Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Gesellschaft

Sinn och déi Gréng elo fir den Heescheverbuet? 

Sinn och déi Gréng elo fir den Heescheverbuet?
ville de Luxembourg

Si fléien nawell déif an der Diskussioun ëm den Heescheverbuet. An der Politik, an der Gesellschaft, um Internet, an de Medien. Einen hab’ ich noch! Jidderee wëll et besser wëssen, jiddereen deen aneren – mat anerer Meenung- an den Eck drécken, an d’Féckmillchen. Gloden schickt hunderte Polizisten aus dem ganzen Land nach Luxemburg-Stadt, titelt d’Tageblatt, mam Ënnertoun: repressiven CSV-DP-Staat! Esou eppes wier ënner Gambia a mat tzozialistescher Politik nimools a Fro komm.

Dobäi hu grad LSAP-Gemengen – wou si entweder majoritär sinn oder als Koalitiounspartner- den Heescheverbuet agefouert. Eng net neutral groussherzoglech Press ignoréiert dat royalement! Journaliste gi vu PK zu PK geschéckt a si séier wéineg preparéiert. Zum Beispill gëschter mat enger duebeler parlamentarescher Kommissiounssëtzung vu Justiz a bannenzeg Sécherheet. D’Journaliste mussen an den Trape vun der Chamber waarden a wann d’Sëtzung dann opgehuewen ass, gëtt dem Politiker  de Mikro virun d’Nues gehalen an deen däerf da lassleeën, ouni musse kritesch Froen ze fäerten.

De Journalist huet sech meeschtens net virun der Kommissioun mat Politiker ënnerhalen, well hien entweder keng Zäit hat oder well hien absolutt keen Drot huet zu Politiker, scho guer net zu deenen déi him ideologesch net an de Chrom passen. Grad gëschter wier et awer néideg gewiescht, sech Hannergrond-Informatioune plécken ze goen.

An där Sëtzung derbäi waren déi zwee Procureuren déi sech an de leschte Wochen an där Diskussioun an der Ëffentlechkeet zu Wuert gemellt haten. Interessant war, datt si allebéid sech indirekt iwwer d’GAMBIA-Aarbecht aus de leschten 10 Joer beschwéiert hunn. Esou hunn si drun erënnert, datt et schonn 2015 -also virun 9 Joer- esou eng Kommissiounssëtzung um Krautmaart ginn hat, mat exakt där nämmlechter Problematik an datt si dorobber hin eng Rei Propositioune gemaach hätten, wéi een déi organiséiert Kriminalitéit besser kéint bekämpfen, zum Beispill mat techneschem Geschier, fir Gespréicher bannen an engem Auto ofzelauschteren; ma si hätte weder deen techneschen nach dee juristesche Bäistand vun der Säit vun der Politik krut.Diplomatesch Kritik nennt een dat.

Wat bedauerlech ass, net nëmmen a Punkto HEESCHEN, ma och am Kontext GAFI-Rapport: d’Kriminalitéit am Finanzsecteur gëtt emmer méi sophistiquéiert!

” Den Hummer awer ass….”

…datt de François Bausch och net grad ageholl ass vun den Heescherten. Dat liest sech méi ewéi däitlech an engem Gesetzprojet iwwer Video-Iwwerwaachung. De grénge Mobilitéitsminister huet dee Projet Enn Oktober op den Instanzewee geschéckt, also zu engem Ablack wou hie schonn ofgewielt war. Als Minister war hien zoustänneg fir d’Sécherheet an d’Propretéit an den Zuch-Garen. An deem Kontext sinn  d’Strummerte fir de Fränz net onbedéngt wëllkomm.

Wéi dann, wéi dann!? D’Heescherte ginn dach just an d’Gare-Gebaier fir sech Nuets opzehëtzen! Ass dem grénge Politiker d’Häerz elo beemol op Rieds gerutscht?

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    De grenge kmiotek huet jo lo plainte geint sech selwer weinst heesche gemat.
    Wann en net demnaechst zu 5 joer prisong doweinst verurteelt get waert e sech zu schrasseg presenteieren fir agesat ze gin…huelen dei en net bleiwt him nach de recours zu Stroosbuerg weinst violation des droits de l homme.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *