Recent Posts

Post Categories

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...

Blog Post

Divers

Marc Thoma op apart.tv: Horror um Stauséi! 

Marc Thoma op apart.tv: Horror um Stauséi!
Marc Thoma

      

Et muss net onbedéngt Ballermann sinn! Et kann och de Stauséi sinn, dacks einfach de STAU genannt. Wann d’Wieder gutt ass, fueren dausende Leit de Weekend erop an d’Éislék fir sech laanscht dem Séi néierzeloossen; déi eng fir vun Natur a Sonn ze profitéieren, déi aner – an dat si wuel déi meescht-, fir de Grill unzeschmäissen an aus der Killbox eng Partie Fläschen eidel ze maachen. An da fänkt de Ballermann un ze wierken an hannerléisst grousse Chaos.

Marc Thoma

Viru 50 Joer war dat nach aneschters. Eng Rei Hippie hu sech an den Dierfer ronderëm de Séi begéint, verschiddener gounge plakeg schwammen – wat am deemolege Marienland eng Doudsënn war- a munchereen blouf am Duerfbistro hänken. Den Ënnerscheed zu HAUT: et waren der Honnerten, keng Dausenden. D’Stauséigemeng ass iwwerfuerdert! Dobäi ass et eng Naturschutzregioun, de Séi ass eis gréisste Reserve u Krunnewaasser.

An der décker Hëtzt wierkt den Alkohol nach eemol méi séier. Et kënnt zu Streidereien. Dat misst net sinn, ass awer esou. Virun allem awer hannerléisst jiddereen Dreck, Plastik,

Marc Thoma

Kartong, Béchsen…Villäicht stinn effektiv net genuch Poubellen zur Verfügung, ma Fakt ass, datt deen Dreck dacks muttwëlleg an d’Natur gehäit gëtt, och an de Séi. De Marc Thoma huet een Daucher an den Asaz gefrot an deen huet tatsächlech bannent kuerzer Zäit villes aus dem Waasser erausgefëscht, wat net dohinner gehéiert.

Dem Marc Thoma säi Reportage ass wéi ëmmer op apart.tv ze kucken an och op dëser Websäit. Op eng gewësse Manéier gouf och de Stau d’Affer vum 700.000 Awunnerstaat.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *