Recent Posts

Post Categories

Mutig! Ein Kommentar zur neuen Parteispitze der LSAP von Frank Bertemes 
Gleicht das neue Duo an der Spitze der LSAP wirklich einer Kapitulation der stärksten Oppositionspartei wie ein Kommentar eines Wort-Journalisten...
De Kriibsgang bei der LSAP geet weider 
Iwwerraschungsgackelchen virun Ouschteren bei de Genossen! D’Paulette Lenert ass un engem Posten am Staatsrot interesséiert. Dat kann een duerchaus novollzéien,...
De Xavier Bettel zaubert dem Senegal d’Entwécklungshëllef ewech 
De Premier aus dem Senegal war kierzlech op Aarbechtsbesuch zu Lëtzebuerg. Säi. Land gëtt vun der lëtzebuerger Entwécklungspolitik prioritär behandelt....
Fueren d’Gewerkschafte (weider) Kutsch mat der Regierung? 
“Kann et eppes Klengs méi sinn?”. Déi Fro kritt een normalerweis beim Monni Metzler ze héieren, ma si applizéiert sech...

Blog Post

Gesondheet

Mécht Sport net och krank…wéinstens am Kapp? 

Mécht Sport net och krank…wéinstens am Kapp?
image crdits:pixabay

Daer Deeg goung ech eng éischte Kéier zanter 40 Joer mol nees engkéier laafen. No 10 Joer Paus wëll ech erëm Schi fuere goen, a matt 63 Joer bauen d’Muskelen sech net vum selwen op! Ei! Wat huet dat wéi gedoen! Net nëmmen d’Longen hu gepaff wéi Stalinuergelen – schliisslech goungen 292.000,5 Zigaretten an där Zäit d’Strass erof-, ma och d’Wueden an dat Déckt vum Been hu gequiitscht a sech opgeblosen wéi e Loftballong. An iwwerdeems ech mech gepéngecht hunn, eng Köppchen eropzekommen, gouf ech dobäi vun engem roude Schleek iwwerholl. Dat gouf et fréier net! Darwinismus pur!

Egal. Ech gi weider laafen, als Schihues wëll een sech jo net ze vill blaméieren. Ass dat gutt fir d’Gesondheet am Kapp? Net onbedéngt! Hätt ech kee Sport ugefangen, da wär et mat menger Gesondheet duerchaus duergaangen, all Moies während zwou Stonnen Zeitung ze liesen an duerno an de Bicher ze kromen, bei der Spull ze hëllefen an de Wues ze méien. Elo awer weess ech: an de leschte 40 Joer bass du tatsächlech e ganze Strapp méi aal ginn…an d’Jugend kënnt trotz dem Sport net méi erëm. Dat esou däitlech gesot ze kréien, dat hätt net musse sinn!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *