Recent Posts

Post Categories

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...

Blog Post

Divers

Eng Boulette mat der Boulette 

Eng Boulette mat der Boulette
Image par Hans de Pixabay

Et gi Spréch an eiser Sprooch, deenen hire Sënn -dacks historesch gewuess- lues a lues an de Vergiess geréit. Konsequenz: déi Spréch gi falsch agesat. Zum Beispill deen heiten: Kloer ewéi Boulette’s-Zopp! Um Radio héieren ech reegelméisseg, eng Saach wier kloer ewéi Bouletten-Zopp. Dat sinn zweeërlee Puer Schong. Eng Boulettenzopp kann nämlech duerchaus méi kompakt sinn, am Bouillon schwammen e puer fett Bouletten, e bësselche Geméis, eventuell Niddelcher, also alles aneschters ewéi kloer fir derduerch ze gesinn. D’Boulett’s-Zopp par contre huet bei eis e kathouleschen Hannergrond!

D’Boulette war nämlech an der Zäit – an ass et och nach haut- en Internat fir männlech Studenten. Jonk Männer déi vill  Speis brauchen fir hanner d’Broschtknäpp. Dat Internat gouf vun der kathoulescher Kierch gefouert, an déi Geeschtlech haten de Ruff, e bësselche vill knéckeg ze sinn, jo gäizeg; vun de Suen, déi de Student fir seng ‘ Bud’ bezuelt huet, sollt netto esou vill ewéi méiglech iwwereg bleiwe fir aner Zwecker, reliéis Zwecker natierlech. Also gouf et reegelméisseg Zopp mat Bouletten.

Déi Zopp muss allerdéngs extrem sabbeleg gewiescht sinn. Vill Waasser mat wéineg dran. Mat där enger oder anerer Bëmmelche Fleesch, mat enger Ierbes, mat enger Muert, a fir de Rescht konnt een duerch den Teller kucken. De jonke Kärele goung dat net duer. Si hu sech mat geseentem Brout mussen iwwer Waasser halen. Esou ass dat Internat vun de Studenten BOULETTE genannt ginn, an den Ausdrock kloer ewéi Boulette’s-Zopp wor entstanen.

Wann een also  behaapt, eppes wier kloer ewéi Boulettenzopp, dann ass dat – déi Kéier nom franséische Sproochgebrauch- falsch, deemno eng Boulette méi!

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    O jo, dat war ee klassësche Sproch vun de Schoulkolleegen, déi zu Iechternach an der Bulett waren…
    A fir deen, deem dee Sproch bis elo nei war: “Elo gesinn ech hannert d’Spill”, sot d’Bom….an du louch si hannert dem Piano…..😉

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *