D’Situatioun ass verwurrelt ier et lassgeet: fir den Hierscht huet d’Sozialministesch Martine Deprez d’Patronat, d’Gewerkschaften an nach aner Organisatiounen invitéiert fir Gespréicher iwwer d’Zukunft vum Pensiounssystem. Dës Woch soll et lassgoen. Wéi sech ze erwaarde war, si Patronen a Gewerkschaftler um Krichsfouss. Hir Positiounen sinn esou diametral opposéiert, datt hir Vertrieder am Wirtschafts- a Sozialrot kee gemeinsamen Avis konnten zesummebastelen. Jiddereen kacht seng eegen Zëppchen.
D’Syndikater – deenen hier Positioun mir an engem éischten Artikel resüméiert hunn- bleiwen dobäi, datt déi aner Säit alles vill ze schwaarz gesäit, Alarm schléit fir Näischt an nach eemol Näischt, an datt een Aschläiche vun engem Kapitalisatiounssystem guer net an d’Tut kënnt. Dee kënnen sech d’Patronen ofschminken! Sollt den abléckleche System mat senge 27 Milliarden Euro an der Reserve tatsächlech enges Daags a finanziell Gefor geroden, da bestéinge vill Méiglechkeeten, deem entgéintzesteieren a wa guer näischt méi geet, missten d’Cotisatiounen op deenen dräi Säiten ëm 1 Prozent eropgesat ginn. Dat stéisst natierlech bei de Patronen sauer erop!
Fir d’éischt wëllen si net Schold sinn un där gespléckter Situatioun am Wirtschafts- a Sozialrot -et malgré la volonté certaine des représentants des organisations des employeurs, matérialisée par de multiples tentatives de propositions alternatives, un avis commun n’a pu être réalisé – an direkt drop gëtt higewisen, datt d’Finanzen am fonds de compensation zwar méi ewéi an der Rei sinn an datt Lëtzebuerg nawell op Puff lieft”… toutes les organisations internationales qui ont de l’expertise dans le domaine des pensions, attribuent au Luxembourg un système financièrement non soutenable, que ce soient les experts internationaux comme ceux du FMI, de la Commission européenne (voir encore ses recommandations adressées au Luxembourg le 19 juin 2024), de l’OCDE ou les experts nationaux comme ceux de la BCL ou du CNFP, outre ceux de l’IGSS…”
All d’Organisatiounen! Sinn d’Gewerkschaften da blöd, datt déi dat net verstinn?! Den Ament ass et mol esou, datt 500.000 Salarié eng 210.000 Pensionéierter finanziell “um Liewen halen”. Wann näischt ënnerholl gëtt, mussen et muer 1 Millioun 200.000 Leit um Aarbechtsmarché ginn, déi deen Ament 500.000 Pensionéierter mat erduerchhuelen. Do si mir dann voll an der Diskussioun iwwer de 700.000-Awunnerstaat, déi de Staatsminister Jean-Claude Juncker virun 20 Joer ugeleiert hat.
An de System ass generéis! Esou si mir dat eenzegt Land, wou déi Pensionéiert iwwer 75 Joer méi en héicht Akommes hunn ewéi den Duerchschnëtt vun den Aktiven. Dat léisst de Bierger sech net zweemol soen. Hie geet fréi an d’Pensioun, an der Moyenne 4 Joer éischter ewéi sos anzwousch an der OECD, esou am Alter vu 60,5 Joer.
Datt déi Pensionéiert méi Mécken hunn ewéi déi Aktiv, bréngt déi sozial Kohäsioun a Gefor; schliisslech mussen déi Jonk nach dacks hire Prêt fir d’Wunnecht ofbezuelen.“…S’il ne convient pas de souhaiter une contraction du pouvoir d’achat des pensionnés, une moindre augmentation du niveau des pensions par rapport à celui des salaires ne serait, dans un premier temps, que la correction du déséquilibre intergénérationnel instauré au cours des dernières années…”
“…Kann een sech dat nach leeschten?…”
D’Fro ass berechtegt, ëmsou méi wou d’Zuel vun den Awunner net méi därmoossen wäert eropgoen. Partant d’environ 625.000 habitants en 2020, le nombre de résidents atteindrait environ 785.000 en 2070 enregistrant ainsi une croissance annuelle moyenne de 0,5% sur l’intervalle de projection. Il convient de noter qu’il s’agirait cependant d’un niveau de croissance encore supérieur aux autres pays européens.
D’Zuel vun de Frontalier géing awer weider stramm klammen.: En termes absolus, la population active résidente du régime général passe de 250.000 en 2020 à 265.000 en 2070 et le nombre de travailleurs frontaliers évolue de 210.000 individus en 2020 à 365.000 en 2070. Alles an der Rei am lëtzebuerger Ländchen? Ofgesinn dovunner, datt et ufänkt méi enk ze ginn am Grand-Duché, musse bei deem dote Wuesstem natierlech och ëmmer méi Pensiounen ausbezuelt ginn.
Partant de 195.000 pensions liquidées en 2020, la simulation de base du Bilan technique de l’IGSS montre que ce nombre devrait tripler en cours de projection pour atteindre 605.000 en 2070 ! An den Däiwel läit wéi ëmmer am Detail: d’Zuel vun de Pensiounen déi u Leit ausbezuelt ginn, déi net hei am Land wunnen, géif drastesch klammen, vun ablécklechen 95.000 op 330.000 a 50 Joer. De pensionéierte Frontalier gëtt 99,9% vu sengem Akommes net zu Lëtzebuerg aus, Suen déi der lëtzebuerger Wirtschaft wäerte feelen.
Den Ament cotiséiert en Aktiven fir mol net grad en hallwe Pensionéierten (coefficient de charge läit bei 42 Prozent); a 50 Joer awer misst een Aktiven bal fir e ganze Pensionéierten opkommen (coefficient vu 96%). D’Patronatsvertrieder weisen an hirem Avis och méi ewéi eng Kéier drop hin, datt déi Zuelen a Statistiken net vun hinne selwer kommen, ma vun der IGSS, also vun der inspection générale de la sécurité sociale. En Hiweis mat der Scheierpaart: d’Patronen hunn deen Zenario net gedreemt, ma et handelt sech hei ëm Fakten!
A si schwätze vu simplisteschen Iwwerleeungen, mat deene sech d’Liewen munchmol einfach gemaach gëtt. Keng Reserve méi am Pensiounsdëppen? Dann hiewe mir eben d’Cotisatioun a schonn ass d’Welt nees an der Rei. Et muss een allerdéngs bedenken, datt de Pappa Staat elo schonn 2 Milliarden 581 Milliounen Euro u Cotisatioune berappt; sollten d’Beiträg och nëmmen ëm 1 Prozent gehéicht ginn, géif dat zousätzlech 110 Millioune bedeiten! Ma och sos hätt eng Hausse nefast Auswierkungen.
Zum Beispill op d’Léin zu Lëtzebuerg. Et géing net méi esou vill vum Netto iwweregbleiwen, d’Attraktivitéit vum Loun géing deementspriechend ofhuelen; de Salarié kéint sech manner leeschten an dat ausgerechent fir eng Generatioun déi besonnesch héich Prête muss maache fir zu enger Wunnecht ze kommen. Et verwonnert net wierklech, datt de groupe patronal géint eng Hausse vun de Cotisatiounen ass. Et ass och net nei – dofir awer net onbedéngt falsch-, dat d’Patronen proposéieren, den 13. Mount fir déi Pensionéiert am Privatsecteur carrément ofzeschafen: Selon une simulation de l’IGSS, une telle mesure permettrait de ramener l’endettement en 2070 de135%du PIB sous le scénario de base à 124% du PIB, soit une amélioration de 11 points de PIB. Déi Diskussioun hat et schonn virun enger Dose Joer ginn, an dorunner ugeknäppt déi sozial Selektivitéit.
Et liicht jidderengem an, datt eng Persoun mat enger Pensioun vun 10.000 Euro brutto op déi puer honnert Euro netto um Enn vum Joer ka verzichten; et ginn awer zugläich dausende Leit, déi finanziell vill méi schwaach opgestallt an deementspriechend op deen 13. Mount ugewise sinn. Huet d’Regierung déi Kéier de Courage, um Niveau vun der sozialer Selektivitéit ze tranchéieren? Politesch ass dobäi net vill ze rafen: déijéineg di gutt ewechkommen, sinn zefridden, déi aner reagéiere frustréiert. Firwat also dat gliddegt Eisen an d’Hand huelen?
Souwisou kënnegt sech déi ugepeilte Reform geféierlech un fir d’Sozialministesch Martine Deprez, déi no engem Joer an hirer Fonctioun nach net vill kann opweisen. D’Chancen, dës Partie ze gewannen, stinn extrem schlecht! Huet si dat nämmlecht Verhandlungsgeschéck ewéi de Mars di Bartolomeo mat der Pensiounsreform am Joer 2012? D’Diskussioune fänken elo mol un, wäerten dacks ënnerbrach ginn, villäicht verléisst deen een oder anere Gespréichspartner de Verhandlungsdësch, an esou hänken d’Pensiounen hir un de Been ewéi en Amboss, deen si ëmmer nees no ënnen zitt. Esou gesinn ass d’Madamm dozou condamnéiert, trotzallem zu engem éierbare Resultat ze kommen. Eigentlech eng gutt Saach fir d’Land…
Verschiddene Leit schwieft d’Rent op de Risikomäert jo bekanntlech an hiren onsoziale Käpp-Numm: Kapitaldeckung. Do richen se déck Erträg , spéider eng déck Pensioun. Muss een do rëm eng Kéier den US-amerikanësche Risiko-Irrsinn ernimmen, deen dem neoliberale Gedankegutt gerecht soll ginn – Beispil Rentendepot vun de Leit beim US-Energiris ENRON Ufank Nuller-Joren (2001)? Do hate Leit ee Rentendepot vu ronn 700000 Dollar, Dezember 2001 war dunn d’Pleite an d’Geld—-FUTSCH! Déi infekt Topmanager haten awer (wuelwëssend vun deem wat kënnt) hir Aktien nach ofgestouss an ronn 1 Milliard Dollar agesäckelt – sou mécht een dat! Dat ass d’Welt vun der neoliberaler EU, d’Welt vun eise Blender-Politiker…
An dat ass ee reelle Risiko vun esou engem Systeme , deen eiser Jugend soll bléien? Mon oeil…