Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Gesellschaft

Nom Krich den Neesopbau! 

Nom Krich den Neesopbau!
Image par Peter H de Pixabay

schonn matzen an der Schluecht géint d’Pandemie gouf kloer: den europäesche Kontinent war op industriellem Plang extrem ofhängeg ginn vum Rescht vun der Welt. Gesiichtsmasken hunn Tonneweis mussen aus anere Länner, haaptsächlech aus China eriwwergeflu ginn, verschidde Medikamenter goufe knapp um Maart, well Länner aus der Drëtter Welt net méi nokoumen mat der Produktioun, respektiv selwer Probleemer haten mam Virus. D’Kris huet kloer gemaach: esou kann et net weidergoen, scho guer net zu Lëtzebuerg!

An de 70-ger Joer huet d’Industrie am Grand-Duché nach 47 Prozent ausgemaach vum Bruttoinlandproduit. Duerno goung et schëtzeg de Biergof. Haut mécht d’Industrie nach knapp 6,7% aus vum PIB. Kloer huet do den Ofbau an der Metallurgie matgespillt, ma et gouf vergiess, no Ersatz ze sichen. Dem Land goung et jo gutt, schliisslech hat d’Finanzplaz sech breet gemaach, déi nach ëmmer fir en décke Fënneftel vun eisem Wuelstand steet. Déi lescht 20 Joer gouf ëmmer erëm drop higewisen, wéi ongesonnt a geféierlech et ass, wann d’Nationalwirtschaft op engem Pilier fouss, also monolithesch ass. No Diversifikatioun gouf gejaut. Geschitt ass näischt!

“…et ass elo den Ament fir eng nei industriell Revolutioun am Land!…”

Dobäi ass den Interessi u Lëtzebuerg eemol wéi d’aner Kéier grouss. Google, FAGE an Ocsial wëllen sech bei eis installéieren. Mir awer runtschelen d’Nues! Déi eng brauch ze vill Stroum, déi aner ze vill Waasser. Ech wëll net falsch verstane ginn: et ass duerchaus ubruecht, datt mir och no ekologesche Krittären un esou Dossieren eruginn, ma et ass e Feeler, déi ekonomesch Krittären komplett ze vernooléissegen. Dat ass wéi e verwinntent Kand, dat säin Teller net opësst, well et grad keng Loscht huet!

Image par Marko Lovric de Pixabay

Wéi wär dann eis Reaktioun, wann China mat der Offer kéim, eng Néierloossung bei eis ze plangen, fir Masken hirzestellen?! Wéi wär et dann, wann eng auslännesch Pharmaindustrie zu Lëtzebuerg wéilt hir Pëllen dréien, mat als Kiischt um Kuch, de Vaccin géint de Virus hirstellen?! Wäre mir eis dofir och ze schued?

Grad Google an Fage weisen wessen Kind wir sind. D’Dossier leien Jore laang am Tirang a waarden op hir Autorisatioun. Huet de Patrick Ernzer vun der Handelskammer net Recht, wann hien provokativ a ‘senger’ Zeitung MERKUR titelt: gouverner, c’est décider?! Ass et net eng Frechheet, Betriber esou laang waarden ze loossen, fir däerfen hiert Geld bei eis ze investéieren? Kënne mir eis déi Zort national Arroganz nach leeschten?!i

Den Ament ass komm, fir driwwer ze diskutéieren. Déi leschte Méint hunn eis virun Aen gefouert, datt eng industriel Ofhängegkeet gläich ze stellen ass mam Ausverkaf vun engem ganze Land!

Related posts

1 Comment

  1. Aender

    Die 1. Phase vun dësem Krich, ass nach nett eriwwer, noh der Enphase lount den Oppbau sech nett mieh, well ëtt werten kaum mieh wie 1/3 vun Eis, Deen iwerliewen, opp d’Liewen dann nach Liewenswert ass ?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *