Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Gesellschaft

D’Lydie Polfer op Krichsfouss mat deene Gréngen 

D’Lydie Polfer op Krichsfouss mat deene Gréngen
vdl.lu

d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an de Minister fir bannenzeg Sécherheet hunn kierzlech eng descente des lieux gemaach fir op der Gare e Bild vun der Situatioun ze kréien. Gaaps! Net fir d’éischt, datt sech Politiker do weise ginn. Och net fir d’éischt, datt Politiker d’Gespréich mat den Awunner a mat de Geschäftsleit gesicht hunn. Ma endlech mécht d’Politik Neel mat Käpp!

D’Madame Polfer koum nämlech zu der Konklusioun, datt d’Sécherheet sech op der Gare an och an der Stad selwer am Laf vun de leschte Méint net verbessert huet, ma éischter verschlechtert. An dat, obwuel d’Police 30 Beamten bäikrut. Si wollt deenen Uniforméierten hir Aarbecht net schlecht rieden, ma koum zu der Konklusioun: esou kann et net weider goen. Vrun allem d’Gare kann net zu enger Bronx verkommen. Also huet si d’Decisioun geholl, eng Privatfirma dermadder ze chargéieren, virun allem op der Gare duerch d’Stroossen ze patrulléieren.

De Minister Kox ass net frou. Schliisslech wär et un der Police, fir Recht an Uerdnung ze suergen, eng Privatgesellschaft kéint do net vill erreechen. Wat de Minister net seet: hien torpedéiert eigentlech eng gréng Iddi! Och an der Stad Déifferdeng sinn zu Traversini’s-Zäiten Privatbeamten duerch d’Gaassen getrëppelt, an d’Resultat soll emol guer net schlecht gewiescht sinn. Et geet drëm, déi Onéierlech ze veronsécheren an de Bierger hiert Sécherheetsgefill erop ze setzen; dat kann duerchaus just subjektiv sinn, grad esou wéi iwwregens de Minister a senger Interpretatioun!

“…et verstoppt sech awer nach eppes aneschters hannert der Reaktioun vum Kox!…”

Datt nämlech d’Sécherheet op der Gare sech haut an esou engem desolaten Zoustand weist, ass d’Resultat vun 12 Joer gréng Kohabitatioun mat deene Bloen um Knuedler. Déi Gréng hu sech stänneg géint d’Roll vum Sheriff gewiert, fir nëmmen net de Verdacht vun engem Polizeistaat opkommen ze loossen. Dat soll elo mat e bësselchen Polemik iwwertüncht ginn!

iwwerhaapt ass d’Stater Buergermeeschtesch um Krichsfouss mat de fréiere Müsli-Apostel. Och d’Sam Tanson ass hir net ganz gréng, warscheinlech aus diverse Grënn, ma dorënner deen vun der Erënnerung un déi lescht zwee Joer politescher Zesummenaarbecht um Knuedler. Déi Zäit ass nach net vergiess!

An hat net déi Stater Policedirektioun virun engem Joer e Bréif geschriwwen, an deem et ë.a. heescht: “Diese Gesetze und Texte sollen so ausgelegt sein, dass Polizei und Justiz effizient arbeiten können”? Wëll heeschen, d’Gesetzer sollen esou formuléiert sinn, datt een eppes Konkretes dermadder kann ufänken. Dacks awer sinn den Uniforméierten d’Hänn gebonnen. De Frust ass deemenspriechend! D’Justizministerin ass deemno gefuedert.

Déi privat Patrullen, – wann den Term erlaabt ass-, si jo exklusiv dissuasiv geduecht, zousätzlech zu der Police, déi weider am Asaaz bleift. Sou datt et MUSS zu Informatiounsgespréicher kommen, wou béid Säiten sech austauschen an esouguer vunenaner léieren. Firwat et net probéieren? E gréngt Experiment am Bloen! D’Lydie Polfer huet erkannt, datt d’Bild vun der Stad am gaangen ass, ze verkëmmeren a si probéiert, deem entgéint ze steieren. Déi Chance muss een hir loossen!

Related posts

1 Comment

  1. Braun Roger

    hat well just gaeren erem seng eege Police hunn
    dest brengt guer a glat neischt
    an nach weider iwerwachung well daat gefellt daer Fra

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *