Recent Posts

Post Categories

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...

Blog Post

Divers

Geschicht Gaardenhaischen: Procureur a.d. Jean Bour am Interview mam Marc Thoma 

Geschicht Gaardenhaischen: Procureur a.d. Jean Bour am Interview mam Marc Thoma
wort.lu

                     

Virun zwou Wochen huet d’Procureure générale Martine Solovieff der Chamber en aussergewéinleche Bréif zoukomme gelooss, mat der demande en accusation vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Ausleefer vun der Affär Gaardenhaischen, déi wuel éischter eng Affär Traversini war. Den Dossier louch 30 Méint um Parquet a krut also mat där Prozedur vun enger mise en accusation vun der Chamber aus een iwwerraschenden Dréi, mat uewen drop d’Demissioun vun der Ministesch.

Déi Prozedur bedeit näischt aneschters ewéi datt d’Chamber d’Roll vum Parquet soll iwwerhuelen. Eng cocasse Situatioun. De fréiere Procureur vun Dikrech mengt, deen zoustännegen Text hätt scho längstens misse geännert ginn. Ma elo ass et ze spéit. Ënner anerem doriwwer huet sech de Marc Thoma op apart tv mam Jean Bour ënnerhalen. En Interview vu ronn enger hallwer Stonn, wéi ëmmer, no apart.tv och op dëser Websäit ze kucken an ze lauschteren.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *