Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Gesellschaft

Luxus-Vollen mat der Luxair 

Luxus-Vollen mat der Luxair
luxair.lu

Bei eiser nationaler Loftgesellschaft LUXAIR muss een Ëmdenke kommen! Ëmmer méi Leit iergeren sech iwwer e schlechten Zerwiss um Client. D’Zäite sinn eriwwer wou d’Passagéier – zesummegepercht wéi an enger Héngerbatterie- sech mat engem Schotz lëtzebuerger Crémant vertréischte loossen. D’Leit hätte gäre méi fir hiert Geld: si wëlle virun allem sech op “hier” Gesellschaft kënne verloossen. Ëmmer nees kënnt et vir, datt Vollen fatzege Retard kréien, an datt d’Leit am Reen stoe gelooss ginn, ouni grouss Erklärungen. Virun engem Joer huet den Direkter Gilles Feith sech driwwer beschwéiert, datt d’Fliger-Flott ufänkt an den Alter ze kommen, datt ze spéit dru geduecht gouf, si lues a lues auszetauschen- eng an d’Gladder fir de ganze Verwaltungsrot. 12 Méint drop schéngt sech nach net esou vill bei der Luxair gedoen ze hunn: nach gëschter Owend hat eng Maschinn vu Malaga op Lëtzebuerg iwwer 4 Stonne Verspéidung krut. Ee vun de Passagéier – de Claude Nesser-  huet sengem Ierger Loft gemaach an dem Generaldirekter dat heiten zoukomme gelooss.

Léif Luxair

Alt erëm en Dag wou’s Du Dengem Numm all Éier méchs. De Vol vu Malaga op  Lëtzebuerg war fir 10 op 8 programméiert. Dëse Vol geet elo mat e bësselche Chance ëm 23:57 eraus! Eng Verspéidung kann ëmmer virkommen, quitte datt dat bei Dir vill ze dacks de Fall ass. Mä da kéint ee jo seng Clienten am Virfeld doriwwer informéieren: net eréischt um 17:57 esou wéi’s Du dat méchs, mä wäit virdrun, well Du weess jo dass Du ze spéit kënns. Da kënnen Deng Clienten sech organiséieren an eppes méi Gescheites maachen ewéi op engem Flughafen ze hänken.

Ech hoffen, datt d’Leit an Zukunft op ëmmer méi Destinatiounen déi’s Du uflitts, léif Luxair, op Konkurrenz kënnen zielen. Villäicht gëss Du Dir dann nees e bësselche méi Méi!
A léif Luxair: so wannechgelift Dengem Direkter, dem Gilles Feith, hie soll ophalen sech an de Medien haart Gedanken ze maachen fir vum Flughafen Metz/Nancy/Lorraine d’Offer auszebauen, éier’s Du Deng Hausaufgaben zu Lëtzebuerg gemaach hues.

Vill Courage léif Luxair fir d’Summersaison an zugläich vill Gedold fir Deng Clienten!

De Vol gouf ëmmer nees recaléiert, fir d’éischt op hallwer 12 Nuets,IMG_9503 schliisslech konnt d’Maschinn um 24:03 ofhiewen. Also iwwer 4 Stonne Verspéidung, glécklech deejéinegen dee säi Billjee mat Visa-Kaart bezuelt huet. Dee ka mat engem Remboursement rechnen…virausgesat, déi administrativ Prozedur ass net den totale Dschungelcamp. Als Ursaach fir deen Tëschefall soten déi vun der Luxair: et gouf en technesche Probleem mam Fliger an eng aner Maschinn stoung net zur Verfügung. Um 3 Auer 30 de Moie sinn d’Vacancier schliisslech um Findel gelant…si brauchen elo schonn nees dréngend Vakanz…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *