D’Iddi kléngt no Fräizäit, Freed a Sécherheet: Am Summer ginn eenzel Landstroossen e Weekend laang fir den Autosverkéier gespaart, fir datt Vëlosfuerer, Foussgänger an net- motoriséiert Bierger d’Strooss fir sech hunn. Mä d’Realitéit gesäit leider anescht aus – an et ass just eng Fro vun der Zäit, bis et zu engem schwéieren Accident kënnt, bei deem, wéi sou dacks, de Vëlofuerer d’Affer ass… duerch en Auto.
Vëlosummer: Verspriechen a Wierklechkeet

All Summerwoch ginn zu Lëtzebuerg Strecken ausgeschëldert, déi fir ee Weekend komplett fir den Autosverkéier gespaart sinn. Beléift Beispiller sinn:- vu Jonglënster duerch de Mëllerdall op de Grondhaff- vu Mamer iwwer Koplescht op Schëndels- vu Miersch iwwer den Hunnebuer op Huelmes …asw… asw. Hei soll ee fräi a sécher mam Vëlo oder zu Fouss ënnerwee sinn – ouni Drock, ouni Kaméidi, ouni CO2, ouni Gefor.
D’Realitéit um Terrain

Trotz kloer ausgeschëlderte Circulation interdite-Schëlter an temporäre Barrièren fueren ëmmer erëm rücksichtlos Chaufferen iwwer dës Strecken. Si ignoréieren net nëmmen de Code de la Route an d’Verbuetsschëlter, mee bréngen d’Cyclisten an akut Gefor – virun allem a Kéieren an op oniwwersiichtleche Plazen. Och e leschteWeekend, genee wéi an de Wochen virdrun, koum et ëmmer erëm zu Zwëschefäll, wou Autoen a Motorrieder op eemol viru Vëlosfuerer opgedaucht an geféierlech Situatiounen entstaanen sinn.

Wou d’Mesuren versoe – A wéi et besser kéint goen

D’Ofspärung eleng geet net duer. Ouni permanent Kontroll duerch Police oder aner Autoritéiten verléiert de Vëlosummer seng Sécherheetsgarantie. Eng Barrière ass näischt wäert, wann een se einfach ëmfuere kann. E Circulation interdite-Schëld ass näischt aneschters wéi e Stéck Blech, wann et ouni Konsequenzen ignoréiert ka ginn. Zanter Wochen gesäit ee wéi gesot, op de verschiddene Vëlosummer-Strecken ëmmer erëm dat selwecht Bild: Autoen, déi einfach duerchrennen, well kee kontrolléiert. Fir eng Initiativ, déi vu Joer zu Joer méi populär gëtt, bräicht een leider:- konsequent, physesch Ofspärungen, déi keen Auto duerchloosse- reegelméisseg Kontroll duerch Police oder aner Autoritéiten- kloer Sanktiounen, déi och duerchgesat ginn. Am anere Fall ass et eng Lotterie, wéini de nächste Vëlofuerer d’Affer vun engem motoriséierte Rowdy gëtt. Dës Mesurë si leider néideg, well „Opklärung“ eleng näischt bruecht huet – am Géigendeel: déi, déi sech u kee Gesetz halen, fillen sech esouguer nach bestätegt, well se ouni Konsequenzen duerch Verbuetsschëlter rennen kënnen. An dat gëllt net nëmme fir de Vëlosummer.

Net waarden, bis et ze spéit ass
De Vëlosummer ass eng exzellent Iddi – en Aktivitéitsraum fir Fräizäit, Gesondheet a Klimaschutz. Mä Sécherheet muss Prioritéit hunn. Soss verléiert déi flott Initiativ net nëmmen hier Ziler, mee och d’Vertraue vun de Leit. Et dierf net gewaart ginn, bis d’Kand am Pëtz“ läit.