Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

De Phenomen DOCTENA 

De Phenomen DOCTENA

et ass schonn e flotte System. Et geet een per Handy oder PC op Doctena an et reservéiert een sech e Rendezvous bei engem Dokter. Kamoud, einfach an et kritt en 1 – 2 Deeg virum Termin eng SMS als Rappell. Wann een d’Consultatioun wëllt verréckelen, ass och net komplizéiert: et annuléiert een säin alen Datum an et sicht een sech en Neien eraus. Esou gesinn eng Top-Saach. Ma wéi esou dacks ginn et och Nodeeler. Dann awer éischter fir de Patient.

Doctena ass näischt aneschters ewéi en Aarbechtskalenner fir den Dokter. Déi eng proposéieren e Rendezvous all 30 Minutten, déi aner entweder all 20 Minutten, jo esouguer all 15 Minutten. Dokter a Patient wëssen also, wou si dru sinn. De System gëtt allerdéngs brécheg, wann de Patient an enger Noutsituatioun ass a séier wëll bäikommen. De Kalenner ass strubbelvoll, wann ee Pech huet, muss een Deeg, jo Woche waarden!

Huele mir d’Beispill vun enger jonker Fra, där et net gutt ass. Si rifft bei hirer Hausdoktesch un a seet, si hätt e Verdacht op eng Bronchite a kritt als éischt Äntwert: bei Grippesymptomer musst Dir de Covid-Test maachen. Et ass Donneschdeg. D’Fra mécht dat direkt, huet Freides hiert negatiivt Resultat a rifft der Generalistin nees un. Si kënnt u kee méi. Also rapido op Doctena.

Alles besat. Nächst Méiglechkeet fir e Rendezvous ze huelen, wär e Mëttwoch. Am Ganzen also 6 Deeg waarden! Mat enger eventueller Bronchite kann dat duerchaus Schlëmmeres bedeiten. Dem Generalist däerf dat egal sinn, säi Kalenner ass schliisslech gutt gefëllt.

Derbäi kënnt, datt et Doktesch-Cabinet gëtt déi probéieren, eleng mat Doctena operationell ze sinn an aus Käschtegrënn op hir eege Sekretärin verzichten. Wann de Patient also beim Dokter urifft, schwätzt hien mat enger fir hien absolutt onbekannte Persoun vun Doctena, Kilometer wäit ewech. Et ass komplizéiert, nach iergendwéi mam Dokter  selwer a Kontakt ze kommen; hien oder si sëtzt am Cabinet a schafft d’salle d’attente an deem Minutten-Takt of, esou wéi et virgesinn ass.

Grad de Generalist soll bekanntlech eng Vertrauenspersoun sinn, déi bescheed weess iwwer déi verschidde Boboen an och méi schlëmm Krankheeten vum Patient. Dohir jo och deen e bësselchen demodéierten Term vun HAUSDOKTER. De moderne Generalist riskéiert zu enger Zort Alexy ze verkommen, ze schaffen esou wéi hien programméiert ass. D’Alexy hëlt de Staubsauger eraus, den Dokter de Bluttdrockmiesser, all 15 Minutten. Do bleift verdammt wéineg Zäit, iwwer den Härgott an iwwer d’Welt ze poteren, pardon, ze small-talken.

“…Grad fir eeler Leit ass den direkte Kontakt mam Dokter wichteg, a misst am Tarif vun 52 Euro mat abegraff sinn!

Natierlech war fréier net alles besser. Wat ech bemängelen ass, datt d’Dokter ëmmer méi dacks am “9-12/2-6”-Rhythmus schaffen, ouni en Noutausgang virzegesinn fir Urgencen, zum Beispill Moies an/oder Mëttes eng Stonn fräi ze halen fir esou Rendezvousen a leschter Minutt. Mam Risk, datt den Dokter dobäi eidel ausgeet. Ma et wier am Intressi vun de Patienten. Esou wéi et den Ament dacks leeft, ass de Patient -an Nout- gebieden, an eng maison médicale oder an d’Urgence vun enger Klinik ze goen, mam Risk, do Stonne laang ze vergadderen.

Ech pauschaliséieren mat dëser Kritik an entschëllege mech dofir, well ech weess, datt et och där aner Dokter gëtt. Mä d’Tendenz ass do, an et kann ee sech hannert engem digitale System verstoppen, deen u sech gutt ass, ënnert der Konditioun, datt kee Mëssbrauch dovunner gemaach gëtt.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *