Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Ëmwelt

Jeannot Weber: Ass d’Natur am Bësch nëmmen nach e klengen Detail? 

Jeannot Weber: Ass d’Natur am Bësch nëmmen nach e klengen Detail?
Jeannot Weber

    

Laang Zäit war et selbstverständlech, datt vu Fréijoer bis Hierscht Rou an de Lëtzebuerger Bëscher geherrscht huet. An dëser Period goufe keng Beem gehaen, soudatt sech d’Natur ongestéiert entwéckele konnt.

An der Tëschenzäit ass dës Rou gréisstendeels verschwonnen. Ausgerechent an der Vegetatioun s Zäit ginn am Bësch grouss Bësch -Aarbechten duerchgefouert. Dobäi kommen schwéier Maschinnen – sougenannt Harvester – zum Asaz, déi bis zu 40 Tonnen weien. An nëmmen e puer Stonne kënnen dës Maschinnen op grousse Flächen Nole- Beem ëmleeën, Äscht oftrennen, d’Stämm zerschneiden an oftransportéieren.

D’Nole-Beem selwer si wéinst dem Klimawandel staark geschwächt. Doduerch huet de Borkenkäfer liicht Spill an zerstéiert déi monotone, kënschtlech ugeluechte Bestänn a kuerzer Zäit. Mëttlerweil gesäit een

Jeannot Weber

iwwerall ofgestuerwen Nole-Beem an de Bëscher zu Lëtzebuerg.

D’Fro stellt sech, ob et iwwerhaapt nach Sënn mécht, aus dësem zum Deel schonn ofgestuerwen Holz e klenge Gewënn ze zéien. Fir esou Aarbechten effizient duerchzeféieren, goufen an de leschte Joren mat Steiergelder vill nei Weeër am Bësch ugeluecht an ënnerhalen. Wéi de finanzielle Bilan hei ausgesäit, ass onkloer.

Et kann och sënnvoll sinn, bei Nole -Bestänn anzegräifen a Korrekturen ze maachen. Problematesch ass awer den Zäitpunkt:

Et bedeit ëmmer en déifgräifenden a schiedlechen Agrëff an den Ekosystem Bësch, Beem aus dem Bësch am Fréijoer oder Summer ze haen an  erauszehuelen. An der Vegetatiouns- Saison bezilt d’Natur am Bësch en héije Präis: Esou ginn

Jeannot Weber

Seejomeskéip zerstéiert, kleng Beem, Hecken an aner Vegetatioun ouni wirtschaftleche Wäert ginn massakréiert. Déi meescht a wichtegst Liewensformen am Bësch liewe am oder knapp iwwer dem Buedem. Si spillen eng entscheedend Roll fir d’Entstoe vun engem gesonden a resistenten Ekosystem. Wa mir dës Liewens formen ignoréieren, verléieren d’Strukture vum Bësch hiren natierlechen a funktionellen Wäert.

Besonnesch paradox ass d’Lag am Verglach zur oppener Landschaft: Laut Naturschutzgesetz däerfen do vum 1. Mäerz bis den 1. Oktober keng Beem oder Hecken geschnidde ginn. Am Bësch dogéint ginn grad an dëser Zäit esou natierlech Liewensraim massiv gestéiert oder zerstéiert. Datt ausgerechent eng Natur Verwaltung,

Jeannot Weber

déi soss oft ganz strikt a pedantesch optrëtt, hei d’Natur esou am Stach léisst, ass schwéier ze verstoen.

D’Ofstierwe vun de Nole Beem weist gläichzäiteg, datt d’Natur dobäi ass, mënschlech Feeler ze korrigéieren. Op villen ofgestuerwen e Parzellen entsteet därzäit op natierlech Aart a Weis eng grouss Diversitéit u Planzen, déi d’Basis fir en neien, méi gesonden a Natur noe Bësch kéint sinn. Amplaz dës natierlech Regeneratioun duerch  Ofholz Aktiounen ze ënnerbriechen, wier et méi sënnvoll, der Natur Zäit ze ginn, hir eege Prozesser ofzeschléissen.

Sou stellt sech zum Schluss d’Fro: Ass d’Natur am Bësch nëmmen nach e klengen Detail – oder zielt wierklech just nach dat, wat direkt e wirtschaftleche Gewënn bréngt?

Hei nach e Film doriwwer:

https://youtu.be/60roIBYaRJo?si=y2YfVPBQqNJBUaFr

Related posts

2 Comments

  1. Guido

    Der Mond und die Erde diskutieren.
    Sagt der Mond zur Erde : “Oh, du siehst aber schlecht aus”
    Diese Antwortet betrübt: “Ich habe Mensch”
    “Ah”, meint der Mond, “nicht so schlimm, das geht vorbei”

  2. Frank Bertemes

    Ganz richteg:Mir brauche just esou weider ze maachen, dann ass et esou wäit – “dann hat Mensch fertig” am Sënn vun engem bekannte Futtballtrainerzitat…
    Iwwregens mäi Respekt fir dem Här Weber säin Asaz a seng divers Bäiträg hei um Site.
    Leider schéngt et esou ze sinn, datt déi Verantwortlech sech häerzlech wéineg un all deenen ofschreckende Beispiler stéieren, wat besonnësch schlëmm ass. ‘t geet eeben net duer, wéi vill d’Bëscher schonn ze leiden hunn – cf. Nordstrooss-Tracé, extrem Wiederverhältnisser, diskutabel Ofholzungspolitik asw…, mä ‘t kann een d’Mëssstänn nach toppen, wéi den Här Weber et ëmmer rëm thematiséiert a beweist. Schued, ganz schued, wat hei am Ländchen alles sou ofleeft, wat deene meeschte Leit awer total egal ass-de Bezug zur Natur ass am Laf vun der Zäit , besonnesch awer an eiser digitaler Welt, ëmmer méi verluer gaang.
    Mä mir kréien d’Quittung duerfir..
    BRAVO Politik!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *