Eng dirigistesch Kannerpolitik?

0
262
image crdits:pixabay

An engem excellenten Interview vum Mick Entringer um 100,7 goung et ënner anerem ëm d’Familljepolitik, respektiv ëm d’gratis Kannerbetreiung, wat fir de Staatsminister op dat nämmlecht erauskënnt- schéngt ës. Hei e klengen Deel aus deem Interview :

X. Bettel: “Mee mir hätten einfach gären dass net de Choix ass dass wann een, wann en d’Méiglechkeet huet fir seng Kanner net an eng Kannerbetreiung ze ginn, well e seet, mir ass et awer dann ze deier, dass en et mécht!
Kannerbetreiung ass déi Plaz wou d’Kanner zesummen liewen, wou se déi sozial Komponent kréien, wou se déi Diversitéit vun onser Gesellschaft kréien. Mir sinn der Meenung dass et wichteg ass dass een hautdesdaags och eng Famill, och wann se d’Moyenen huet, incitéiert, fir hir Kanner an eng Kannerbetreiung ze ginn, wat mat sech bréngt, dass duerno duerch deen doten Incitatif, och eng Fra déi am Moment vläicht net geschafft huet, vläicht schaffen geet, well se dann weess dass se méi Zäit huet fir sech och em déi Saachen kënnen eng eegen Liewen opzebauen.“(source 100,7)

 

OOgesinn vun där Huddel an der Syntax, wëll de Staatsminister eis soen : d’Kanner gehéieren op Daiwel komm eraus, an eng crèche, an eng maison relais ! Zum Deel kann ech seng Iwwerleeungen jo novollzéien : et kritt een als Kand éischter eng soziaal Komponent, wann ee mat villen anere Kanner zesummen ass ; fréier war dat nach méiglech: moies houng een um Schiérteg vun der Mamm, Nomëttes goung een an d’Wis niewendru spillen, wou een dann eben mat aneren zesumme war, an dat dacks ënner der Opsiicht vun de Mammen. Dat geet haut net méi, schonn nëmmen eleng, well d’Wis niewendru verschwonnen ass. Ech kann d’Iwwerleeung och verstoen, datt d’Fra sech grousse Geforen aussetzt, esou bal si ophällt mat schaffen: an där Zäit kann de Mann stierwen (natiirlechen Doud oder Accident) oder hie kann d’Fra verloossen, déi dann dacks am Reen steet- net ëmsos schwätze mer reegelméisseg vun der Aarmutt ënner de monoparentaux!An iwwerhaapt: d’Fra huet dacks wéinst de Kanner herno eng méi kleng Rent!

 

“Gambia 2 refuséiert, dat gliddecht Eisen vun der soziaaler Selektivitéit unzepaken!”

Hei gëtt allerdéngs quasi eng Staatsdoktrine draus gemaach, déi esou glat a guer net bei d’DP passt, an hannert där keng aner ewéi d’Parteipresidentin Corinne Cahen stécht. Ech begréissen zwar ganz stark, datt d’maisons relais gratis ginn. Awer muss dat tatsächlech fir jidderee sinn?! Et ass wéi mam ëffentlechen Transport: gratis, jo, awer nëmme fir déi, déi sech et sos schlecht leeschte kënnen. De Staatsminister huet d’Iddi vun der Regierung an deem Sënn verdeedegt, datt hien derfunner ausgeet, datt  esouguer ënner dene Stéit, déi 12.000€ Akommes de Mount hunn, der bestëmmt och drënner wieren, fir déi eng maison relais tatsächlech ze deier wär ; dat gleewen ech him och, ginn awer derfunner aus, datt et sech do éischter ëm Ausnahmen handelt. Gambia 2 refuséiert, grad ewéi déi yemenitesch Regierungen (schwaarz/roud) virdrun, dat gliddecht Eisen vun der soziaaler Selektivitéit unzepaaken !

D’Indextranche ass fir jiddereen, an déi 2,5%-Hausse mécht fir deen mat 10.000€-Akommes méi aus, ewéi fir een mam Mindestlouhn. Wat deen een net brauch, kritt hien ze vill, an deen aneren ze wéineg. Anert Beispill: muss eng eeler Persoun, mat enger Pensioun vun 8000€/Mount am Dezember dee sougenannten 13. Mount ausbezuelt kréien? D’Politik kann ech verstoen, well, wann ee vu Selektivitéit schwätzt, muss een un nei Ongerechtechkeeten denken, déi doduerger entstinn: wou setzt een unn, wou hällt een op?!

“Haut ass d’Situatioun dach komplett changéiert: Fra/Koppel huet de choix”!

Familjepolitik gëtt fir d’éischt emol an der Koppel selwer decidéiert, an esou fären et eng Koppel ass. De Staat soll dobäi soziaal begleeden, mat den néidegen Infrastrukturen a matt finanzieller Ënnerstëtzung. Haut ginn et jo do glécklecherweis bei wäitem méi Méiglechkeeten ewéi fréier! Virun 30 Joer gouf et am Eisléck eng eenzeg Crèche! Dat muss ee mol bedenken !

image credits:pixabay

Do hat d’Fra/Koppel net vill Choix, d’Fra huet op d’mannst fir eng Zäit opgehaale mat schaffen, bis d’Kanner grouss genug waren, fir op eegene Féiss ze stoen. Haut ass d’Situatioun awer dach komplett changéiert: d’Fra/Koppel huet dacks de choix- ausser wéi gesot, eng Fra, déi op sech eleng gestallt ass.

 

Ech hunn an de leschten 10 Joer vill jonk Fraen gesi Mamm ginn. Si hunn all – ouni Ausnahm- de congé parental geholl, op déi eng oder op déi aner Manéier. An deene Stéit, déi sech et (eenegermoosse) konnte leeschten, huet d’Fra op mi-temps geschafft (munnechmol de Mann, heiando oofwiesselnd). Dës Koppelen hunn also op e gesonne Mix gesaat : d’Kand gëtt nach zum Deel vun den Eltere grouss gezunn, an et geet zum aneren an eng maison-relais.

 

” Wéi gesoot: de Staat ass do, fir seng Bierger an der Organisatioun vun hirem Liewen, ze begleeden. En ass op kee Fall do, sech an hiert Privatliewen anzemëschen! Liberal Politik  gesäit aneschters aus!”

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here