Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Innepolitik

Regierungsremaniement 

Regierungsremaniement
www.gouvernement.lu

 

Datt de Felix Braz no sengem Häerzinfarkt net esou séier géing zeréck an d’Politik kommen, gouf een déi lescht Woch tëscht den Zeile gewuer, wéi ënnert deene Gréngen d’Diskussiounen ugefaangen hunn iwwer seng eventuell Successioun an der Regierung. D’Initiativerecht läit kloer bei hinnen, si mussen fir den (wahrscheinlech) näechste Regierunsgrot deenen zwee anere Koalitionären a besonnesch dem Premier Bettel eng Propose op den Dësch leeën. Do héiert ee vill, an dacks Inkohärentes oder Widderspréchleches. Et zeechent sech dat heiten of:

Vu vir eran war kloer, datt d’Sam Tanson géing d’Justiz iwerhuelen, schliisslech huet si droit geléiert. An dat schéngt zu dësem Ablack och gebongt ze sinn, ëmsou méi, wou si de Ministère vun der Kultur däerft behaalen, deen hir besonnesch um Häerz läit. Si  géing par contre de Logementsministère verléieren, aus deem einfache Grond, well et einfach ze vill ass, dräi Ressorten zugläich ze geréieren. An esou nierwebäi wäert d’Madame Tanson näischt dergéint hunn, de Wunnengsbau dierfen ze verloossen, mat deem et schwéier ass, politesch e Krich ze gewannen.

 

am Tanson also zu dësem Ablack Justiz a Kultur. De Logement géif eriwwergoen bei d’Deputéierten Josée Lorsché.

wikipedia

Den Henri Kox géif neie Fraktiounschef vun deene Grénge ginn an de Roberto Traversini Vizepresident vun der Chamber. Bleiwt nach ze klären, ween den neie Vizepremier gëtt. Do left den Ament alles op de François Bausch eraus. Wat Sënn mécht: de Mann huet Erfahrung an der Regierung a gëtt och charakterlech gutt eens mam Premier; ëmmerhinn haten hien an de Xavier Bettel schonn am stater Schefferot eng Zäitchen zesummegeschafft.

Dat ass dat, wat ech bis dëse Weekend esou ze héiere krut. Mä, an der Politik ass ni eppes sécher, bis datt et schwaarz op wäiss um Pobeier steet. Also ofwaarden….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *