Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Aussepolitik

3 Joer Krich an der Ukrain: och am Westen net ëmmer déi ganz Wouerecht 

3 Joer Krich an der Ukrain: och am Westen net ëmmer déi ganz Wouerecht
Photo de Matti Karstedt: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/une-jeune-fille-manifestant-contre-la-guerre-en-ukraine-11284549/

Et ass evident, datt de Russ bei sech doheem net déi ganz Wouerecht iwwer de Krich erzielt kritt. A wéi ass et bei eis am Westen? Ass bei eis alles wierklech transparent? Wuel méi ewéi bei hinnen, ma nawell ginn et schwaarz Lächer an der Kommunikatioun. Zum Beispill wat d’Sanktioune géint Moskau betrëfft. Am Joer 2022, wéi d’Invasioun ugefaangen hat, huet déi westlech Welt Sanktiounen drop an derwidder decidéiert: 1354 géint Eenzelpersounen, dorënner an der

Photo de Алесь Усцінаў : https://www.pexels.com/fr-fr/photo/apres-l-explosion-a-kiev-11477799/

Haaptsaach d’Oligarchen, an 161 géint russesch Betriber; haut si keng 500 Persoune méi betraff, ma awer nach 240 Gesellschaften. An nawell goung et net duer fir Russland an d’Knéien ze kréien. Also eppes aneschters ewéi dat, wat mir um Ufank vum Krich verzielt kruten.

Déi russesch Ekonomie wiisst méi séier ewéi déi Däitsch. Éierlecherweis huet dat mat der topeger Politik vun der

the pioneer

Ampelkoalitioun ze doen, an op där anerer Säit mat der Tatsaach datt déi russesch Militärindustrie op Volltoure leeft. Ma geschwat gëtt doriwwer bei eis esou gutt ewéi guer net. D’Europäesch Unioun koum am leschte Joer op ee Wuesstum vum BIP vun 1,1 Prozent. D’USA vun 2,8 a Russland vun 3,7%. Dobäi hate mir vun engem Krich geschwat krut mat Happy-end: wann de Russ näischt méi ze räissen an ze bäissen huet, da schléit de Peegel séier ëm. Schéi Geschicht, ma wäit gefeelt!

Oder och d’Geschicht vu SWIFT, de westleche Bezuelungssystem. Russland gouf direkt um Ufank vum Krich aus deem System ausgeschloss, a mir duechten, d’Russen missten nees hir Finanztransaktiounen mat Holz a Kuel maachen. De Putin awer huet séier reagéiert a goung eng Allianz an mat China. Bannent kierzter Zäit konnt Russland vun deem chineesesche Bezuelungssystem CIPS profitéieren, deem seng Aktivitéiten zanterhier signifikativ an d’Luucht goungen. China ass den neie grousse Partner.

Virun 12 Joer huet Russland fir 150 Milliarden Dollar an d’EU exportéiert; haut läit dee Chiffer ënner 40 Milliarden; d’Exporter a China dogéint goungen erop vun 75 Milliarden Dollar op 111! Wien ass do de Verléierer? Bleift nach d’Geschicht vum Pëtrolembargo.

L’Express 3835

Deen huet dem Kreml tatsächlech wéi gedoen; esou gëtt geschat, datt doduerjer Russland 85 Milliarden Dollar un Exportatiounen an deenen 3 Joer duerch d’Päif goungen. Ma och hei huet de Kreml net geschlof. Honnerten al Schëffer aus Zäiten vun der Sowjetunioun goufen huerteg reaktivéiert, fueren als Geeschterschëffer duerch internationaalt Gewässer an transportéieren illegal de Pëtrol aus dem Ural.

Fazit: déi ronn 15.000 Sanktiounen déi ronderëm d’Welt géint Russland ergraff goufen, hunn nëmmen eng beschränkte Wierkung op déi russesch Ekonomie déi op kee Fall komplett agesackt ass. Verschidde Beräicher hunn allerdéngs extrem gelidden: d’Autosbranche huet e Minus vu 70 Prozent gemaach, -wéi et schéngt ginn et keng Air-bags méi- den Tourismus an der Haaptstad goung aus verständleche Grënn op quasi null erof. Ma fir de Rescht wurschtelt sech Russland net schlecht derduerch.

Bis ewell sinn et an der Haaptsaach d’USA an d’Europäesch Unioun, déi esou Sanktiounen decidéiert hunn; grouss Länner ewéi China an Indie maachen net mat. Dat ass eng Schwächt. Derbäi kënnt, datt verschidden EU-Länner sech Ausnamen ausgehandelt hunn: Griichenland zum Beispill däerf ouni Weideres russesche Pëtrol weider importéieren a verkafen. Esou Bommefest ass déi europäesch Solidaritéit also och net….schliisslech war den Ares jo och kee Lëtzebuerger.

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    Die krasseste luege welche immer wieder entgegen jeder realitaet in der EU kolportiert wird ist die behauptung,,dass russland total isoliert sei.
    Ausser den USA und der EU und noch einigen us freunden wie SudKorea mzcht der rest der welt zu recht bei den sanktionen nicht mit.
    .Selbst nato oder EU mitglieder wie die Turkei,Ungarn oder Griechenland enthalten sich.
    Ich bin mal gespannt welche sanktionen die so tolle EU kommission nach der annexion Groenlands durch die USA nehmen wird…wahrscheinlich werden frau vdl und genossen die hotels der Trump gruppe waehrend 12 monaten boykottieren und auch keine Teslas mehr kaufen😀

  2. Phil

    De Problem bei onsen Medien ass, dass d’Nouvellen politesch gesteiert sin, esou wéi et grad passt. Et wëll jo keen behaapten dass et Liggen sin, mee esou wéi den Hunn um Kierchtuerm as de gusto mol méi lénks oder gusto mol méi no riets… schwätz opportun. Ganz oft gin mol verschidden “onbequem” Saachen eweg geloos oder am Sënn vum Hinnchen anerschters formuléiert. Medien aus dem Osten gin jo schon vu vireran als Liggenblieder duergestallt… wann sie dem kriteschen Lieser iwwerhaapt zougänglech gemat gin, oder directement censuréiert an verbueden. Kuerz gesot, journalistescht, politescht “Framing”.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *