Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Gesellschaft

Manner Stroumverbrauch: wéi ass et mam Geliits? 

Manner Stroumverbrauch: wéi ass et mam Geliits?
Photo de Eneida Nieves provenant de Pexels

Virun 8 Joer huet déi Europäesch Kommissioun ënner dem Jean-Claude Juncker d’Iddi vun der sougenannter Spuerbir lancéiert. Also eng Luuchtebir, déi manner Stroum brauch fir exakt déi nämmlecht Hellegkeet ze erreechen. D’Roserei am Vollek war grouss, zum Deel aus verständleche Grënn: et wollt een sech net esou séier vun där klassescher Bir trennen, ëmsou méi, wou d’Produktioun a virun allem den Offall vun där Energiespuerbir a Punkto Ëmwelt äusserst bedenklech ass. Och ech hat deemools de Spunnes gedriwwen.

Duerch de Krich an der Ukrain gouf a gëtt d’Energie méi deier. Duerch dee Krich gouf stënterlech kloer, datt vill europäesch Länner zu engem ganz groussen Deel a Punkto Energie ofhängeg sinn vum Ausland. Däitschland zum Beispill hänkt zu 60 Prozent vun de russesche Gasliwwerungen of. Dat war zwar schonn virdru gewosst, ma esou laang alles gutt leeft, gëtt bekanntlech näischt a Fro gestallt. Elo gëtt sech op d’Sich no neie Liwwerante gemaach a parallel leeft d’Diskussioun: wéi kann ech Energie spueren?

Statistesch gesinn ginn laut CREOS an engem Stot just 10 Prozent vum Stroumverbrauch fir d’Geliits drop.

Photo de Pok Rie provenant de Pexels

Et kann een also maximal 10 Prozent aspueren. Net onmoosseg vill! D’Stroumfrësser sinn Spull- a Wäschmaschinn, Heizung. Ëmweltverbänn waren direkt do fir mech ze beléieren, datt 10 Prozent awer dach vill wier. Wat Quatsch ass. Wann ee wierklech wëll op déi 10 Prozent kommen, bedeit dat näischt aneschters, datt een doheem ni eng eenzeg Luucht umécht. An anere Wieder, et tierkelt een Owes tëscht Kichen a Stuff, et trëllt een iwwer Stull an Dësch. Dat mécht keen. Also eng Illusioun am Käerzeliicht vun enger Ideologie?

Dovunner ofgesinn, datt een ëmmer méi dacks Luuchte kritt, déi mat Spotte funktionéieren, also Halogen-Luuchten, wou een – op d’mannst déi Zäit- glat a guer näischt konnt aspueren. Déi theoretesch 10 Prozent kéint een also fifty-fifty andeelen: eng Halschecht wou ee kann Spuerbiren asetzen, déi aner Halschecht, wou een héchstens mat engem Dimmer de Verbrauch kann erofsetzen.

Eng Energiespuerbir vu klasseschen 25 Watt consomméiert 6 Watt, also e Véierel. Schéin! Vun deene 5 Prozent Spuerpotenzial am Total géingen der 3,75 iwwreg bleiwen. Ass dat wierklech vill?

“…an nawell ass e mea culpa ubruecht…”

Wat ech virun 8 Joer ënnerschat hat: d’Europäesch Kommissioun huet mat där Decisioun vun de Spuerbiren dee ganze Secteur vun Osram & Co ënner Drock gesat. Den LED, deemools schlecht, ass haut quasi perfekt. Ech hu kierzlech Bire fonnt déi just 7 Watt brauchen fir 806 Lm, 7 Watt a Plaz vu 60 Watt. En Erspuernis vu ronn 12 Prozent! A si werfen och neierdéngs e waarmt Liicht of. Et gëtt keen Argument, si net ze kafen, ausser de Präis. Ma dee wäert an den nächste Joer erofgoen.

pexels-pixabay

Eng Chrëschtdagsdekoratioun mat 150 Birercher, tëscht 3 a 5,2 Watt! Dat ass tatsächlech Fortschrëtt. Also begréissen ech den Elektro-Auto, awer just an deem Sënn, fir Drock ze maachen op d’Automobilindustrie. Den Elektro ka just eng Tëschestatioun sinn, bis de Waasserstoff-Motor, respektiv d’Produktioun vum Waasserstoff um Top ass.

Ënner dem Stréch spuert een mam Geliits doheem allerdéngs maximal tëscht 3 a 5 Prozent. Dat ass ëmmer nach net déck! Besonnesch wann ee bedenkt, wéi vill elektresch Apparater nei op de Maart kommen, wéi zum Beispill d’Wäermpompel, déi di traditionell Heizung soll ersetzen. Wie gewonnen, so zerronnen! An anere Wieder: Lëtzebuerg muss an den nächste Joer massiv (Atom)Stroum importéieren…

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    En plus sin déi “Stroumspuerluuchten” och nach déier wéi e Schwäin. 7 Euro ass net ze héich gegraff, an sie fueren all Moment futti. Mir hun all Mount mindestens 1-2 Bieren am Haus ze ersetzen. Eng normal 100 Watt Osram oder Philips huet een matgeplënnert!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *