Recent Posts

Post Categories

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...

Blog Post

Innepolitik

Geheime casier: et gëtt deen tatsächlech! 

Geheime casier: et gëtt deen tatsächlech!
Image parJörn Heller de Pixabay

D’Regierung widdersprécht sech: virun zwou Wochen huet de Minister François Bausch d’Existenz vun engem “zousätzleche” Casier nach komplett ausgeschloss. An der Aentwert op eng parlamentaresch Fro (Mosar a Roth) kënnt een elo zu enger neier Erkenntnis: et gëtt dee geheime Casier tatsächlech, deen seng legal Basis op engem groussherzogleche Reglement aus dem Joer 1992 hätt. Déi Aentwert kënnt am Numm vum Staatsminister, dem Minister, zoustänneg fir d’Kommunikatioun, vum Minister fir déi bannenzég Sécherheet a vum Justizminister.

Dat groussherzoglecht Reglement ass Enn Juli zejoert ausgelaaf; zanterhir wär déi legal Basis fir d’Datebank bei der Police e Gesetz gewierscht aus dem leschten August; wéi d’Tageblatt haut schreiwt, iwwerhëllt d’Regierung domatter déi juristesch Interpretatioun vum Alex Bodry, woubäi ze bemierken ass, datt an deem Gesetz kee Pippcheswiertchen dra steet vun dësem Regëster bei der Police. D’Juristen wäerten sech iwwer dee Punkt vill streiden – a matt hinnen natiirlech d’Politiker-, ob matt deem Gesetz dës Datebank indirekt eng Autorisatioun huet oder net. Ma egal wéi een et dréit a kéiert, dem Bierger stéisst sauer erop, datt hien an de leschten 3 Joerzéngten iwwerhaapt net iwwer dëse fichier an d’Bild gesaat gouf; dohir och de Begrëff “geheime” casier!

 

Weider heescht et, datt d’Police d’Donnéeën vun de Leit während 10 Joer kann an där Datebank stockéieren. Op wat fir ee Gesetz berifft een sech dann do?

An no deenen 10 Joer kéimen dës Donnéeën an d’Archive? Wou ass do déi legal Basis dofir? D.Regierung versprécht , mat der CNPD a matt IGP ze schwätzen; en dueblen Aveu: wat si bis dato net fir néideg fonnt huet, wëll si elo séier nohuelen! Do bestinn also duerchaus Widderspréch a Froen bleiwen opstoen: d’Regierung ass wuel nach esou bal net aus där doten Affaire eraus. Muer kënnt mol déi juristesch Kommissioun zesummen. Fir e bessert Versteesdeméch hänken ech hei ënnendrënner déii parlamentaresch Fro an hir Aentwert.

Link: https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Recherche/RoleDesAffaires?action=doQuestpaDetails&id=17456&backto=p0/IZ7_28HHANET20F2A0A91N6L0M0CE3=CZ6_D2DVRI420G7Q402JEJ7USN3851=M/#Z7_28HHANET20F2A0A91N6L0M0CE3/>

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *