Recent Posts

Post Categories

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...

Blog Post

Gesellschaft

Wéinst enger Poubellesrechnung koum de Guckuck geflunn! 

Wéinst enger Poubellesrechnung koum de Guckuck geflunn!
Photo de lil artsy: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/poubelle-en-fer-minable-dans-le-parc-3750776/

 

Streng, mä awer gerecht? Et ass normal, datt een seng Rechnunge muss bezuelen. Ma et kann een et als Verwaltung och iwwerdreiwen! An der Gemeng Suessem hat e jonke Mann Problemer, seng Poubellesrechnungen ze bezuelen. Bedéngt duerch Corona hat hien seng Aarbecht verluer an esou war d’Loft am Portmonni dënn ginn. Den Deus meus huet gefeelt fir déi 166 Euro ze begläichen. D’Gemeng Suessem huet d’Dicke Bertha erausgeholl an dem Mann den Dierwiechter geschéckt.

Well grad keen doheem war, gouf de Schlässer geruff fir Zougang zur Wunnecht ze kréien. Den Dierwiechter huet eng Rei Saachen matgeholl: Canapé, Televisiounen, Fotell, Stëbssuckeler etc. Si koumen an eng vente forcée. D’Déiereschutzorganisatioun give us a voice hat sech agemëscht: et hätt nämlech och eng Eidechs sollen ënner den Hummer kommen, also versteet ginn! D’Organisatioun huet mussen 793 Euro blechen.

D’Gemeng an den Dierwiechter hu sech strikt un d’Gesetz gehalen. Näischt dogéint ze soen! An awer stellt sech d’Fro: ass et korrekt, esou mat engem Mënsch ëmzesprangen? Ëmsou méi wou et sech jo net ëm e Privatbetrib gehandelt huet, ma ëm en Service vun enger Gemeng!

Kuckt a lauschtert de Video vum Marc Thoma. Hien ass neierdéngs och op YouTube.be

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    Didjö… dee ganzen Opwand fir 166€, faut le faire! Wann ee bedengt wat hei am Land fir soss débile Sachen Souen verschwëngst gin. An den staatlechen Administratiounen schëngen sie jo wierklech kéng aner Péng ze hun!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *