mir sollten eis Sprooch méi héich halen! Dee Wonsch koum an engem relativ rezenten Artikel am “Luxemburger Wort” vum Här Khabirpour, dem fréiheren Direkter vum CPOS, dem Centre Psychologique et d’Orientation Scolaire. Mir sollten net esou schimmeg mat där Sprooch ëmgoen, déi mir selwer nawell gären als Dialekt deklasséieren; am Géigendeel: d’Lëtzebuergescht sollt vun Ufank un a méi staark an de Schoule geléiert ginn, am Fondamental sollt esouguer de Schwéierponkt drop geluecht ginn! Ech war an enger éischter Iwwerleeung begeeschtert vun där Ausso, well, wéi schreiwt de Monni Lex Roth vun der Aktioun Lëtzebuergesch an engem Lieserbréif: “Mäi léiwen Här Khabirpour, wann ech “Leitsgeheier” dat esou riichteraus ‘getut’ hätt, dann hätt ech all méiglech ‘noms d’oiseaux’ nogehäit kritt”. An anere Wieder: ween sech am Grand-Duché fir d’Lëtzebuerger Sprooch asätzt, kritt zimmlech séier iwwerdriwwene Patriotismus, Nationalismus virgehäit, kuerz, hie gëtt an de stramm rietsen Eck gestallt.
Dem Fari Khabirpour – mat Migratiounshannergrond- kann een dee Virworf net maachen. Ech war also grad esou wéi de Monni Lex an engem éischten Ulaaf begeeschtert vun där Ausso. D’Integratioun vun de villen Auslänner geet zu engem gudden Deel duerch d’Portaler vun eisem Schoulsysteem. De 700.000 Awunnerstaat hu mir geschwënn areecht – a méi séier wéi geduecht- an elo geet et riicht weider an Direktioun vum Millioune-Staat! Wéi sollen déi vill Auslänner integréiert ginn, wann net duerch d’Sprooch?!
et ass eng Realitéit: eis geschriwwe Sprooch gëtt zanter der Erfindung vum elektronesche Geschier wéi Handy a PC esou vill benotzt wéi nach ni! All Dag dausende Messagen vias sms, WhatsApp, Messenger, facebook, twitter, mail, an, an, an… Dacks nach laang net richteg geschriwwen, ma mir goufen et jo och ni geléiert-besonnesch déi eeler Joergäng net. Ma geet dat duer, fir datt eis Sprooch tatsächlech eng Zukunft huet? Wann den Här Khabirpour sech wënscht, datt am “Fondamental”, also an der Spill- an an der Primärschoul, de Schwéierponkt op der Lëtzebuerger Sprooch soll leien, gi mir verschidde Saachen duerch de Kapp.
An enger éischter Iwwerleeung ginn ech dem Mann mol Recht! Mä, wat heescht dat schonn, datt eis Sprooch sollt méi am Unterrecht benotzt ginn? Ass dat net souwisou schonn de Fall? Schwätzt de Schoulmeeschter/d’Schoulmeeschteg net souwisou mat de Kanner op Lëtzebuergesch? A wat bedeit et fir d’Kanner, eis Sprooch richteg ze léieren? Niewt dem Däitschen an dem Franséischen kéim eng Sprooch bäi! Natiirlech hunn déi kleng Däbbessen et méi liicht, eng Sprooch ze léieren, ma d’Lëtzebuergescht ass besonnesch fir Auslänner net esou einfach, weder am Schreiwen, nach am Schwätzen. Derbäi kënnt, datt den Här Khabirpour der Meenung ass, datt och d’Englescht sollt méi fréi an eise Schoule geléiert ginn. An datt d’Kanner (nach) méi fréi sollten mat der digitaler Welt konfrontéiert ginn!
” Vergiesse mer net bei all deenen Iwwerleeungen, datt et sech ëm Kanner handelt tëschent 4 an 12 Joer al?!”
d’Realitéit ass elo schonn eng aner! A ville Gemengen sinn d’Auslänner bei wäitem an der Majoritéit. Kloer! D’Léierpersonal schwätzt am Klassesall op Lëtzebuergesch esou wäit et méiglech ass, ma wann d’Lëtzebuerger Sprooch op den nämmlechten Niveau gesat gëtt ewéi déi zwou aner Sproochen, wann also Prüfunge gemaach ginn, mat eventuel schlechte Resultater, da riskéiert déi auslännesch Populatioun rabbelkäppeg ze ginn, mam Argument: virwat soll mäi Kand eng Sprooch léieren, déi sos néirewou op der Welt benotzt gëtt, mat där seng beruflech Perspektiven op kee Fall méi grouss ginn, et sief zu Lëtzebuerg? An da soll de ‘klenge’ Schoulmeeschter kucken, datt hien eens gëtt mat den Elteren, – ‘kleng’, well d’Léierpersonal meeschtens am Stach gelooss gëtt. Besonnesch batter ass et an de sougenannte räiche Gemengen, mat Auslänner mat engem extreem héigen Akommes, déi sech net esou séier op d’Nues sch…. loossen an déi bei esou Geleegenheeten op de Ministère trëppelen an et do gehéiereg laafe doen.
ech sinn duerchaus op der Säit vun den Hären Fari Khabirpour a Lex Roth, datt d’Lëtzebuergescht “dat Sprooch-Bescht” wier, fir d’Leit ze integréieren, déi bei äis kommen a sech e bëssen doheem wëlle fillen”. Et sollt een et awer och net domatter iwwerdreiwen! Wa mir an e puer Joerzéngten zu enger Millioun sinn, wär et schéin, wa mir eis gréisstendeels kéinten ënnertenaner op Lëtzebuergesch verstännegen; dobäi wär et da manner wichteg, ob et richteg oder falsch geschriwwen ass! A wann d’Lëtzebuergescht äis esou wichteg ass, da sollte mir Erwuessener haut schonn mam gudde Beispill virgoen. Ech selwer hunn iwwer 30 Joer d’Sprooch net richteg geschriwwen an dinn mech haut nach schwéier!