Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Innepolitik

De fuerweg gepinselten Aveu vum Charel Margue 

De  fuerweg gepinselten  Aveu vum Charel Margue
Image par Alexandr Ivanov de Pixabay

besser spéit wéi ni! De President vun der parlamentarescher Justizkommissioun, de gréngen Deputéierten Charles Margue gëtt an engem Artikel am Tageblatt (20.01.20) zou, datt et e grousse Probleem gëtt bei Parquet a Police, wat déi verschidde Fichier betrëfft. Mä, de gudde Mann hëllt all d’Fuerfpinselen eraus, fir d’Saach schéin ze fierwen! Elo gëtt esou gemaach, wéi wann ee vun Ufank un sech der Dramatik vun der Situatioun bewosst war, datt een vun Ufank unn d’Saach ënner Kontroll hat. Dat, wat ech am Abrëll zejoert als éischte geschriwwen hat http://3.127.214.33/letzebuerg-a-kgb-zaiten/ gouf als bëlleg  Polemik ofgestempelt. De Charel seet zwar, datt den Dateschutz him vill Kappzerbrieches gemaach hätt, wéi hien nach fir de Meenungsinstitut TNS-ILRES geschafft hat, ma hie seet net, datt hien dat Kappzerbrieches vergiess hat, wéi hien als Gréngen op de Krautmaart gewiesselt wor. Dat liest sech dann esou: “ Nachdem ein Kandidat für einen Posten bei der Staatsanwaltschaft während des Einstellungsgespräches mit leichten Verfehlungen konfrontiert wurde, die nicht einmal zu Verurteilungen führten (Verkehrsdelikte und eine Schlägerei), stellte dieser sich berechtigte Fragen“. A weider:” Die beiden Minister Bausch und Braz reagierten mit einem Verteidigungsschreiben an die Presse, die  Staatsanwaltschaft versuchte sich während Pressekonferenzen zu rechtfertigen”.

Dat ass politesch “Schönfärberei!” Et huet zig Kommissiounssëtzungen iwwer Wochen a Méint gebraucht, bis d’Asiicht vun der Majoritéit, absëns vun deene Grénge koum: “Gambia! Mir hunn e Probleem!”. Besonnesch de Parquet huet sech schwéier gedoen, seng Feeler anzegesinn. Et wor net esou, datt “schnell wurde klar, dass bei der diffizilen Frage des Datenschutzes in den Verwaltungen nicht mit Nachbesserungen gearbeitet werden konnte”, et sief, dat “schnell”, ob Lëtzebuergesch “séier/huerteg” kréich an de grénge Sphären eng nei Definitioun.

de grénge Kommissiounspresident geet och net op déi verschidde schrëftlech Interventiounen an (missiven éischter) vum maître Gaston Vogel, ouni déi d’Politik net wakreg gi wier- och net d’Oppositioun. An esou koum lues a lues un d’Dagesliicht – ewéi mam Drëpsenzielert-, datt ” 15.157 neue Dossiers wurden zwischen 2010 und 2019 jährlich neu angelegt, in dem gleichen Zeitraum wurden 176.550 jährliche Zugriffe auf das Archiv gezählt”. Eigentlech eng Ongeheierlegkeet, an dat an der kompletter Illegalitéit! Erstaunlech och, wéi laang d’Presse gebraucht hat, fir deen Thema ze entdecken!

Op alle Fall soll d’Zäit vum laienhaften Ëmgank mat Daten och beim Staat eriwwer sinn, an dofir si méi wéi just ee Gesetz noutwenneg! Zanter zwou Wochen geet et jo elo mol ëm den Dateschutz am Kontext vun der elektronescher Patientekaart.

 

 

 

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *