Recent Posts

Post Categories

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...

Blog Post

Finanzen

Abra-Abra-Cadabra! 

Abra-Abra-Cadabra!
Image by Maklay62 from Pixabay

Do gëtt et zanter 5 Joer de sougenannten Zukunftsfong. De “fonds souverain intergénérationnel”, eis national Mouk, den Apel fir den Duuscht an Zäiten, wou et wirtschaftlech net esou gutt  leeft. D’Dräierkoalitioun huet den absolutte Mérite, dee Fong, iwwer deen d’CSV laang diskutéiert hat, och tatsächlech an d’Liewe geruff ze hunn. Eigentlech hätt esou eng Reserve scho virun 20 Joer kënnen ugeluecht ginn, well déi lescht 2 Joerzéngten goung et dem Land – ausser der fatzeger Bankekriis- finanziell ëmmer excellent; regelméisseg koum et fir, datt d’Recetten fir de Staatsbudget ëm 10 bis 15 Milliarde Frang ënnerschat gi waren. Kompenséiert gouf dat dann allkéiers duerch vill Suen, déi an déi staatlech Investitiounsfongen gestach goufen, wouduerger d’Economie nach méi un d’Dréie koum. Elo hu mir also dee Fong, an deem geschaaten 265 Milliounen Euro misste gebunkert leien.

All Joer verséiert d’Regierung (Gramegna) 50 Milliounen an dee Fong, zanter dem Schaafen vum fsi also 250 Milliounen, plus d’Suen, déi duerch d’Plassementer vun deem Geld erakommen. Fir den exercice 2017 waren ëmmerhinn 6 Milliounen zousätzlech derbäikomm. Gutt geschafft! Mä, wat war dann do lass am

Image by Maklay62 from Pixabay

Joer 2018? Do muss sech wuel déck vergraff gi sinn am échantillon vun den Investissementer, well, et gouf eng Perte gemaach vun 8,5 Milliounen Euro! Dat ass schonn hefteg, an et verwonnert net, datt d’CSV-Männer Wilmes a Wiseler an deem Kontext mat enger question parlementaire kommen; a wéi kleng Spëtzbouwen froen si de Finanz- an och de Soziaalminister, wéivill Suen dann zousätzlch am Pensiounsdëppe fir dat nämmlecht Joer gemaach goufen. An desem fonds de compensation sinn 19 Milliarden an et ass normal, datt do d’Performance bedeitend besser ausfällt. Ma egal, et lount sech, de Verglach ze maachen, ween wou wéivill investéiet huet a wat et erabruecht huet. Schlisslech huet et keen Zweck, all Joer 50 Milliounen aus der Staatskees eriwwerzehuelen an dee Fong, fir dann do d’Suen ze schmëlzen ze loossen, wéi de Botter an der Sonn. 50 Milliounen d’Joer ass och net besonnesch vill, besonnesch déi lescht 2 Joer, wou et wirtschaftlech excellent gebrummt huet. 50 Milliounen ass allemol manner, ewéi eis den gratis ëffentlechen Transport kascht! Allerdéngs kritt een ëmmer méi dacks aus Wirtschafts- a Finanzkreesser ze héieren, datt den Optmismus dëst Joer misst gebremst ginn, d’Chifferen wieren net zum Allerbeschten!

 

 

 

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *