An de leschte Joren kann een am Summer eng mysteriéis Aktivitéit an de Bëscher zu Lëtzebuerg observéiert. Do, wou een nach mat engem Trakter hikënnt, gëtt laanscht déi breet Bëschweeër d’Vegetatioun komplett bis an de Buedem zerstéiert.


Firwat? D’Vegetatioun laanscht esou Weeër ass dacks nëmmen e puer Zentimeter héich. Och méi grouss Planzen, déi voller Päiperleken an aner Insekte sinn, stelle weder eng Gefor duer, nach gesäit een en anere klore Grond fir dës Moossnamen. Déi Zerstéierungsaktivitéiten vun Grieser a Kraider an de Bëscher ginn och an de Naturschutz – Gebitter duerchgefouert.
Ech hu mech bei Wanderer, Cyclisten, Reider an anere Leit, déi sech gären duerch d’Bëscher beweegen ëmgehéiert, ob si e Sënn an dësen Aktivitéiten gesinn. D’Äntwert ass kloer: Nee. Am Géigendeel – déi zerstéiert Vegetatioun, déi duerno einfach leie gelooss gëtt, gëtt vu ville Leit als onschéin a stéierend empfonnt. Oft maachen déi déck Trakteren och nach d’Weeër futti, gëtt och bemierkt.
Vill hu mir gesot, si géifen an de Bësch goen, fir déi schéi Natur ze erliewen – an dat, wat se fannen, ass eng „Sauerei“ , an dat an engem Bësch! Si froen sech: Firwat gëtt dat gemaach? Wat ass den Zweck dovun? Ginn eis Steiersuen fir esou en Onsënn gebraucht ?

Firwat muss laanscht breet Bëschweeër, sou wéi z. B. an der Gemeng Biekerech, am Summer alles zerstéiert ginn? Eleng an dëser Gemeng si ronn 80 Kilometer betraff. Fir ganz Lëtzebuerg géif dat also e puer Dausend Kilometer ausmaachen, déi esou behandelt ginn. Firwat? Et ass absolut iwwerdriwwen, dass esou Aarbechte sou wäitflächëg duerchgefouert ginn.

Gläichzäiteg gesäit een am Bësch – Bänken, Gelänner, Schëlder, asw. – déi komplett zouwuesse gelooss ginn. Oder eng richteg Farce: bei Huwwel (Gemeng Biekerech) steet an der Mëtt vum Bësch en esou genannte „Insektenhotel“, dee mat Hëllef vun der Natur Verwaltung opgeriicht gouf. Direkt nieft gëtt am Summer d’Vegetatioun – déi wichteg fir Insekten wier – vun der Natur Verwaltung komplett zerstéiert. Engersäits gëtt eppes fir d’Insekten opgebaut, an anersäits gëtt hinne gläichzäiteg den natierleche Liewensraum ewechgeholl. Wou bleift hei d’Logik?

Wou bleift do de Respekt an de Schutz vu der Natierlecher Ëmwelt fir déi eigentlech eng Natur Verwaltung soll do sinn ?
Besonnesch am Summer, wann sech laanscht dës sonneg Wee – Ränner eng grouss Diversitéit vu Planzen an Déieren weist, erschéngt et mir net plausibel, firwat all Vegetatioun fortgemulcht gëtt. Planzen ewéi Dëschtelen, Klacke Blummen, Kounigundenkraut (Wasserhanf), Wëll Muert, Rainfarn, Fangerhutt a vill aner, déi net nëmme fir Päiperleken an aner Insekten wichteg si, mee och fir de Mënsch eng ästhetesch Beräicherung duerstelle, wuessen lo am Summer laanscht vill Bësch Weeër.
An enger Landschaft, wou esou Planzen ëmmer manner Plaz fannen, ass et entscheedend, dass hinne laanscht Bëschweeër en natierleche Liewensraum erhalen bleift.
Zudeem ass et evident, dass sech op dëse gemulchte Strecken am spéidere Summer ëmmer méi invasiv Aarten breetmaachen – dorënner d’Drüsiges Springkraut, dat Wäisst Berufkraut an aner Problem -Planzen.
Laanscht déi breet Bëschweeër gëtt alles geméint. Déi schmuel Wanderweeër („Huesepied“), déi bei Spadséiergänger a Vëlosfuerer beléift sinn, ginn awer zouwuessen gelooss oder duerch ëmgefall Beem, déi och no Joren net ewechgeholl ginn, onpasséierbar gemaach.

Firwat sinn dës Aktiounen ausgerechent laanscht déi breet Weeër néideg? Ech hu keng plausibel Äntwert fonnt. Wéi ech probéiert hunn, d’Fierschteren ze kontaktéieren, hunn ech gemierkt, dass si grad zu där Zäit am Congé sinn. Ass et also méiglech, dass dës Aktioune kee reellen Zweck hunn? Geet et hei ëm reng Beschäftegungsmoossnamen?
Dat well ech awer esou net gleewen. Dowéinst hunn ech un d’Natur -Verwaltung geschriwwen:
Firwat mussen am Summer d‘ Bordüren vum Bëschwee geméint ginn?…….
Bis ewell hunn ech nach keng Äntwert kritt – vläicht och wéinst Congéen?, dat kéint een nach verstoen.
Net ze verstoen ass awer, wann déi Natur -Verwaltung mat dësen dubiéisen Aktivitéiten och nach am nächste Summer 2026 weiderfiert.

An hei nach e klenge Video: