Den Term kënnt aus dem Däitschen an huet mat der däitscher Energiepolitik ze dinn. Wa ronderëm den Teutoburger Wald keng Loft ass an d’Wandmillen net dréinen, dann ass an Däitschland Dunkelflaute. D’Land huet net genuch Stroum. Fir dat opzefänken gëtt engersäits d’Produktioun duerch Gasturbinnen eropgesat, anerersäits Elektresches am Süde vu Schweeden akaf. Däitschland huet bekanntlech keng Atomreaktere méi, Schweeden par contre huet der nach 6. Gutt Geld also fir den ale Schweed? Jo an nee.
Kloer kritt den Oberprofessor Däitschland a Saachen “Klimawandel” eng gesalzte Rechnung ze begläichen, ma zugläich
mussen och d’Leit a Südschweeden déif an d’Täsch gräifen. Well duerch déi Dunkelflaute klëmmt d’Demande no Stroum extreem an deementspriechend och säi Präis. Viru Wochen war esou eng Dunkelflaut, an d’Awunner am Süde vu Schweeden haten an där Zäit en Tarif ze bezuelen vun 167 mol méi ewéi virdrun. Ursaach genuch fir den ale Schweed, op eng waarm Douche ze verzichten an op d’Barrikaden ze goen.
Glécklecherweis huet déi Episod net laang gedauert, ma d’Zukunft. versprécht, lëschteg ze ginn. Däitschland wëll nämlech ëmmer méi an ëmmer méi séier där Loftpropelleren installéieren a gëtt op déi Manéier ëmmer méi ofhängeg vu Sonn a Loft; an also muss Däitschland ëmmer méi dacks d’Schweeden unzape goen. Déi europäesch Associatioun vun de Stroumproduzenten huet fir d’Joren tëscht 2010 an 2016 net manner ewéi 160 Dunkelflaute-Perioden zeréckbehalen, dorënner fir all Joer eng länger Episod vun 10 bis 14 Deeg. Dat gëtt an noer Zukunft net besser, mä an Däitschland dominéiert den Ablack souwisou d’Fuesent.