Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Gesellschaft

Moto versus Cabrio 

Moto versus Cabrio
Image par Lars_Nissen de Pixabay

an de soziale Medien zirkuléiert eng Photo vum Dan Kersch virun engem décke Moto. An doriwwer gëtt sech zum Deel kräfteg gëiergert. Wéisou fiert de Minister spazéieren an onserengs muss mam Auto doheem bleiwen?! Dobäi huet de Minister näischt Falsches gemaach. Et däerf een tatsächlech an dësen Corona-Zäiten mam Motorad hifueren, wou ee wëll, well de Moto grad ewéi de Vëlo als “activité de loisir” agestuuft ass. Ech hätt allerdéngs als Minister d’Motorad diskret aus der Garage bruecht, den Helm opgesaat a wär lass gebriedert, ouni datt ee mech erkannt hätt.

Ma schonn virun dëser Photo haaten sech eng Partie Leit bei mir gemelt, fir op eng Zort Diskriminatioun hinzeweisen. Esou ginn et nun emool Leit, déi entweder ze al sinn oder ze gebriechlech, fir nach mam Vëlo oder mam Moto ze fueren an déi elo zanter 5 Wochen den Auto just eraushuelen, fir an de Supermarché akaafen ze goen. Eng “Sortie”, en Ausflug kann een dat net grad nennen.

besonnesch bosseg gëtt et, wann een de Verglach mécht mat engem Cabrio. An esou engem Auto sëtzt een grad wéi um Moto och an der frëscher Loft. Wat also mécht den Ënnerscheed zum Motorad aus, fir net och an d’Kategorie vun “Fräizäitbeschäftegung” ze falen? A wou bleiwt den Automobilclub? Huet deen d’Meckeren verléiert?

Kloer. Et gëtt bei wäitem net esou vill Vëlofuerer a Motocyclisten ewéi Automobilisten. A wann een just de Cabrio zouléisst an nach déi “historesch” Ween, da fillen sech déi aner ëmsou méi virun de Kapp gestouss. Am Beschten wier et wuel gewierscht, et hätt een fir d’Motorieder keng Ausnahm gemaach, da wier déi doten Diskussioun och net opkomm! Déi nämmlecht Iwwerleeung gëllt och fir de Sport als Fräizäitbeschäftegung. Ass am Tennis de social distancing net garantéiert? Wéi ass et mam Golf asw?

Iwwregens: op dësem Sonndeg Mëtten sinn nawell vill bleche Kutschen viru menger Hausdir laanscht gefuer. Ech wosst net, datt esou vill Leit missten um Sonndeg schaffen! Oder waren déi alleguerten an hire Supermarché, deen net op huet?

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    Betreffend “activité de loisir”
    Da kann een jo nemmen schlussfolgeren, dass een hautzedags, fir Moto ze fueren, wat jo eng “activité de loisir” ass, een muss 2G+ sin, dat heescht 2x geimpft an geboostert. Oder gesin ech dat falsch?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *