Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Divers

De Frank Schneider a Bild an Toun….a mat vill Musek derhannert! (Video) 

De Frank Schneider a Bild an Toun….a mat vill Musek derhannert! (Video)
gkonline

 

                                            

D’Press mécht et der Politik no an interesséiert sech iwwerhaapt net fir de Fall Schneider. Ausser gëschter Owend an der Emissioun vum Marc Thoma op apart.tv. En Interview vu ronn enger Stonn, ongeschnidden. An deem Gespréich kritt ee vill mat vum fréiere Geheimagent, perséinlech an och berufflech. Virun allem hëlt hie kee Blat virun de Mond, wat d’Behuelen vun de lëtzebuerger Autoritéiten déi lescht Méint betrëfft.

De Mann gouf jo Enn Abrëll heivir a Frankräich ënner mënschenonwierdege Conditiounen vun de Fransouse festgeholl: hie krut de Klabes virun d’Stier gedréckt, säi jonke Fils war derbäi. Dat huet hie schonn op dësem Site viru Méint an engem Interview erzielt a widderhëlt dat elo virun der Kamera.

De Marc Thoma erkläert am Virspann nach eemol, ëm wat datt et geet. Um Enn vun deem laange Gespréich stellt een sech d’Fro: wat ass de Lëtzebuerger Pass nach wäert? Maacht Iech selwer e Bild!

 

Merci dem Marc Thoma an apart.tv, mir d’Erlabness ginn ze hunn, dësen Interview integral op menger Websäit däerfen ze publizéieren😇

Related posts

3 Comments

  1. Jean

    Extrem interessanten interview den op alle faell och kee gudd licht op dei aktuell Letzebuerger regierung werft.
    Egal wat den haer Schneider lo verbrach huet oder net, et wier op alle faell mei wei en trauregen witz wann e Letzebuerger giff un d usa ausgeliwwert gin well en de fehler gemach hut op deitsch oth anstatt op de grenzer quartier zu Esch wunnen ze goen,well den detail mescht jo hei den ennerscheed…traureg.

  2. Den ISI

    D’Affär vum Franck Coustet, wou vill bekannte Leit aus Politik & Justiz zu Lëtzebuerg involvéiert sinn, gëtt och vun der Mainstream Press net thematiséiert. https://www.youtube.com/playlist?list=PL6tJS__3fkPUfg1BixrjHlEv-OgHBSw3V

  3. Jean

    ISI
    D mainstream press thematiseiert leider leiwer persounen wei jacoby oder freitag…op dei beis schwurbler ass licht klappen an d kritt een och nach applaus vun den dhiraj fans.
    Mei heisse eisen gin do leider net ugepakt,do kennt ee sech mol d pouten verbrennen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *