Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Justiz

Séparation des pouvoirs, d’Basis vun der Demokratie 

Séparation des pouvoirs, d’Basis vun der Demokratie
wikipedia

D’Procureur général d’Etat Martine Solovieff geet a 4 Méint an d’Pensioun. Si war e leschte Samschdeg Invitée an der RTL-Emissioun Background a si huet do hier Kriticke gutt lafe gelooss, nom Motto: mir kann keiner. Dem Inneminister Leon Gloden säi Platzverweis läit hir uewen. Dat ass hiert demokratescht Recht, an awer! RTL ka jo elo higoen an den Inneminister an déi nächst Emissioun invitéieren, a wann de Léon Gloden dann d’Retourkutsch aus dem Stall hëlt a seng politesch Iwwerleeungen zu der Madamm Solovieff lassléisst, dann ass – Wetten,dass!- d’lëtzebuerger Politwelt ze kleng.

Trennung vun de Staatsgewalten géif et dann heeschen! Net zu Onrecht. Wéi Stalin-Uergele géif déi gesamt politesch Klass an och d’Zivilgesellschaft op de Mann balleren, bis datt hien sech fir dee faux-pas entschëllegt! An hei? Nix! Dobäi hätt een als Journalist(in/*) eng konkret Upak gehat, wéi d’Madamm Solovieff sot, si géing sech en negativen Avis vum Staatsrot a Saache Platzverweis erwaarden. Wouhier weess si dat?!

Bon. Do kann ee soen, Lëtzebuerg ass net esou grouss, et leeft een sech iwwer de Wee, et kennt ee sech, et war een an der Jugend zesummen an enger Schoul asw. Et ass also näischt Aussergewéinleches, wann een e klengt Geheimnis gewuer gëtt. Mam Ënnerscheed, datt an dësem Fall d’Procureur hätt sollen de Mond halen, dat politescht Geheimnis fir sech behalen. D’séparation des pouvoirs gëllt net nëmmen fir déi eng Säit.

Ech si mir duerchaus bewosst, datt een als Moderateur vun esou enger Emissioun kann iwwerrascht ginn, datt een sech nom Live-Gespréich bewosst gëtt, datt een et hei an do hätt kënne besser maachen. Mä et ass ni ze spéit, eppes nozehuelen an dann déi richteg Froen ze stellen. Och zum Beispill wat d’Kriminalitéit op der Gare ubelaangt.

Do liest een an der Press, datt wuel Delinquenten – an der Haaptsaach där, déi mat Pudder handelen- festgeholl ginn, ma datt déi Betraffen méi dacks réckfälleg ginn ewéi virdrun. Engersäits ass et normal, datt wann d’Zuel vun den Arrestatiounen eropgeet, deen Ament och d’Recidiven an d’Luucht ginn; anerersäits ass vun der Press eng Etapp. vergiess ginn. De Polizist hëlt d’Persoun fest a geet mat hier op Kommissariat a bei de Riichter. Méi net!

An et ass de Riichter, deen den Delinquent, den Drogenhändler nees lafe léisst, entweder well keng Plaz an de Prisongen ass oder well de geplote Riichter souwisou scho genuch Dossieren huet. Op säin Uerder setzt de Polizist da frustréiert de klenge Brigang an d’frësch Loft. Wéi wär et, wann d’Press dem Inneminister géing de Micro virun d’Nues stellen, fir hien doropper unzeschwätzen. Jeenodeem géing deen dann d’Magistratur kritizéieren: schlecht Organisatioun, wéineg Aarbechtsmotivatioun, ze vill Schoulvakanzen asw.

D’Madamm Solovieff hätt dann fir hier lescht 4 Méint nach eppes Klengs opzekieren. Pardong? Wat sot Dir? Ah jo! Séparation des pouvoirs!

Related posts

2 Comments

  1. Kapgen

    Exzellent merci fir desen Kommentar!

  2. Steve Defays

    Mme muss jo hiert politescht Feld virbereeden. An elo huet se nach déi Medial Opmierksamkeet.
    Parteikaart huet se warscheinlech och schonn.
    Mme sollte maachen nodeems Sie an der Pensioun wier.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *