D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer nach Aarbechterpartei nennt. D’LASEP war et déi lescht Joerzéngten gewinnt, mat an enger Regierung ze sëtzen an huet elo -verwinnt, verzillt- Problemer, sech an der Oppositioun zu Recht ze fannen; eng Erfarung, déi déi chrëschtlech Bridder a Schwësteren vun

der CSV och hate musse maachen. Bei de Genossen geet et den Ament drënner an driwwer: an zwee Méint ass Nationalkongress an et gëtt op Däiwel-komm-eraus probéiert, sech nei opzestellen. Iwwerraschunge sinn net ausgeschloss.
Esou héiert een, datt de Komerod Etienne Schneider kontaktéiert gouf, fir hien aus der politescher Pensioun souzesoen ze reaktivéieren. De fréiere Wirtschaftsminister awer hätt just amuséiert ofgewonk: den Etienne ass tatsächlech zu neiem Liewen erwächt ginn, sëtzt am Verwaltungsrot vun ArcelorMittal, vu Lux TP, vu Sofrida, huet seng eege Gesellschaft Beta Aquarii SA a genéisst déi zaart Säiten vum dolce far niente. La politique mène à tout, sous condition d’en sortir à temps!
Kontaktéiert gouf och d’Komerodin Paulette Lenert a si hätt net kategoresch Nee, Merci gesot. D’Madamm wier deemno net ofgeneigt, d’Partei als Presidentin ze dirigéieren an als Spëtzekandidatin an d’Walen ze féieren. Duerchaus eng fatzeg Iwwerraschung, ëmsou méi wou déi leschten Zäit d’Echoen éischter an déi entgéintgesate Richtung goungen, datt nämlech d’Paulette Lenert d’Bengele bei d’Tromm déit geheien, d’Politik un den Nol hänken. Firwat sollt d’Madamm et awer net probéieren? Schliisslech huet déi Zort Revival jo bei der CSV mam Luc Frieden geklappt!
Eng an d’Akaul fir de Franz Fayot wär et allemol. Dee fréiere Wirtschaftsminister huet Jore laang méi ewéi

unknown author
däitlech gewisen, datt hien vun deenen Décken net vill hält: wann d’Patronat op deen een oder aneren Event invitéiert hat, wore reegelméisseg d’Tzozialisten net do. Mam Franz Fayot hat d’lëtzebuerger Ekonomie déi remarkabel Spezifizitéit, e Selbstläufer ze sinn; Éischthëllefscoursen aus der Politik waren éischter rare geséit. Verschidde Kreesser vun der LSAP wëllen dat Bild vun der Partei redresséieren a sech zeréckmellen an déi politesch Mëtt.
Et handelt sech den Ament ëm Traktatiounen, wou net sécher ass, wien un de Ficellen zitt. Kee wëll eppes dozou soen, weder wat de Personalkarussell nach wat déi ideologesch Orientéierung vun der Partei betrëfft; jiddereen awer ass beflass fir ze betounen, datt d’Genossenschaft an enger konsequenter a konstruktiver Oppositioun ukomm ass. Wat natierlech riicht an d’Gesiicht gelunn ass, well nach déi lescht Woch gouf de Ben Streff bekannt, als President vum Bezierk Osten opzehalen an och als sougenannte Wahlmanager. Ursaach: d’Flemm!

Vun deem Mann hat een bis dato näischt bis net vill héieren, ma hien ass der Meenung, datt déi sozialistesch Oppositioun ze blatzeg ausfält. All Respekt! Hien ass domadder bis ewell deen Éischten an Eenzegen, fir an der Ëffentlechkeet déi politesch Aarbecht vu senger Partei net gutt ze fannen. Kee Konfetti, virun allem net fir d’Fraktioun, a scho guer net fir d’Cheffin Taina Bofferding. Op RTL sot hien ënnert anerem: Als Juso-Presidentin wär d’Taina Bofferding offensiv a progressiv gewiescht. Elo misst een an d’Offensiv goen an eng kloer Sprooch schwätzen. Aneschters ausgedréckt: d’Genossin ass eng Schlofmutz, geet net genuch an d’Attack a virun allem, bréngt et net fäerdeg, datt Partei a Fraktioun deen nämmlechten Tango danzen.
De Problem ass allerdéngs och ganz einfach mënschlecher Natur. D’Soozen hu Joerzéngte laang hir Zockerwäffelcher an enger CSV-Regierung gebak, duerno 2 Legislativen zesumme mat Demokraten a mat Gréngen; an där Zäit sinn de part et d’autre Frëndschaften entstanen, wat dozou féiert, datt et engem Deputéierten duerchaus ka schwéier falen, e perséinleche Frënd politesch schaarf unzegräifen. Gëschter top, haut flopp?
An der Politik ass et net ze recommandéieren, ze vill Frënn ze hunn. Si kënne scho bei der nächster Kéier als Feind op ee laueren….
Mussen déi vun der “Sozialistescher Abbeiterpartei” (wéi de Maître Vogel déi NET-Aarbechterpartei “ver”nannt hat) rëm bei déi “al” wulle goen, fir sou eppes wéi “Perséinlechkeet” oder Charisma als “Leader” vun enger Chaos-Trupp ze fannen, déi sech an der Oppositioun ganz a guer net erëmfënnt? An de Sieur Streff hat mat senge perséinlechen Téin vun der Résignatioun dach nëmme recht, senger Enttäuschung ëffentlech Loft ze verschafen. – Chapeau fir säi Mutt iwwregens, fräi nom Bert Brecht: Souvill ass gewonnen, wann een opsteet an NEE seet! Datt dat gewësse Leit déif getraff huet, wonnert net – cf. dem Här ENGEL seng entspriechend Reaktioun vun haut de Moien. Och säi Verglach mat enger Footballsequipe war zwar inhaltlech richteg, awer Stand haut am Kontext Zoustand vun der Partei total dernieft, well a senger Partei ass keen Teamgeescht no baussen z’erkennen – bien au contraire! Do ass et dach evident, datt do jiddereen an där Fraktioun seng eege “Positioun” spillt , de Ball léiwer leng spillt a vun Teamgeescht näischt no baussen dréngt – och wann do wierklech gutt Leit ënner der Fuchtel vun enger Selbstdarstellerin a mimosenhaftem Modepüppchen agéiere mussen, déi a falscher Position – am Abseits – “dirigéiert” – déi awer no baussen jo nëmmen net kritiséiert duerf ginn an déi vum Sieur Streff berechtegterweis medial “getadelt” gouf, , sou ass déi Partei, déi sech an der Oppositioun verluer huet, dach awer an enger eeschter Kris! Wann ee sou laang gewinnt war, Regierungspartei (gewiescht) ze sinn, haut an der Oppositioun dat alles kritiséiert, wat een sou mat verbockt huet, sou brauch ee sech och net driwwer ze wonneren, wann dat elo och intern färrem opfällt a seng Konsequenzen no baussen huet! Ob dat mat engem Georges Engel un der Spëtzt vill besser geet, ass eng Fro, déi d’Parteimemberen sech selwer musse beäntwerten. A jo, wéi den Här Kaiser ganz richteg schreift, wär eng personell Iwwerraschung un der Parteispëtzt, déi der Partei mol rëm eng Vitaminsprëtz a puncto “Teamgeescht” a besonnesch ee sozial-ekologesche Push kéint vermëttelen, dee ganz nëtzlech kéint sinn, jo da géif déi Partei eng fir eis politesch Landschaft esou wichteg Renaissance erliewen – am Kampf géint neoliberal Kreesser an Intressevertrieder vun CSV an DP a géint déi rechtslasteg ADR. Déi S-Partei , déi sech éierlecherweis misst “Sozialdemokratesch Partei” nennen, hat an huet gutt Leit , och an där zweeter an drëtter Rei ! Huelt déi w.e.gl. mol eescht a loosst déi mol bäi, d’kann iech nëmmen hëllefen! Dat war och vLäicht de Message vum Ben Streff, deem ee sech sollt proaktiv stellen!