Recent Posts

Post Categories

Mutig! Ein Kommentar zur neuen Parteispitze der LSAP von Frank Bertemes 
Gleicht das neue Duo an der Spitze der LSAP wirklich einer Kapitulation der stärksten Oppositionspartei wie ein Kommentar eines Wort-Journalisten...
De Kriibsgang bei der LSAP geet weider 
Iwwerraschungsgackelchen virun Ouschteren bei de Genossen! D’Paulette Lenert ass un engem Posten am Staatsrot interesséiert. Dat kann een duerchaus novollzéien,...
De Xavier Bettel zaubert dem Senegal d’Entwécklungshëllef ewech 
De Premier aus dem Senegal war kierzlech op Aarbechtsbesuch zu Lëtzebuerg. Säi. Land gëtt vun der lëtzebuerger Entwécklungspolitik prioritär behandelt....
Fueren d’Gewerkschafte (weider) Kutsch mat der Regierung? 
“Kann et eppes Klengs méi sinn?”. Déi Fro kritt een normalerweis beim Monni Metzler ze héieren, ma si applizéiert sech...

Blog Post

Europa

Politesch Heescherei vun der DP? 

Politesch Heescherei vun der DP?
image credits:dp.lu

D’DP huet déi lescht Deeg sech an der Wahlcampagne geziilt un déi ganz jonk Leit adresséiert, un déi sougenannten “E’ischtwieler”. Si huet de Meedercher a Jongen e Bréif bei si Heem geschéckt. Do stellen ech mir d’Fro, ob dat korrekt ass: mat 18/19 Joer ass een mat Sécherheet méi liicht ze manipuléieren, ewéi mat 60! D’CNPD huet zwar kee Probleem domatter, an nawell haten d’Parteien zejoert fir d’Nationalwahlen an hirem Accord festgehaalen, datt sech net spezifesch un déi Jonk adresséiert gëtt. Well esou een Accord fir d’Europawahlen net zustaane koum- wat eigentlech eng Schan ass- brauch déi demokratesch Partei sech och net un esou ee Verbuet ze haalen a schreiwt prompt geziilt déi jonk Leit un, mat naturlément der demande, e Sonndeg bitte schön beim Ausfëllen vum Wahlziedel un si ze denken, ënnerschriwwen mat beschte Gréiss vum Charel a vum Monica. Et kann een elo soen: wann déi aner ze domm sinn!, ma ech fannen et net demokratesch. Ech hu selwer d’Erfahrung gemaach virun 46 Joer. Deemols hat mir den Thorn’s Gast geschriwwen, an als Member vun der kommunistescher Partei gouf ech och him , well ech mech esou gëéiert gefillt hat, 2 Stëmmen! Haut sinn ech der Meenung, datt mir mam Dateschutz komplett iwwerdreiwen. Wann eng Persoun stierwt, ass et onméiglech, d’Adress vun der Famill gewuer ze ginn, et sief, si steet am Telefonsbuch; grad esou onméiglech ass et, e Konveniat ze organiséieren. Ma, deen Dateschutz ass nun emol do, an da soll hien och respektéiert oder awer ëmgeännert ginn!

!https://www.dropbox.com/s/fw07vqaq4exqh9a/IMG_1227.JPG?dl=0

 

Z weet Beispill bei der DP, dat ech bedenklech fannen:de Xavier Bettel schreiwt Leit un ënnert den europäesche Matbierger, déi sech op d’Wielerlëscht agedroen hunn. Och bei him den Appel, seng Stëmm  uerdentlech ofzeginn, dat heescht liberal, an och do stellen sech fir mech Froen. Zum Beispill déi: däerf, respektiv soll de Staatsminister, dee selwer net Kandidat ass fir d’Europawahlen, sech an d’Wahlcampagne amëschen? A wat fir engem Numm mécht hien dat? HIen ass jo net President vu senger Partei, hien ass näischt, ausser Staatsminster! DP first? A virun allem: iwwer wat fir Weeër ass hien, ass d’DP un déi Adresse komm? Propper ass et fir mech net!

https://www.dropbox.com/s/pxwdvn6tbob6ee8/IMG_1230.JPG?dl=0

Egal, op geziilt déi jonk oder déi auslännesch Wielerschaft unzeschreiwen, ginn ech ze bedenken, datt d’Heeschen op der Strooss zwar erlaabt ass, awer vun Dier zu Dier ass et verbueden. An do bräicht ee mol keen Accord tëscht de Parteien…oder villäicht grad, schéngt ës bal!

 

Related posts

1 Comment

  1. Mike Welter

    Demno missten déi Gréng jo komplett disqualifizéiert gin 😉 D’Tilly Metz huet fläisseg an de leschte Wochen Schoulen besicht, virun allem Klassen mat Eischtwieler.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *