Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Innepolitik

Guckuck! Wat hu mir dann do? 

Guckuck! Wat hu mir dann do?
Image parSarah Richter de Pixabay

Den 18. September sot d’Madame Dieschbourg  am Kontext Gaardenhaischen op Telee Lëtzebuerg dat heiten:“Hei an dësem Fall ass d’Haapthaus vun 1961, aner Deeler déi um Terrain stin, si méi spéit. Ech unn hei an dësem Dossier och elo keng Trace genau vu wéini dass et ass. Et ka sinn, datt dat virum Naturschutzgesetz schonn do war…” Esou ähnlech huet si sech op der Pressekonferenz dëse Méindeg ausgedréckt. Keng Tracen also vum Schapp!

Ass do richteg gekuckt ginn am Ëmweltministère? Et ass nämlech net verbueden, am Kadasteramt eng recherche maachen ze loossen. Déi loossen regelméisseg e klenge Fliger iwwer d’Land zéien fir Photo ze maachen, an do kann et duerchaus sinn, datt Saachen, also Constructiounen wéi e Schapp oder e Gaardenhaischen entdeckt ginn, déi bis dohinner nach net agedroe waren. Esou eng Recherche schéngt de Ministère net gefrot ze hunn. Dat hu mussen anerer fir si maachen. Hei ass d’Resultat, oder soll ech soen, de corpus delicti?!

Cadastre Traversini

Do reiwt ee sech d’Guckelcher! De Schapp gouf also eng éischte Kéier 2013 fotographéiert a gouf 2016 an de Kadaster agedroen. D’Verwaltung präziséiert, datt dat op kee Fall wëll bedeiten, datt de Schapp an deem Joer opgeriicht gi wär! Et ass awer par déduction sécher, datt dat Haischen tëscht 2013 an 2016 gebaut gi war, an dat géing bedeiten, schonn deemools an der Illegalitéit, wat d’Gesetz betrëfft vum Naturchutz. An anere Wieder: d’Decisioun vun der Ministesch Carole Dieschbourg, fir eng ex-post Autorisatioun ze ginn fir d’Renovatiounsaarbechten, war falsch, fir net ze soen, illegal!

Oder ass dëse Lapsus – fir keng Recherche um Kadaster maachen ze loossen- geschitt, well et huet musse séier goen…?

 

 

 

 

 

Bibliographie :

 

  • L’inquisition de Goa – Chardeigne 1997

 

  • Crimes et châtiments dans l’Espagne inquisitoriale – Escamilla – Berg int. 1992

 

  • Le manuel des Inquisiteurs – Eymeric

 

  • Histoire de l’Inquisition au Moyen-Âge 3 Vol. – Henry Charles Lea – 2013

 

  • Le bûcher de Montsegur – Oldenburg Zoe – Gallimard 1959

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *