Recent Posts

Post Categories

Mutig! Ein Kommentar zur neuen Parteispitze der LSAP von Frank Bertemes 
Gleicht das neue Duo an der Spitze der LSAP wirklich einer Kapitulation der stärksten Oppositionspartei wie ein Kommentar eines Wort-Journalisten...
De Kriibsgang bei der LSAP geet weider 
Iwwerraschungsgackelchen virun Ouschteren bei de Genossen! D’Paulette Lenert ass un engem Posten am Staatsrot interesséiert. Dat kann een duerchaus novollzéien,...
De Xavier Bettel zaubert dem Senegal d’Entwécklungshëllef ewech 
De Premier aus dem Senegal war kierzlech op Aarbechtsbesuch zu Lëtzebuerg. Säi. Land gëtt vun der lëtzebuerger Entwécklungspolitik prioritär behandelt....
Fueren d’Gewerkschafte (weider) Kutsch mat der Regierung? 
“Kann et eppes Klengs méi sinn?”. Déi Fro kritt een normalerweis beim Monni Metzler ze héieren, ma si applizéiert sech...

Blog Post

Divers

Konschtplagiat? Den Artist Jeff Dieschburg an de Gaston Vogel reagéieren zum Deel hefteg! 

Konschtplagiat? Den Artist Jeff Dieschburg an de Gaston Vogel reagéieren zum Deel hefteg!
Marc Thoma

 

D e Jeff Dieschburg ass e jonken Artist vun 22 Joer.

Hien huet dest Joer op der Biennale fir zäitgenëssesch Konscht zu Stroossen matgemaach.

Säi Wierk: ënner anerem e Portrait vun enger jonker Fra. Wat déi Persoun ugeet, huet hien sech op eng Moudephoto vun enger Artistin baséiert, déi an Amerika lieft. Aus enger Photo huet hien en Tableau gemoolt aus Uelechfaarw.

Zanter der leschter Woch kritt hien Plagiat virgehäit. Fir den Detail verweisen ech op mäi längeren Artikel vun haut de Moien https://bit.ly/3ziYD81

De Jeff Dieschburg wiert sech géint esou Virwërf, de Gaston Vogel spréngt dem jonke Mënsch gehäerzt zur Säit.

Allebéid hu si sech den Owend op apart tv beim Marc Thoma explizéiert. Den Interview ass och op dëser Websäit ze kucken an ze gesinn, virun allem, ze genéissen. Esou munche Konschtkritiker wäert sech um Enn aus Schimmt an de Keller verstoppe goen!

Vill Spaass.

 

 

Related posts

2 Comments

  1. Sven Kutzner

    Daat Letzebuergesch Propriété Intelectuelle Recht huet anscheinend keen Stellenwert hei am Land.

    Luxembourg sold out misst den Titel zu dem kaaften Interview heeschen.

  2. Reiffers Nathalie

    Respekt Här Vogel !!!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *