Viru 12 Joer – den 25. Februar 2013 – huet de gréisste Prozess an der lëtzebuergescher Justizgeschicht, de Bommeleeër-Prozess, ugefaangen. Op der Ukloobänk zwéi fréier Memberen vun der Elitetrup Brigade Mobile, déi bis haut all Participatioun un de 20 Bommen-Attentater aus de Joren 1984–1986 kategoresch ofstreiden. No 177 Verhandlungsdeeg – Ufank Juli 2014 – ass de Prozess ënnerbrach ginn. D’Ursach: sechs Polizisten an dräi fréier Sûreté-Enquêteuren haten sech als Zeien an e Wirrwarr vu Widderspréch a falschen Aussoen verstréckt.
Awer der Rei no: Tëscht Februar 2013 an Juli 2014 hu sech all d’Blécker am Prozess op déi zwee Ugeklote Marc Scheer an

L-Lorang
Jos Wilmes an hir Affekote Gaston Vogel a Lydie Lorang geriicht. Ronn 90 Zeie goufe zitéiert – dorënner déi zwee fréier Regierungscheffen Jacques Santer an Jean-Claude Juncker, de fréiere Verdeedegungsminister Marc Fischbach, d’Prënzen Jean a Guillaume vu Lëtzebuerg an eng Rëtsch Perséinlechkeeten aus Politik, Police, Arméi, Geheimdéngscht a Privatsecteur.
An de ronn 800 Prozessstonne goung et dacks héich hier. Ongereimtheeten, Widderspréch a falsch Aussoe waren heefeg. Zwou Haapthypothesë stoungen am Raum: déi eng, datt verschidde Memberen vun der deemoleger Brigade Mobile Täter a Rädelsféierer wieren; déi aner, datt am Kontext vum Kale Krich NATO/Gladio/Stay-behind als Drootzieher kéinten hanner den 20 Attentater stoen.
Als skandaléis gouf empfonnt, datt an de Bommeleeër-Joren – an och dono – massiv probéiert gouf, d’Justiz ze ëmginn, d’Untersuchungsriichter ze boykottéieren an am Reen stoen ze loossen. Esou sinn z. B. 88 Beweisstécker verschwonnen a hunn am Prozess gefeelt.

Wärend de 16 Méint Prozessdauer goufen déi zwee Ugekloten Marc Scheer an Jos Wilmes esou gutt wéi nët gehéiert. Nodeems sech dunn fënnef héich Policeoffizéier an e fréiere Member vun der Brigade Mobile ëmmer méi a Widderspréch verstréckt haten, huet de Parquet d’Noutbrems gezunn a gefuerdert, datt dës Zeien misste separat ugeklot ginn – well si d’Justiz behënnert a falsch Aussoe respektiv Meineed gemaach hätten.
Um 177. Verhandlungsdag – den 2. Juli 2014 – huet d’Présidentin Sylvie Konter de Bommeleeër-Prozess gestoppt. Doduerch goufen déi héich Policeoffizéier – Pierre Reuland, Guy Stebens, Armand Schockweiler, Charles Bourg, Aloyse Harpes – de fréiere Brigade Mobile-Member Marcel Weydert an dräi pensionnéiert Enquêteuren – Lucien Linden, Guillaume Büchler an Paul Haan – un den Untersuchungsriichter Ernest Nilles verwisen.

Photo Marc Thoma




Photo Luxemburger Wort

Photo Marc Thoma
D’Defense war iwwerdeems iwwerzeegt, datt Ben Geiben – de Grënner vun der Brigade mobile – den Haaptverdächtegen wier an hätt misse mat ugeklot ginn. 2014 huet den Affekot vum Marc Scheer, Gaston Vogel, vun engem surrealistesche Prozess geschwat a betount, hie hätt e puer honnert Säiten Plädoyer prett – wat eng drësseg Sëtzungen erfuerdere géif. Dëst wäert a Zukunft net méi geschéien: de Maître Vogel ass d’lescht Joer verstuerwen. Säi schrëftleche Plädoyer läit awer vir a kann – au besoin – konsultéiert ginn.

Zanter Juli 2014 war dunn dëse ganze Bommeleeër-Niewendossier géint déi sechs Polizisten an déi dräi Enquêteuren beim Untersuchungsgeriicht an Arbecht.
De Procureur Georges Oswald hat an desem Zesummenhang erkläert, datt all Dag intensiv um Dossier geschafft géif.

Procureur Georges Oswald
D’Enquêteuren hätten eng riseg Quantitéit u Material ze analyséieren – virun allem d’Audioopnamen vun alle Verhandlungsdeeg, déi misste gelauschtert, analyséiert a Widderspréch erausgefiltert ginn. Zäitweileg géifen bis zu sechs Enquêteuren parallel um Dossier schaffen. Den Procureur war och der Menung, dass vill Elementer éischter an d’Richtung Brigade Mobile ewéi a Richtung Stay-behind, hiweisen..

Photo Marc Thoma
Dem haut ugekloten Offizéier Guy Stebens war am éischte Prozess 2013 – 2014 – ënner Tréinen – de Saz erausgerutscht: „Et ass schwéier, deen éischten ze sinn, deen e Numm nennt.“ 2014 gouf hien doropshin op Écoute gesat an 2017 ass säi Wunnhaus perquisitionéiert an Dossien konfiskéiert ginn. Och beim Offizéier Aloyse Harpes hunn Enquêteuren eng Hausduerchsuchung gemaach an Dokumenter beschlagnahmt. Dobäi huet den Här Harpes – ganz iwwerraschend – den Enqueteuren Nimm genannt, déi d’Bommeleeër wiere sollen: de Ben Geiben an de Jos Steil an …de Marc Scheer an de Jos Wilmes als Matleefer.
Fakt ass: Den demolejen charismatesche Chef vun der Brigade mobile, Ben Geiben, geeschtert nach ëmmer duerch den Dossier. De Procureur Oswald hat well 2018 op d’Fro, ob de Ben Geiben als een vun den Verdächtegen ze gesinn wir , sybillinesch geäntwert: „Jein. Den Här Geiben ass net richteg eraus aus dem Dossier, mee och net richteg dran.“
De 17. November fänkt elo de Prozess „Bommeleeër-bis“ un – géint déi Zeien, déi sech am éischte Prozess verheddert haten. 16 Prozessdeeg sinn tëscht dem 17. November an dem 11. Dezember virgesinn. An dësem Bis-Prozess geet et virun allem ëm d’Fro, ob déi ugekloten Offizéier gelunn , d’Wourecht net gesot, Meineed gemach, d’Justiz behënnert oder d’Bommeleeër gedeckt hunn. Aller Virausicht no ginn et um Ufank nach e puer prozedural Nëss ze knacken. Dobäi kënnt, datt ee vun den ugekloten Polizisten (Charles Bourg) an ee vun de pensionnéierte Enquêteuren (Lucien Linden ) an der Tëschenzäit gestuerwen sinn. Et gët och ugeholl, dass den ugekloten Offizéier Aloyse Harpes – haut 97 Joer al – en medezinescht Certificat virleeën kënnt.
D’Geriicht, presidéiert vun der Elisabeth Ewert, steet also virun enger schwéierer Aufgab an dësem brisanten – explosiven – Dossier der Wourecht op d’Spréng ze hëllefen.

ANER ARTIKELEN ZUM SUJET BOMMELEEËR
https://guykaiser.lu/gaston-vogel-le-bommeleeer-un-tchernobyl-judiciaire-1/
https://guykaiser.lu/gaston-vogel-le-bommeleeer-un-tchernobyl-judiciaire-2/
https://guykaiser.lu/gaston-vogel-le-bommeleeer-un-tchernobyl-judiciaire-3/
https://guykaiser.lu/gaston-vogel-le-bommeleeer-un-tchernobyl-judiciaire-4/
https://guykaiser.lu/gaston-vogel-le-bommeleeer-un-tchernobyl-judiciaire-5/
https://guykaiser.lu/frank-bertemes-prozess-bommeleeer-7-joer-stellstand/
https://guykaiser.lu/prozess-bommeleeer-e-cauchemar/
https://guykaiser.lu/bommeleeer-oder-das-drama-einer-staatsaffare/
Im grunde diskutiert man heute in diesem prozess ueber die frage ,ob verantwortliche vor 40 jahren stuemperhaft oder absichtlich falsch und irrefuehrend gearbeitet haben als sie die hintergruende der attentate aufklaeren sollten.
Das ist wohl an sich interessant…man kann aber bezweifeln ob der finanzielle aufwand sich hier noch lohnt da die angeklagten alle wegen ihres alters bald die buehne verlassen werden.