Recent Posts

Post Categories

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...

Blog Post

Aussepolitik

Soziaalen Dumping bei Jost Group? 

Soziaalen Dumping bei Jost Group?
image credits: Jost Group

Dat bleift ofzewaarden. De belsche Parquet hätt ordonnéiert, datt 300 Camion vun där Firma sollte saiséiert ginn. Schonn zejoert haten et Virwërf géint dës Firma ginn, well eng 1000 osteuropäesch Chauffeuren zwar an der Belsch schaffen, awer net nom belsche Recht agestallt sinn, also och kaum nom belschen Aarbechtsrecht verdéngen. Wat dorunner wouer ass oder och net, muss d’Justiz gewäerde gelooss ginn. Op alle Fall ass den Drock op deem marché enorm a mam “travail détaché” gëtt d’Situatioun net besser.

Bulgarien – wee wonnert et- ass am bëllegsten: do kritt e Chauffeur e Bruttogehalt vun 3636 Euro d’Joer, plus 11.550 € als indemnité de déplacement; Cotisatiounen ginn mat 673€ esou gutt wéi keng bezuelt. De Chauffeur kënnt op e Käschtepunkt vun 15.859 Euro fir e ganzt Joer!D’Bälsch par contre ass an dësem Beräich dat deierst Land an der europäescher Unioun: hei kritt de Chauffeur e Bruttoloun vun 31.428€ d’Joer, plus 8161 € Entschiedegung, well säi Liewe sech gréisstendeels op 4-8 Rieder ofspillt, an derbei kënnt dee ganz décke Batz vun 16.221 € u Cotisatiounen an der Belsch. Hei kascht de Chauffeur also de Patron 55.810 Euro d’Joer (source:l’Express 3527). Zu Lëtzebuerg verdéngt de Chauffeur ronn 8000 € brutto méi op e ganzt Joer gekuckt, mä, d’Cotisatiounen sinn am Verglach mat Länner wéi Belsch,Italien,Frankräich, Däitschland a Suenien spottbëlleg, soudatt de Grand-Duché just un drëttdeierste Plaaz kënnt am Verglach mat de Länner vun der EU.Den Drock ass also enorm an dësem Secteur! D’chauffeuren mussen zwar en Attest hunn, wa si iwwer d’Grenzen eraus- fueren, ma d’Kontrollen sinn éischter rare; an och, wann um Dokument d’Pei schwaarz op wäiss geschriwwe steet, esou ass et net onbedéngt gesot, datt de Chauffeur déi Suen och tatsächlech erauskritt. Den “l’Express” schreiwt vun 900.000 “chauffeurs détachés”, an dat wier ëmmerhinn dat Duebelt vun deem, wat de franséischen Transportsecteur iwwerhaapt hirgëtt.Ouni wollen der Firma Jost iergendeppes z’ënnerstellen – d’Justiz geet hire Wee-, ass et kloer, datt esou grouss Lounënnerscheeder net grad gutt sinn an Zäiten, wou d’Skepsis vis-à-vis vun der europäescher Unioun zouhëllt!

 

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *