Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Gesellschaft

Nationalunioun während der Kris- och matt der Press? 

Nationalunioun während der Kris- och matt der Press?
Image par Gerd Altmann de Pixabay

oppositioun a Majoritéitsparteien halen zesummen, op d’mannst wat de Krich géint de Virus betrëfft. Dat nennt sech UNION NATIONALE. An enger ähnlecher Situatioun ass d’Press: si gëtt d’Informatioune vun der Regierung weider un hir Lieser an Nolauschterer. Dovir ass si och do, ma eng Press, déi glat a guer keng kritesch Froen iwwer d’Regierungsaarbecht stellt, riskéiert séier zu engem “Hurra-Journalismus” ze verfalen. De Christophe Bumb vun reporter.lu schreiwt: Man sollte kritisch und balanciert berichten, auch und besonders in der aktuellen Krise. Dazu gehöre auch, dass man positive und negative Aspekte des Krisenmanagement der Regierung offen ansprechen sollte.

Déi politesch Union Nationale besteet ënner anerem doranner, datt d’Parteien sech d’Wuert goufen, op d’mannst den Ament keng onnéideg parlamentaresch Froen ze stellen, fir de Regierungsapparat net zousätzlech ze belaaschten. Dat gëllt fir déi verschiddenst Beräicher, ausser fir de Corona-Virus. An deem Kontext kënnt d’CSV haut mat esou enger parlamentarescher Fro, wou d’Press kéint virwëtzeg ginn.

Eist Land mécht vill Corona-Tester! Bis en Dënschdeg waren et iwwer 24.000 Stéck. Mir sinn houfereg dorobber. D’Press iwwerhëlt den aktualiséierte Chiffer allkéiers zesummen mat den neie Statistiken iwwer d’Neiinfektiounen. Dat ass richteg esou: et ass informativ an dréit grad an de leschten Deeg zur Berouegung bäi an der Populatioun. Déi gréissten Oppositiounspartei kënnt elo allerdéngs mat enger Partie Froen ronderëm dës Tester, an zwar spezifesch wat déi sougenannten drive-in-Tester betrëfft.

Verschidde vun deenen Tester wieren zu Lëtzebuerg entwéckelt ginn. D’Deputéierten Laurent Mosar a Gilles Roth froen Detailer wat d’Approbatiounsprozeduren ugeet, an zwar am Verglach tëscht Lëtzebuerg an dem Ausland. Virun allem awer froen si, ob d’Ministesch kéint ausschléissen, datt esou Tester gemaach goufen “en méconnaissance de la procédure applicable“. Also mat der Scheierpaart gewénkt, do wieren eventuel illegal Tester gemaach ginn!

Wat déi zwee Deputéierten net froen, ass d’Fiabilitéit vun esou Tester. Kann et sinn, datt Leit negativ getest goufen, an nawell de Virus haten? Respektiv ëmgedréit, kee Virus, ma e positivt Resultat? Am Stress ronderëm d’Pandemie war alles e bësselchen Hoppelahopp gaangen….

natiirlech setzt sech de Journalist mat senge Froen der Gefohr aus, entweder e Populist ze sinn – wat net als Luef soll interpretéiert ginn- oder awer wëlle Panik ze maachen. De Christophe Bumb schreiwt hei vun “Totschlagargument”. Dobäi si mir zu Lëtzebuerg, ofgesinn vun enger eenzeger Publikatioun, vun där Zort Panikjournalismus ëmmer verschount bliwwen. Eigentlech gëllt bei eis just de Géigendeel: de Journalist huet de Virworf, Panik wëllen ze maachen, permanent bei sech am Genéck sëtzen, sou datt hien dacks léiwer Allerweltsfroen stellt, ewéi déi, déi d’Vollek tatsächlech interesséieren.

An dat féiert gären zum “Verlautbarungsjournalismus” (reporter.lu): d’Press iwwerhëlt d’Kommunikatioun vun der Regierung ouni si kritesch ze hannerfroen. Dat eent ass Kölnisch Wasser, dat anert Chanel! Dobäi verzichten ech gären op Biller a Photo aus enger Intensivstatioun!

Related posts

1 Comment

  1. Mario Dichter

    Es ist die Seuche eines neuen Tests!

    https://nues-am-wand.lu/covid-19-die-seuche-eines-neuen-tests/

    “Nehmen Sie den Test weg und alles ist wie vorher”, sagt (sinngemäß) der Kieler Internist Dr. Claus Köhnlein.
    Warum wird das von der Presse nicht thematisiert?
    Nur die “Infizierten” (gemeint sind Test-Positive) und die (ebenfalls Test-Positiven) Toten zu zählen, reicht nicht aus und wird dem Auftrag der Medien nicht gerecht, sondern ist im Gegenteil nichts weiter als armselige Hofberichterstattung!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *