Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Innepolitik

Gëtt elo de Logistikzenter platt gewalzt? 

Gëtt elo de Logistikzenter platt gewalzt?
Image par Daniel Kirsch de Pixabay

den Optrëtt vum Finanzminister dëse Weekend bei RTL huet scho munneches méi kloer gemaach: de Präis vu Bensin an Diesel gëtt zweemol gehéicht: eng Kéier mat der geplangter CO2-Steier an eng Kéier mat enger Spezialtaxe, déi geduecht ass am Klëppelkrich géint den Tanktourismus. De Pierre Gramegna huet do vun enger Forschett geschwat vun tëscht 2 a 6 Cent um Liter an dat entsprécht där Verduebelung bis Verdräifachung vum Präis, vun där ech virun Deeg geschriwwen hat. Allerdéngs huet den Här Gramegna aner Zuelen, ewéi de gréngen Deputéierten François Benoy. De Minister seet, duerch déi Hausse vun 2 Cent um Liter de leschten 1. Mee wieren d’Ventën vum Diesel ëm 2,5% erofgaangen, iwwerdeems den Här Benoy vun engem Plus vun iwwer 4% an den éischten 9 Méint vum Joer geschriwen hat. Et sief! De Problem CO2 ass domatter alles aneschters ewéi geléist; esouguer de Minister François Bausch hat an engem RTL-Interview virun 2 Joer gemengt, datt esou eng Taxe kee Sënn géing maachen. D’Camion fueren dann zwar net méi duerch Lëtzebuerg, ma awer nach ëmmer derlaanscht, mam nämmlechten Ausstouss vun CO2, deen dann vu franséischer,belscher oder däitscher Loft eriwwer geblose gëtt.

Image par David ROUMANET de Pixabay

 

Mä, Ëmweltschutz a virun allem Klimapolitik berouen an der Haaptsaach op nationalem Egoismus: all Land probéiert seng Quoten esou gutt ewéi méiglech anzehaalen, egal ob et eppes fir de Planéit bréngt oder net. Mam klengen Ënnersched, datt mir eis vill Suen laanscht d’Nues flitze loossen. Et sollt een eng europäesch Léisung ofwaarden!

 

am Logistikzenter wäerten se e Samschdeg mat béide Féiss op d’Brems gespronge sinn! Am schlëmmste Fall géif déi Tanktourissemtaxe um Diesel 6 Cent um Liter ausmaachen! Kee klengen Dreck fir Betriiber wéi Arthur Welter, dee 600 Camion an der Circulatioun huet. Deem säi Finanzdirekter Ben Frin sot virun e puer Méint, datt déi Hausse vun 2 Cent um Liter d’Gesellschaft déit 240.000€ d’Joer kaschten. Eng Taxe vu 6 Cent géing also dräimol méi deier ausfaalen, also 720.000€. Ech kennen d’Rechebicher net vun Arthur Welter, mä eng Dräivéierelsmillioun hëlt een net mat lénks. An derbäi kënnt dann, e puer Méint drop, d’CO2-Steier, déi laut den Aussoen vum Minister Gramegna nach emol wäert 5 Cent ausmaachen op Sprit, Gas a Brennes. Eng Alternative zum Diesel-camion gëtt et (nach) net. A wéi sot den Energieminister Claude Turmes virun enger Woch: et ass wichteg, datt d’Decisiounen vum Vollek matgedroe ginn:”Mär sinn an enger Klimakris, an awer ass et wichteg dass mär d’Leit all mathuelen, dass mär d’Betriber mathuelen…” An de Camionsgesellschaften wäerten d’Pneuën ufänke mat Dämpen!

Image par Emslichter de Pixabay

an dat ëmsou méi, wou nach absolutt näischt gewosst ass, wat mat deenen zousätzleche Suen soll geschéien. D’CO2-Steier soll bis zu 150 Milliounen zousätzlech an de Staatsbeidel eraspullen. Vill Suen! Ma woufir? Fir d’Leit matzehuelen op deen (deiere) Wee, muss ee mat konkrete Projeten optrompen, zum Beispill, wéi et verschiddentlech an de soziale Medien – an och op dësem Site- proposéiert gëtt, fir e grousst Stéck Bësch bäi ze planzen: ee Bam pro Awunner, also 620.000 Stéck! Wär dach eng Iddi! D’Beemercher frupsen dee béisen CO2 – deen liewensnoutwenneg ass!-, d’Leit ginn duerch de Bësch spazéieren, an déi Gréng, déi jo nach ëmmer wollte kompenséieren, kommen och ob hir Käschten. Et kéint op alle Fall näischt schueden, ausser datt mir geschwënn net méi genuch CO2 an der Atmosphäre hunn (0,038%)! Den Ament gëtt een de Verdacht net lass, datt d’Steier benotzt gëtt, fir sech de gratis ëffentlechen Transport iwwerhaapt leeschten ze kënnen.

Eppes steet fest. D’Liewen gëtt an den nächste Joer méi deier! Net nemmen, wat d’Autofueren ugeet, ma mir mussen all d’Nierwekäschten mat iwwerhuelen. Wann eng Camionsgesellschaft wëllt iwwerliewen, muss si d’Präisser fir hier Prestatiounen no uewen adaptéieren. Dat nämmlecht gëllt fir d’Landwirtschaft, wou och vill mat Diesel geschafft gëtt. Den ëffentlechen Transport, zwar gratis, gëtt méi deier, d’Post…jo, esouguer de Kachkéiss, Béier a Wäin!All Betriib iwwerdréit zousätzlech Onkäschten op de Konsument. Vive den Index!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *