Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Innepolitik

Dem Bettel säi Poker 

Dem Bettel säi Poker
Image par david-k de Pixabay

Déi ganz Europäesch Unioun huet sech confinéiert, ass fir déi zweet Well vun der Pandemie am lockdown. Déi ganz Unioun? Neen! Ee Land resistéiert. Zu Lëtzebuerg geet d’Liewen gréisstendeels weider, wéi wann näischt wier. An dat huet enorm positiv Auswierkungen op eis Ekonomie.

Wourunner kee geduecht huet: mam lockdown an eisen Nopeschlänner, virun allem mat der schaarfer Ausgangsspär an der Belsch an a Frankräich kommen iwwer de Weekend d’Leit vun doiwwer fir eng Visite vun e puer Stonnen op Lëtzebuerg. On va faire un p’tit tour au Luxembourg une fois? Schonn fir den zweete Samschdeg hannerteneen konnten sech d’Geschäftsleit dem Akafsdrang vun den Auslänner kaum erwieren. Samschdeg am Nomëtten war d’Groussgaass schwaarz vu Leit. Och an den Akafsgalerien waren d’Geschäfter gutt gefëlt, et geet eben stramm op Chrëschtdag duer. An de Kleeschen nëmmen net vergiessen!

Grad esou wéineg kënnen sech Café a Restaurant beschwéieren. On a bien travaillé, heescht et vun der Plëss d’Arem, virun enger Stater Pizzeria stoungen se Schlaang. Esou eppes hat ech zanter Joer net méi gesinn. Wann dat esou unhält, sinn d’Perten aus dem Fréijoer zu engem Deel nees guttgemaach.

Wann, wann! Den Normal-Lëtzebuerger stellt sech d’Fro: wéini kënnt de lockdown och zu Lëtzebuerg? Oder ass alles fakenews, wat aus eiser Grenzregioun eriwwer kënnt? A well d’Belsch, d’Fransousen an déi Däitsch sech esou dichteg bei sech doheem infizéiert hunn, misst et just eng Fro vun der Zäit sinn, bis bei eis d’Zuel vun den Infektiounen an d’Luuchtt schéisst. Déi Zuel ass souwisou elo schonn guer net schlecht: héich gerechent op Frankräich hätte mir gëschter 55.000 Neiinfektioune gehat!

Dramatesch wär et, wann d’Situatioun sech géing an 10 Deeg zouspëtzen, mat engem gepefferten lockdown kuerz virun deene Feierdeeg. Dat wär fir Bettel a Co de Supergau! De Staatsminister pokert – zesummen mat der Gesondheetsministesch- also ganz héich. Geet alles riicht aus, seet de Commerce, soen Land a Leit him Merci. The winner takes it all! Geet et awer schiif aus, ass d’Roserei vum Vollek net ze bremsen. E lockdown am Dezember ass sech schwéier virzestellen, ëmsou méi, wou deen eventuell hätt kënne verhënnert ginn!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *