Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Finanzen

Test fir den Test! An och fir d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert! 

Test fir den Test! An och fir d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert!
Image par Weipeng_Lin de Pixabay

an dësen Zäiten, wou Jenni a Menni sollen op de Corona getest ginn, kënnt ee schlecht laanscht deen Thema. Et muss een driwwer schwätzen, an et soll een sech Froe stellen. Froen stinn grad der Press ëmmer gutt zu Gesiicht, Froe stellen ass d’Ausgangsbasis vum Journalismus. Leider ass dat grad an dësen Zäiten nach laang net ëmmer de Fall, et wëll ee schliisslech net mat kriteschem Hannerfroen eng Regierung onnéideg an d’Labyränte bréngen. Ma et ginn Ausnahmen!

Reporter.lu huet e Sujet opgegraff, deen schonn Ugangs Abrëll op gk online ze liese stoung

https://guykaiser.lu/nationalunioun-wahrend-der-kris-och-matt-der-press/

Ech hat et deemols gewoot, d’Roll vun der Press an dësen aussergewéinlechen Zäiten kritesch ze beliichten an ech hat et gewoot, eng question parlementaire vun der CSV ze thematiséieren, mech also der Gefohr ausgesat, CSV-friendly ze sinn. Et goung e.a. ëm dat heiten:

D’Deputéierten Laurent Mosar a Gilles Roth froen Detailer wat d’Approbatiounsprozeduren ugeet, an zwar am Verglach tëscht Lëtzebuerg an dem Ausland. Virun allem awer froen si, ob d’Ministesch kéint ausschléissen, datt esou Tester gemaach goufen “en méconnaissance de la procédure applicable“. Also mat der Scheierpaart gewénkt, do wieren eventuel illegal Tester gemaach ginn!

Op reporter.lu hunn d’Véronique Poujol an de Laurent Schmit dës Fro iwwerholl an hirersäits exzellent Recherchen gemaach!

Image par fernando zhiminaicela de Pixabay

Do geet Rieds vun engem Betriib, mam Numm “Fast Track Diagnostics”, deen dem Staat eng hallef Millioun Coronavirus-Tester verklappt huet. Den Test sollt honnertprozenteg sécher Resultater bréngen. Kloer dat! Schliisslech gouf de Produit zu Lëtzebuerg entwéckelt! Den Deal sollt bal 5 Milliounen Euro kaschten. Ma de Betriib – eng Duechtergesellschaft vu Siemens – kruut am Laaf vun der Zäit Probleemer mat sengem Bébé!

Schonn am leschten Dezember hätt laut reporter.lu d’Firma eng gréisser Quantitéit där Tester vum Maart zeréckgeruff, matt der weltwäiter Warnung, datt den Test eventuell Risken kéint mat sech bréngen. ” Fast Track Diagnostics” huet mussen zouginn, datt d’Resultater vum Test net onbedéngt fiabel woren! E Spriecher vum Betriib gëtt mat de Wieder zitéiert “es gab interne Probleme, die aber inzwischen gelöst wurden”.

Weider huet reporter.lu erausfonnt, datt den Test réischt virun 8-10 Deeg déi néideg CE-Zertifizéierung kruut, awer schonn virdrun agesaat gi war, an zwar vun de “laboratoires réunis”, där fréierer Mammegesellschaft  vun de “Fast Track Diagnostics”. An d’Journalisten werfen nach eng zousätzlech Fro op: bossegerweis gëtt et nach eng aner lëtzebuerger Firma, déi och en Test entwéckelt huet. “Advanced Biological Laboratories” gouf bis ewell net vun der Regierung kontaktéiert; hieren Test fonktionnéiert op der Basis vum Spaut, also ouni Gestëppels an Nues a Strass.

“…et geet och ëm d’Integritéit vun der Ministesch Paulette  Lenert…!”

Et geet an dësem Kontext iwerhaapt net ëm de Pro an de Contra vun deem geplangten Massentest. Wat do iwwregens genee geplangt ass, kann ee sech a Rou op dëser Adress ukucken https://bit.ly/2xolMrW , en detailléierten Interview vum Jemp Bertemes op science.lu. Neen! Et stellen sech hei aner Froen: hätt d’Ministesch net mussen eng ëffentlech Ausschreiwung maache loossen, ëmsou méi, wou et jo op d’mannst zwee potentiel Interessente gouf a gëtt?! Hätt fir déi houfereg Somm vun 4,7 Milliounen Euro net mussen e Gesetz geschriwwen a gestëmmt ginn? Kloer, mir sinn an enger aussergewéinlecher Situatioun, déi och aussergewéinlech Moossnahmen bedeit. Musse mir dofir an engem rechtsfräihe Raum liewen?!

aschliisslech: ass et ze vertrieden, datt Tester mat Leit gemaach goufen, ouni datt déi Tester déi néideg Prozeduren hannert sech haten? D’Gesondheetsministesch, Paulette Lenert, déi bis ewell eng wichteg Roll am Krich géint de Virus gespillt huet, muss iwwerzeegend Äentwerten aus dem Hutt zauberen. Als geléiert Juristin weess si, datt dës Froen net einfach kënnen ënnert den Teppeg gekiert ginn! Derbäi kënnt, datt dat massivt Testen net onëmstridden ass, weder ënnert de Virologen nach am Vollek; Transparenz wär net vu Muttwëll…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *