Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Innepolitik

Phantomas an der parlamentarescher Finanzkommissioun 

Phantomas an der  parlamentarescher Finanzkommissioun
chd.lu

 

eleschte Freideg war déi parlamentaresch Finanzkommissioun zesummen. Et gouf iwwer Verschiddenes gepotert, virun allem iwwer d’Pandora Papers, en Thema deen déi Lénk op d’Dagesuerdnung gesat an dowéinst och de Finanzminister Pierre Gramegna invitéiert haten. Dee Mann soll ganz detailléiert op d’Froen geäntwert hunn. D’Sëtzung war digital, also eng Viseo-Konferenz. Ma och fir dee Fall gëllen déi nämmlecht Bestëmmungen. Goufen déi korrekt agehalen?

Wann sech en Deputéierten viru säi Computer sëtzt fir an enger parlamentarescher Kommissiounssëtzung ze participéieren, da muss hien eleng do sëtzen. Keng aner Persoun däerf an deem Raum sinn! A wann, da muss hien dat am viraus ufroen. Zum Beispill hunn d’Vertrieder vun der Majoritéit reegelméisseg en Attaché(e) bei sech, dee sech drëm këmmert, fir de Rapport vun der Reunioun ze schreiwen. Déi Persoun gëtt dann och am Bild gewisen, hiren Numm gëtt ageblennt.

D’Madamm Nathalie Oberweis schéngt dat allerdéngs net esou genee geholl ze hunn. Majoritéits- an och Oppositiounsvertrieder rapportéieren, datt de Kommissiounspresident André Bauler huet mussen intervenéieren. Wärend engem längeren Exposé vum Minister hätt d’Nathalie Oberweis stänneg gebabbelt, kuerz eng Fro dem Gramegna gestallt a weider gebabbelt – ouni allerdéngs datt eppes ze verstoe war. Selbstgespréicher?

3Deputéierten sinn sech sécher. Do souz eng aner Persoun am Raum vum Nathalie Oberweis, net fir mat hier iwwer Herrgottswaasser iwwer Herrgottsland ze schwätzen, ma fir d’Volleksvertriederin am Ausquëtschen vum Minister a Saachen Pandora Papers Lëtzebuerg inhaltlech ze begleeden.

Den André Bauler ass zwar aus dem Éisleck, ma dofir net hannert der Heck gepléckt. Hien huet an d’Sëtzung agegraff an d’Madamm Oberweis zurecht gewisen. Déi huet sech entschëllegt, mat der Ausried, et wier just kuerz een erakomm. Dat gleeft een oder éischter och net. Ob déi Persoun duerno de Sall verlooss hat, entzitt sech dem André Bauler senger Kenntnis. Op alle Fall war duerno Funkstille.

An esou geeschtert de Phantomas weider am Kapp vun esou munchem Deputéierten…

30. November um 10 Auer 10: dësen Text gouf bäino 1000 mol gelies, an et goufen dozou e puer Commentairen op facebook. Dorënner deen, datt de Journalist Luc Caregari déi Persoun soll gewiescht sinn, déi d’Madamm Oberweis an där Viseo-Konferenz assistéiert hätt. Den Här Caregari dee selwer vill am Dossier vun de Pandora Papers mat recherchéiert huet, seet sech entsat. Esou eng “Amëschung” géing him am Dram net afalen. Hien dementéiert formell!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *