Recent Posts

Post Categories

Fueren d’Gewerkschafte (weider) Kutsch mat der Regierung? 
“Kann et eppes Klengs méi sinn?”. Déi Fro kritt een normalerweis beim Monni Metzler ze héieren, ma si applizéiert sech...
Ein Gerichtshof im Fadenkreuz 
Überwachen und Strafen im Digitalzeitalter Der Franzose Nicolas Guillou, Richter am Internationalen Strafgerichtshof (IStGH) in Den Haag, wurde im August...
L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...

Blog Post

Innepolitik

Fueren d’Gewerkschafte (weider) Kutsch mat der Regierung? 

Fueren d’Gewerkschafte (weider) Kutsch mat der Regierung?
Image par MirelaSchenk de Pixabay

“Kann et eppes Klengs méi sinn?”. Déi Fro kritt een normalerweis beim Monni Metzler ze héieren, ma si applizéiert sech an dësen Deeg a Wochen och op d’Gewerkschaften, an zwar als kloer Fuerderung. D’Syndikater lauden nämlech den hellege Bim-Bam fir eng Hausse vum soziale Mindestloun. Si verloossen hiren eegenen Terrain, probéieren nees eng Kéier Politik ze maachen a bréngen déi national Wirtschaft a Gefor- grad an dësen onsécheren Zäiten mat Trump, Putin an all deenen aneren.

Den onqualifizéierte Mindestloun gëtt souwisou an dësem Fréijoer -warscheinlech am Mee- un d’Präisdeierecht ugepasst. Mat enger Indextranche vun 2,5 Prozent geet de Loun dann erop vun  ablécklechen 2703,74€ op 2771,33 brutto de Mount, ass gläich eng Hausse vun 67,59 Euro. Eng weider Indextranche gëtt sech och fir dat anert Fréijoer erwaart, also nach eemol plus 2,5 Prozent op e Brutto vun 2840,61€. En zousätzlechen décke Batz kënnt iwwer Sylvester derbäi, mat enger regulärer Adaptatioun all zwee Joer an déi den Ament sech soll op 3,6 Prozent belafen: den SSM léich domadder bei 2942,87 Euro brutto.

Dat geet de Gewerkschaften awer nach ëmmer net duer; si verlaange méi a schwätzen vun engem Gehalt vun 3100 Euro. A wéi ëmmer sinn d’Rolle verdeelt: si – a sos keen- sinn déi Gutt; wien net mat hinnen averstanen ass, gehéiert zu deene Béisen. Dobäi sollt een dat Sentimentaalt op der Säit loossen a sech strikt un de gesonnte Mënscheverstand halen. Eng Hausse vun ëm déi 10 Prozent geet bei ville Patronen un dat Liewegt!

E Betrib mat 10 onqualifizéierten AarbechterInnen huet den Ament -just wat d’Pai ubelaangt- Onkäschten iwwer d’Joer vun 351.390€; mat engem SSM vun 3100 de Mount klëmmt d’Laascht op 403000, an déi Augmentatioun gëtt de Patron direkt weider – wien kann et him verdenken- un d’Clientèle. Jiddereen vun eis konnt dat schonn déi lescht Joer novollzéien,woubäi een ze bedenke muss ginn, datt d’Betriber zu Lëtzebuerg et ëmmer méi schwéier kréien géint d’Konkurrenz aus der Groussregioun. Vum Joer 2021 op 2025 goung de Mindestloun ëm 22 Prozent an d’Luucht, vun 2202 op 2704 Euro brutto, an dat krut seng Auswierkungen bis haut!

‘t ass Kiermes am Duerf

D’Syndikater baséieren hir Fuerderungen op eng europäesch Directive an op e Verdikt vum europäesche Geriicht, mat der Konklusioun, datt de Mindestloun an engem Memberstat entweder soll 50 Prozent ausmaachen vum Duerchschnëttsloun oder awer 60 Prozent vum Medianloun. D’Patronat wiert sech a schreift dem Minister Delles:”…L’arrêt de la CJUE est clair dans le sens où il confirme que « (…) la directive laisse une marge d’apprécia1on importante aux États membres pour définir cette notion et pour déterminer sa portée exacte » et que « le caractère adéquat des salaires minimaux légaux constitue, tout au plus, une valeur indicative vers laquelle les États membres devraient tendre lors de la fixation et de l’actualisation des salaires minimaux légaux”.

D’Patronat stellt an d’Vitrinne, datt de Mindestloun zu Lëtzebuerg deen Héchsten ass an der Europäescher Unioun; dat ass e bësselchen dënn, well schliisslech ass d’Liewen am Grand-Duché och net grad bëlleg. An esou dréien ‘Gewerkschaften d’Argument ëm a soen: den SSM muss esou héich sinn, datt och en onqualifizéierten Aarbechter sech kann eng Wunneng leeschten an der Haaptstad. Eng méi ewéi doutéis Definitioun vu Sozialstaat an Aarmutsbekämpfung.

D’UEL weist zu recht drop hin, datt een zu Lëtzebuerg net sollt de Brutto kucken, ma den Netto; weider misst een fir d’Berechnung vum Mindestloun déi sëllechen sozial Bäihëllefen mat a Betruecht zéien an de secteur public misst aus de Statistiken erausgeholl ginn. Kuerz: genuch Sujeten fir sech domadder d’Käpp anzehaen.

Fakt ass awer…

..,datt an där Period tëscht 2022 an 2025, wou de Mindestloun ëm 22 Prozent eropgoung, d’Aarbechtslosegkeet ëm bal 50 Prozent an d’Luucht geschoss ass, vun 13640 op ronn 21100; ee méi ewéi däitlechen Indice, datt d’Betriber ënner der Laascht vun der Lounstruktur ze leiden haten an nach hunn. Souwisou! Eng eventuell Hausse vum Mindestloun bréngt eng Hausse mat sech vun all de Léin an och d’Renten ginn deementspriechend adaptéiert. De politeschen Enjeu ass deemno héich explosiv! Et wäerten nach (vill) manner Patronen Leit nei astellen an dat nëmmen, well d’Gewerkschaften

Minister Marc Spautz
gouvernement.lu

sech ze vill Botter o d’Schmier wëlle maachen. Irresponsabel!

Grad fir d’CSV ass den Asaz wichteg, well grad si gouf bei de leschte Wahlen besonnesch vun de Wirtschaftskreesser gewielt. En Deal à la Trump kéim elo gutt! An et héiert een, datt geschwënn mat wäissem Damp ze rechne wier: déi zwou Indextranchen sinn natierlech gebongt, d’Adaptatioun iwwer Sylvester géing op eng Hausse vun 2 Prozent erauslafen an dat, wat feelt, géif op déi eng oder aner Manéier kompenséiert ginn.

D’Gewerkschaften wäerten esou maachen wéi wann si dat Resultat nuren  nolens volens déiten acceptéieren, a wann d’Dir bis zou ass, sech vreckt laachen an de Cremant, pardon, de Schampes lafe loossen. Den zoustännege Minister Marc Spautz kann och zefridde sinn, hie misst allerdéngs och deen eenzege sinn aus der Regierung.

Déi dote Partie geet eendeiteg un d’Syndikater, mä d’Patronat waart op d’Regierung hannert der nächster Kéier.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *