op zwou Manéiren méi liicht ugräifbar.

Image par Luisella Planeta Leoni de Pixabay

Matzen am lockdown sot mir en Direkter vun enger grousser Bank: endlech gëtt ee mol gewuer, op wat fir e Mataarbechter ee ka verzichten an op wat fir een net! Dobäi ass dee Mann net bekannt als soziale Klabautermann, ma hie gouf mam Grinsen vun engem Spëtzbouf ze verstoen, datt d’Aarbecht fir doheem méi präzis quantifizéiert a kontrolléiert gëtt. Wien also nëmme wéineg op senger Lee stoen huet, muss mam Risk liewen, enges Daags zu de Verléierer ze gehéieren!

Déi nämmlecht Iwwerleeung gëllt och fir ganz Servicer. Home office bedeit jo Computeraarbecht. Gi mir mol dovunner aus, datt dat an engem Betrib rullt wéi op Paletten. Wien hënnert de Patron drun, deen Service ze outsourcen, op Mataarbechter aus engem vill méi bëllege Land zeréckzegräifen? Also zum Beispill seng Kontabilitéit gréisstendeels op de Philippinne maachen ze loossen? Den Internet mécht et méiglech!

Méi allgemeng sinn ech der Meenung, datt duerch den Télétravail den eenzelen Individuum alt méi dem Individualismus verfält. Grad d’Pandemie awer huet eis geléiert, datt de Mënsch eng sozial Kreatur ass: hie brauch de géigesäitege Kontakt mat sengesgläichen an dat nët nëmmen op den Terrassen.

 

KOMMENTAAR

Please enter your comment!
Please enter your name here