Zu Lëtzebuerg sinn an de leschte Jore sougenannten „Ethik- an Deontologie-Gremien“ wéi Chamignoen aus dem Buedem gewuess. Offiziell hu se den Uschäin vun angeblech moraleschen Instanzen. A Wierklechkeet kënnen si awer wéi kleng Pseudogeriichter ouni fest Reegelen a Standarden handelen. Dës Konstrukter, déi bal onkontrolléiert virginn, kënnen esouguer Carrièren beschiedegen an Existenze ruinéieren. E Paradebeispill: d’Autorité Luxembourgeoise Indépendante de l’Audiovisuel (ALIA), d’Medienopsiicht vu Lëtzebuerg an der causa Lunghi.
Um Pabeier ass d’ALIA eng sougenannt „neutral“ Medienopsiicht. Mee e Bléck op hir Besetzung weist, wéi relativ de Begrëff „Onofhängegkeet“ zu Lëtzebuerg ass: An der ALIA urteelen net einfach ganz neutral Observateuren, mee virun allem Acteuren, déi selwer déif an deene selwechte Strukture stiechen, déi si angeeblech iwwerwaachen. De Fall Lunghi weist dat besonnesch kloer:
Hierscht 2016: Den Enrico Lunghi, Generaldirekter vum Mudam, huet eng Journalistin viru lafender Kamera agresséiert. Eng kloer dokumentéiert kierperlech Attack. Mee amplaz den Ugrëff géintiwwer enger Fra a Journalistin ze benennen an de Generaldirekter ze kritiséieren, huet d’ALIA onverkennbar Sympathie mam Ugräifer gewisen an RTL wéinst der Ausstralung vum dokumentéierte Gewaltakt zurechtgewisen. Resultat: eng klassesch Affer-Täter-Ëmdréiung. Eréischt eng méi genee Analys an d’Opdecke vun den Netzwierker vun der ALIA hunn déi richteg Verflechtungen an dësem sougenannten „Deontologie-Gremium“ gewisen:
Ënnert den ALIA-Memberen: e Netzwierk vu Lunghi-Frënn a Partner.
Fernand Weides: Éiwegen LSAP-Profiteur an Ex-100komma7-Direkter war 2016 wärend der causa Lunghi-Debatt

ALIA-Member. De Weides huet deemools intensiv an ongenéiert Ënnerschrëfte fir säi Frënd Lunghi gesammelt. Amplaz als Ex-Radio-Direkter eng ugegraffen Journalistin ze verdeedegen an d’Gewalt géintiwwer enger Fra ze verurteelen, huet de Weides sech op d’Säit vum Lunghi, dem Ugräifer, gestallt an déi fréier Journalistekolleege kritiséiert.
Donato Rotunno: Zënter bal 30 Joer Filmproduzent duerch d’Gnod vum Film Fund huet mam Lunghi e klengen Filmchen iwwer „Seilschaften am Mudam“ gebastelt. An dësem Lunghi-Rotunno-Produkt ass de staatleche Kulturbonze Jo Kox a Seeler duerch de Mudam schwiewe gelooss ginn – als ambulant Konschtwierk souzesoen. Fir dëse Filmche goufen et 250.000 Euro ëffentlech Suen iwwert de Filmfund, obwuel dat Produkt formell

guer net förderfäeg war, wéi déi renomméiert Onlinezeitung Paris Arts gemellt huet.
De Rotunno war an ass och Liewenspartner vun der RTL-Mediefra Caroline Mart – eng gutt Bekannten vum deemolejen Mudam Generaldirekter Lunghi. An dem penible Sträit ( och am Prozess an 1. Instanz) huet Madame Mart eng kloer pro-Lunghi Stellung géint den deemolejen RTL-CEO Alain Berwick an déi implizéiert Nol-Journalisten geholl .
Jeannot Clément: Dësen ALIA-Exekutivmember huet de „Blâme“ géint RTL ënnerschriwwen a Lobeshymnen op d’Gesangskonscht vu sengem

Frënd Lunghi verfaasst. De Clément huet och PR-Texter fir d’Bicher vum Lunghi senger Fra Catherine Gaeng geschriwwen, déi géint RTL an déi implizéiert Journalisten nëmmen esou vu Verleumdungen a Frechheeten gestrotzt hunn. An der Tëschenzäit goufen d’Gaeng an de Lunghi grad wéinst engem vun dëse Pamphlet-Bicher an éischter Instanz wéinst „violation du secret de l’instruction“ respektiv wéinst Hehlerei (recel) verurteelt.

Romain Kohn : ALIA-Direkter wärend der Lunghi-Debatt, chroneschen RTL-Haasser, ass an engem Interview mam 100,7 staark an Schleideren geroden op d’Fro, firwat d’ALIA en eegene Verglachsvideo publizéiert hat. An dësem Montage-Konstrukt sollt gewise ginn, wéi d’Lunghi-Zeen – déi vun RTL ausgestraalt gouf – “anescht” hätt missen zesumme geschnidde ginn. Wien dee mysteriéise „Monteur“ war, deen den ALIA-Verglachsfilmchen gebastelt hat ( deen op eemol nees verschwonne war ), bleift en anert Rätsel. Fakt ass: Wéi et zu dësem ongewéinleche „Reportage-Modèle“ à la ALIA komm ass, op dës Fro konnt de Kohn keng valabel Äntwert liweren. Iwwregens gouf hien – dee säi Mandat als ALIA-Direkter nom Lunghi-Sträit wollt verlängeren – héiflech duerch d’Hannerdier erausbegleet.
Thierry Hoscheid : Magistrat – gouf och an der causa Lunghi als neutrale Member vun der ALIA genannt. Leider hat

den Här Hoscheid, wéi all déi aner ALIA-Memberen an Decideuren, net vill Anung wéi professionell en Interview vun 20 Minutten op dräi Minutten gekierzt ka ginn. E kuerze Bléck an eng sëlleche Stroossbuerger Jurisprudenzen iwwer den Artikel 10 vun de Mënscherechter hätt dësem Här massiv Opklärunge kënne liwweren. Sou och d’Tatsaach, dass déi Stroosbuerger Urteeler Radio- an Tëlee-Journalisten a Saache „Interview-Schnëtt “ schützt an e breede Spillraum garantéieren. Sou encouragéieren déi Stroosbuerger Richtere souguer d’Journalisten, méi kritesch iwwer Persounen aus dem ëffentleche Liewen ze berichten wéi dat bei normale Bierger de Fall ass. Scho laang hat deen an der Tëschenzäit verstuerwenen Affekot Gaston Vogel kritiséiert, wéi den Här Hoscheid als Magistrat gläichzäiteg President vun der Medienopsiicht ALIA kéint sinn, eng duebel Roll, déi all Onofhängegkeet ad absurdum géif féieren. “ Il est délicat de ‘ manager’ le Pouvoir Judiciaire et le prétendu quatrième Pouvoir – celui des medias – entre une seule et unique main – c’est malsain. “ Vläicht koum du spéider net ganz onerwaart d’Noriicht, datt den Här Hoscheid net méi fir eng Verlängerung vu sengem Mandat an der ALIA kandidéiere géif.
ALIA mat dawen Oueren
Och déi deemoleg betraffen RTL-Leit , déi probéiert haten, fir sech géint déi eesäiteg Virgoensweis vun der ALIA ze wieren, sinn op daf Ouere gestouss. Weder déi ugegraffe Reporterin nach den Nol-Journalist goufen als direkt Betraffe vun der ALIA gehéiert. Op eng schrëftlech Reklamatioun huet den Här Hoscheid – deemools gläichzäiteg ALIA-President – geäntwert, d’Reporterin wier jo net an der Kritik. Allerdéngs huet dat am Prozess RTL-Lunghi an éischter Instanz géint d’Journalisten ganz anescht geklongen. Sou benotzen d’Affekote vum Lunghi den ALIA-Bescheed bis haut – zënter zéng Joer – als krommt Argument géint d’RTL-Journalisten.
ALIA: Wie kontrolléiert d’Kontrolleuren?
Amplaz “Hüterin” vun der Pressefräiheet ze sinn, ass d’ALIA selwer zu engem Agrëff an d’Pressefräiheet ginn. De Lunghi-Skandal ass net nëmmen eng Episod. E weist e System vu Copinage a Seelschaften, dat déif an der lëtzebuergescher Kultur- a Medienwelt verwuerzelt ass. D’ALIA ass keen Eenzelfall. Se ass Symptom vun engem méi grousse Problem: de Problem vu Gremien, déi ouni kloer Reegelen däerfen urteelen, sech hanner dem Etikett „Onofhängegkeet“ verstoppen an dobäi Carrièren an Existenze zerstéieren a journalistesch Aarbecht beaflosse kënnen. Ob elo, mat der Ännerung vum Numm vun ALIA an ALIM, an der Verstärkung vun hirer Muecht, e Mëssbrauch à la causa Lunghi verhënnert ka ginn, ass extrem zweifelhaft. Am Géigendeel: esoulaang esou Instanzen mat Postegeréckels an fette Jetonen selwer kenger Kontroll ënnerleien, bleift d’Medienopsiicht zu Lëtzebuerg e Risk fir Pressefräiheet an Demokratie.


